Earth Overshoot Day: Vun haut un liewe mer op Kredit
De Landwirt weess et, de Fëscher weess et de Konsument
De Landwirt weess et, de Fëscher weess et de Konsument
Konsum a Kultur vum Cannabis ginn ab dem 17. Oktober
[onionbuzz quiz-id=100][/onionbuzz] Kaum eng Associatioun, Organisatioun oder Entreprise ouni Ofkierzung.
Nodeems zu Lëtzebuerg 60.000 Spectateuren den nationale Superheld am Kino begeeschtert verfollegt hunn wäert de Superjhemp elo och op der anerer Säit vum Atlantik mam Ënnertitel „Superchamp returns“ lafen.
De Film gëtt donieft och um Cinefest Sudbury International Film Festival, dee vum 14. bis den 22. September zu Sudbury an der kanadescher Provenz Ontario, presentéiert.
No engem Joer Gedold bestätegt Samsa Film, datt de jéngste Film iwwert de Superjhemp ab November op DVD a Bluray ze kafe wäert sinn. Wien et net erwaarde kann, deen dirf elo scho seng Virbestellung am Shop maachen.
Den DVD gëtt et fir 19,99 € an enthält nieft dem Film nach franséischen an engleschen Ënnertitel, Audio-Kommentarer vum Realisateur, ee Making-Öf a 7 Features (Castin, Musek, Marketing, Sound Design, Location Scouting, d’Zeen vun der Kathedral, VFX). D’Bluray, déi fir 24,99 € Iech gehéiere kann, enthält donieft och nach ee Super Bonus mat Fernseh-Reportage ronderëm de Film.