Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: de schwieregen Ëmgang mat de Virsätz
International Neiegkeeten

Editorial: de schwieregen Ëmgang mat de Virsätz

Datt et ëmmer nach Leit gëtt déi sech fir dat

En heemlecht Areesverbuet fir Groussbritannien?
International Neiegkeeten

En heemlecht Areesverbuet fir Groussbritannien?

Zanter Deeg ginn déi streng Pandemie-Moossname gelackert, Schoulen, Geschäfter an

Karting: Haart ëmkämpfte Rennweekend an der Ardèche
International Neiegkeeten

Karting: Haart ëmkämpfte Rennweekend an der Ardèche

Den éischte „Sprint-Meeting“ vun der FFSA um Circuit vu Lavilledieu,

D’Surface vun der Sonn – Esou no koum een nach ni!

D’Surface vun der Sonn – Esou no koum een nach ni!

Just kucken, net upaken – Ma dat sollt ee bei der Baussentemperature vun 5.500°C an enger Bannentemperatur vu 15,6 Millioune °C eescht huelen. Mat hirem Solar-Teleskop huet den National Solar Observatory (NSO) et elo erméiglecht, déi detailléiertst Fotoen a Video vun der Sonn hirer Surface ze maachen, déi et jeemools gi sinn.

Et gesäit aus, wéi gëllene Kräsi, ass awer d’Uewerfläch vum Zentralgestirn vun eisem Planéitesystem. Vir méi prezis ze sinn huet den NSO erkläert, datt et sech ëm de stiermesche Plasma vun der Sonn, deen dem Stär seng Hëtzt vu bannen no baussen dréit, handelt. Mat Biller an immens héijer Opléisung kréie mir also elo nei Detailer zu eisem léifste Stär gebueden.

Den Inouye Solar-Teleskop huet d’Material dobäi um Haleakala zu Maui (Hawai) opgeholl. Mat engem Duerchmiesser vu 4 Meter ass dëst momentan dat gréisst Teleskop weltwäit a soll Wëssenschaftler d’Méiglechkeet ginn d’Sonn méi genee ze erfuerschen. Bedenkt een, datt d’Sonn an 149.6 Millioune Kilometer Distanz zur Äerd läit, da sinn esou „Noopnamen“ een technescht Wonnerwierk.


Wat erkennt ee genau?

Wat sech um Video beweegt an ausdeent ass kachende Plasma vun der Sonn, deen duerch déi sougenannt Konvektioun ugedriwwe ginn. Am Zentrum vun den Zelle gesäit een de sougenannte wäisse waarme Plasma, deen d’Hëtzt vum Banneschten no baussen dréit. Bei de méi däischteren Ëmrësser vun den Zellen handelt et sech ëm ofgekillte Plasma, deen nees zeréck an de Stär era senkt fir opgehëtzt ze ginn.

Bei de Videoen a Fotoe soll et sech ëm éischt Versich handelen, déi an Zukunft nach sollen ausgeschafft ginn, soubal den Inouye Solar-Teleskop voll funktiounsfäeg ass. D’Parker Solar Probe, eng Raumsonde vun der NASA erfuerscht de Stär momentan duerch seng Ëmdréiungen. Fir Ufank Februar ass geplangt, den NASAESA Solar Orbiter a Betrib ze huelen an esou weider Daten ze kréien.

Sonn

© NSO

Wisou een d’Sonn erfuerscht

„D’Sonn verännert sech konstant, ass ëmmer a Beweegung an duerchlieft Periode vu besonnescher Heftegkeet. Si ass een immens dynamesche Stär“, ënnersträicht den Alex Young vum Goddard Space Flight Center vun der NASA. Scho säit méi, wéi engem Joerhonnert erfuerschen Astronomen de Stär vun eisem Heemeschtsystem, analyséieren d’Wellenlängten vum elektromagnetesche Spektrum a baue speziell Teleskopen, fir der Sonn all Geheimnis ze entlackelen.

De besonneschen Interessi vun de Fuerscher läit beim Magnéitfeld vun der Sonn an de sougenannte Sonnenwinde, déi extrem schnell Geschwindegkeeten erreeche kënnen. Esou géif een dann och méi zu banneschte Prozesser vum Stär gewuer ginn, wat souguer op der Äerd fir Kärfusiounsexperimenter genotzt kéinte ginn.

Sonn

Sonnestierm op der Uewerfläch vun eiser Sonn

Fir d’Äerd kënnen d’Sonnestierm zur Gefor ginn. Duerch riseg Plasmabéi, sougenannt Flares, kënnen sech Magnéitfeldlinnen opbriechen an nei verbannen- Virstelle kann ee sech dat, wéi ee magnéitesche Kuerschloss, woubäi grouss Plasmamassen op bis zu 3.000 Kilometer pro Sekonn beschleunegt an an d’Weltall geschleidert kënne ginn, jo deelweis och eis Äerd treffen.

Huet eise Planéit eigentlech ee gutt Magnéitfeld, dat eis viru kosmescher Stralung a Sonnewand schützt, esou kann awer och genau dëst Magnéitfeld vun der Äerd duerch staarke Sonnewand verformt ginn, wouduerch d’Technik leit. Fehlfunktiounen bei de Bauelementer kënne resultéieren. Besonnesch schlëmm sinn awer d’Computerausfäll fir d’Satelliten: Stéierungen am Kommunikatiounssystem, Handynetz oder GPS-System si méiglech.

D’Sonn duerchleeft verschidde Perioden an erreechen all 11 Joer ee Maximum bei der Sonnenaktivitéit. Wat et genau domat op sech huet a villes méi gëtt an Zukunft erfuerscht.

Fotoen a Videoen: National Solar Observatory (NSO)

Ähnlech Sujeten Alex Young, Foto, Fuerschung, Hëtzt, Inouye Solar-Teleskop, Magneitfeld, NASA, National Solar Observatory, Noopnam, NSO, Opnamen, Planéitesystem, Plasma, Sonn, Sonnesystem, Stär, Surface, Video, Weltall, Wëssenschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel