Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
speed dating saarland dating sites in ranchi

lift and carry dating

Um vergaangene Weekend sinn all d’Museks- a Festivalfans op hir

dating bots
speed dating saarland dating sites in ranchi

Nei Vestiaire fir den SC Beetebuerg

E Samschdeg huet den SC Beetebuerg ganz offiziell seng nei

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht
speed dating saarland dating sites in ranchi

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht

Am Kontext vun de Rettungsmissiounen am Mëttelmier, déi nëmme vun

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop

Greenpeace wéist reegelméisseg drop hin, datt Atomzentrale schonn aus Prinzip geféierlech sinn, an och ugräifbar. Esou d‘Aktioun vun en Dënschdeg, wou Militante vun der ONG sech un der Zentral vu Bugey (25 Kilometer vu Lyon ewech) ausgetoobt hunn.

Mat enger Drone, déi am Superman-Kostüm gekleet iwwer d‘Atomzentral vu Bugey geflunn ass, iert se absichtlech an d‘Mauer vum Killbecken, an deem ofgebrannten Atommaterial gelagert gëtt, geleet ginn ass, huet sech Greenpeace nees Opmierksamkeet zougezunn. Et handelt sech hei ëm eng Aktioun déi grondsätzlech den Zweck huet nozeweisen, datt et kee Schutz géint béis Absichte gëtt.

„Dës Aktioun ass héich symbolesch: se weist datt d‘Killbecken, an deenen dat verbrauchten Atom-Brennmaterial gelagert gëtt, liicht zougänglech sinn, dat dës Kéier duerch d‘Loft, an deemno staark engem Risk vun engem Ugrëff vu Baussen ausgesat sinn“, esou de Yannik Rousselet, Chargé fir Nuklearcampagne fir Greenpeace Frankräich. An de Yannik Rousselet stellt dann déi richteg Fro:

„Wat wier da gewiescht, wann d‘Drone am Superman-Kostüm net vu friddleche Militante gesteiert gi wier? EDF wëll gleewen doen, datt seng Installatiounen engem eroffalende Fliger widderstoe kënnen. Deem ass net esou, well d‘Gebaier an de 70er designt goufen an zu där Zäit d‘Bedreeung vu Baussen net berécksiichtegt ginn ass, an d‘Killbecken net entspriechend geschützt sinn“.

De Gestionnaire ass wéineg beandrockt…

Greenpeace huet et dann och net bei enger Drone gelooss. Mat engem ferngesteierte Fliger hunn se d‘Operatioun widderholl an, dësen och géint d‘Mauer vum Killbecke crashe gedoen. Laut der ONG hätt et bei béiden Operatiounen, weder eng Reaktioun vum Gestionnaire EDF, nach vum Loftschutz ginn. Keen Apparat konnt ofgefaange ginn, eenzeg d‘Iwwerreschter sinn opgeraf ginn.

Eng Aktioun déi am Kontext vun engem parlamentaresche Rapport zur nuklearer Sécherheet, dee muer virgeluecht soll ginn, stattfonnt huet. Greenpeace kann dann och mat Foto- a Videomaterial beweisen, an déi Fluchverbuetszon vun der Atomzentral agedrongen ze sinn. De Ministère fir déi ekologesch Transitioun: „D‘Aktioun huet keng Konsequenz op d‘Sécherheet vun der Installatioun“.

De Gestionnaire EDF: „D‘Gebai mam Brennstoff ass e wichtegt Gebai fir d‘Sécherheet, an esou dimensionéiert, datt et géint natierlech oder onfräiwëlleg Aggressioune vu bausse geschützt ass, wat him en héije Widderstand garantéiert. Den Iwwerfluch vun enger Drone stellt keng Menace géintiwwer der Sécherheet duer“. Fir EDF handelt sech hei leedeglech ëm eng Infraktioun…

Foto: © Nicolas Chauveau/Greenpeace France

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, EDF, Greenpeace, Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel