Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gréng Luucht fir autonom Gefierer
International Neiegkeeten

Gréng Luucht fir autonom Gefierer

Leschte Freideg huet d‘Regierung en „Appell säin Interessi ze manifestéieren“,

money
Dieselgate: Porsche SE zu 47 Milliounen Euro Schuedenersatz veruerteelt
International Neiegkeeten

Dieselgate: Porsche SE zu 47 Milliounen Euro Schuedenersatz veruerteelt

Porsche SE, den Haaptaktionär vu VW, ass e Mëttwoch vun

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer
International Neiegkeeten

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer

No der Verhaftung vu sechs Amnesty International (AI) Membere bei

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen

De Supertaifun Mangkhut huet um fréie Samschdegmueren den Norde vun de Philippinnen erreecht an bléist mat Wandspëtzte bis zu 330 Km/H. Dozou kënnt en onvirstellbaren Néierschlag, dee Milliounen Awunner bedreet, heescht säitens de meteorologeschen Déngschter.

„Mangkhut“ ass dee schlëmmsten Taifun deen den Archipel zanter Ufank dem Joer bedreet. Laut dem meteorologeschen Déngscht PAGASA, huet den Taifun hënt um 1.40 Auer (Lokalzäit) d‘Küst erreecht. Hien zitt iwwer Land a Richtung Osten a China. De Wand huet awer un Intensitéit verluer, an d‘Spëtzten erreechen am Moien nëmmen nach 185 Km/H.

Aus Angscht viru schwéiere Beschiedegungen, haten déi philippinnesch Autoritéiten den Niveau vun der Alerte nach emol gehuewen. „Bleift doheem esou laang wéi et méiglech ass“, huet de Chris Perez, Meteorolog vum nationale Wiederdéngscht de véier Millioune Philippinner geroden, déi sech op dem Wee vum Taifun befannen.

Dausende Mënschen hunn hir Haiser am betraffene Küstegebitt verlooss. D‘Philippinnen ginn all Joer vun engen 20 Taifune getraff. Déi sinn dann och oft fir den Dout vun honnerte Mënsche verantwortlech, a verstäerken d‘Aarmut vu Millioune Leit. D‘Awunner vu Luçon, der Haaptinsel vun de Philippinnen, hunn sech am Virfeld entspriechend verbarrikadéiert.

Et gëtt mam schlëmmste gerechent

Um Freidegowend hunn hefteg Wandstéiss déi éischt Beem aus dem Buedem gerappt. Besonnesch betraff war Tuguegarao, eng Stad nërdlech vu Luçon, wou bal all d‘Geschäfter hir Dieren zougespaart hunn, a vill Policepatrullen duerch d‘Stroosse gezu sinn. D‘Autoritéiten haten den Niveau vun der Alerte op „4“ gesat. Dat ass den zweethéchsten Niveau fir Taifune.

Den Taifun – e Stuerm mat engem Duerchmiesser vun 900 Kilometer – huet sech dann och genee dëst Gebitt ausgesicht fir seng onséileg Kraaft ze entfalen. D‘Meteorologe warnen dann och, datt „déi Schied déi d‘Awunner hei erleide kënnen, immens héich ausfale kéinten“. Et ginn sech zolidd Problemer bei der Stroumversuergung erwaart, an och d‘Telekommunikatioun ass gestéiert.

Fir de Previsionnist vum japanesche Wiederdéngscht, Hiroshi Ishihara, ass den Taifun Mangkhut, ënnert allen Taifunen déi d‘Philippinnen dëst Joer getraff hunn, dee schlëmmsten. De Michel Conag, Spriecher vum lokalen Zivilschutz: „Mir kéinten hei mat Wellen ze di kréien, déi esou héich wéi e Gebai mat véier Stäck sinn. Vill ‚Häipen‘ an der Küsteregioun wäerten zerstéiert ginn“.

Rette wat ze retten ass

D‘Baueren aus der Géigend, déi eng beträchtlech Partie vum Mais a Räis op de Philippinnen produzéieren, hunn hiert méiglechst gemaach, fir eranzehuele wat iergendwéi méiglech ass. Hei gëtt virun allem gefaart, datt d‘Recolte sech kéint herno ganz ënner Waasser befannen.

D‘Autoritéiten „soen eis, datt dësen Taifun duebel esou staark wéi dee leschten ass. Mir hunn eng schrecklech Angscht“, erzielt d‘Myrna Parallag, eng Fra vun 53 Joer, déi hiert Haus am Norde vum Archipel verlooss huet. Si hat hiert Haus beim Taifun vun 2016 gesinn ënner Waasser stoen. „Mir hu vun der leschter Kéier geléiert. D‘Waasser stoung bis ënnert de Plafong“.

Wann d‘Previsioune stëmmen, da sollt sech den Taifun Mangkhut no sengem Passage op de Philippinnen, a Richtung Südchina beweegen. Och Hong Kong läit um Wee vum Taifun. Gefaart gëtt säitens de chineseschen Autoritéiten, datt et zu Äerdrëtsch an Iwwerschwemmunge kënnt. Besonnesch bedreet, déi kleng Fëscherdierfer, déi aus wackelegen Häipe bestinn.

Eng Gefor där een näischt entgéintzesetzen huet

Gefaart ginn Auswierkungen, wéi et se sengerzäit beim Taifun Haiyan (November 2013) ginn huet. Et war ee vun den déidlechsten Taifunen deen d‘Philippinnen getraff hat. Hei huet et Wandspëtzte ginn, déi 315 Km/H iwwerschratt hunn. Riseg Wellen, gläich deenen déi vun engem Tsunami ausgeléist kënne ginn, haten alles op hirem Wee néiergewalzt.

2013 waren iwwer 7.350 Mënsche gestuerwen oder si vermësst bliwwen. 4 Millioune Leit haten hiert Heem verluer. De meteorologeschen Observatoire vun Hong Kong huet zur Virsiicht geroden. Deen erkläert, datt den Taifun net direkt op den Territoire zoukënnt, mee awer eng considerabel Bedreeung fir déi meridional Küste vu China duerstellt, iert e weider a Richtung Vietnam zitt.

Taiwan mellt, datt den Taifun um Samschdeg am noosten un d‘Insel erukomme wäert. Mat staarken unhalende Reen muss gerechent ginn. D‘Autoritéite vun Taiwan ginn awer net dovunner aus, datt d‘Insel direkt vum Taifun getraff gëtt.

mam Purple Romero/AFP

Foto: Staark Wellen hunn e Freideg den Supertaifun Mangkhut ugekënnegt. Deen ass an fréie Mueresstonnen op d‘Inselen am Norde vum Archipel getraff. D‘Philippinnen mussen all Joer bis zu 20 vun dëse Stierm erdroen. De Mangkhut gëtt als besonnesch geféierlech agestuuft. © Noel Celis/AFP

Ähnlech Sujeten Mangkhut, Philippinnen, Supertaifun, Taifun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel