Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat
Meenung Neiegkeeten

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat

En Donneschdeg hunn de Premierminister Xavier Bettel an de Staatsminister

dislike
Findel: Keng Eenegung a Siicht
Meenung Neiegkeeten

Findel: Keng Eenegung a Siicht

Wéi een um Freidegmoie gewuer ginn ass, huet den Direkter

money
Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“
Meenung Neiegkeeten

Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“

En éischt Affer vum Donald Trump sengem Handelskrich, den emblemateschen

SNE/CGFP: Surveillance am Schoulhaff ab 7.00 Auer

Eng weider Inkoherenz am Projet de Reprise vum Educatiounsminister

SNE/CGFP: Surveillance am Schoulhaff ab 7.00 Auer

Wann den Educatiounsminister nach de 14. Mee 2020 gesot huet, et géif keen Accueil organiséiert ginn an et misst ee sech a Krisenzäiten der Decken no strecken, esou huet hien a senger Pressekonferenz vum 15. Mee 2020 ugekënnegt, dass d’Enseignanten ab 7.00 Auer moies am Schoulhaff eng Surveillance assuréiere missten.

Dës Nouvelle koum fir all Concernéiert iwwerraschend a war net mat de Gewerkschaften aus dem «Enseignement fondamental» ofgeschwat. D’Organisatioun vun engem Accueil virun der Schoul war bis ewell an der Kompetenz vun de Gemengen an net d’Aufgab vun der Schoul. Elo soll awer d’Schoul, dat heescht a leschter Instanz d’Enseignanten, d’«Coordinateurs de cycle» an de Schoulcomité dës Surveillance organiséieren.

Alt erëm eng Aarbecht, déi mir näischt dir näischt vun der Schoul iwwerholl soll ginn, an dat grad an deem Moment, wou all Bedeelegte scho genuch Zousazaarbecht huet mat dëser zweeter Rentrée am aktuelle Schouljoer.

Wéi den Educatiounsminister de 16. Abrëll 2020 d’Reouverture vun de Schoulen ugekënnegt huet, du war ee vun den ieweschte Prinzippien deen, dass et zu kengem Zäitpunkt zu Vermëschunge vu Kanner sollt kommen. No an no ass dee Prinzip opgeweecht ginn, Gruppe kënne moies a mëttes zesummegeluecht ginn. D’Organisatioun vun enger Surveillance virun der Schoul brécht komplett mat dëser Reegel.

D’Enseignanten hu missen e «Sens unique» duerch d’Schoulgebai erfannen. Ënnerschiddlech Agäng an Ausgäng hu missen definéiert ginn. Oftrennungen am Gebai hu missen «en place» gesat ginn. D’Pausen hu missen decaléiert an d’Schoulhäff agedeelt ginn. D’Toilettë sinn de Klassen zougedeelt ginn. All dës Sisyphusaarbecht huet misse geleescht ginn, nëmme fir dass d’Kanner sech net kräizen a vermëschen. No dem Chaos beim Opdeele vun de Kanner a Gruppe schéngt dann och all dës Aarbecht fir d’Kaz gewiescht ze sinn.

Et ass nämlech onméiglech, d’Kanner moies wärend enger Stonn am Schoulhaff ze surveilléieren, ouni dass et do zu Vermëschunge vu Kanner aus verschiddene Gruppe kënnt. «Mission impossible» fir de Surveillant! Kanner schwätze mateneen, spillen zesummen a wäerte sech vermëschen. Et sinn ebe Kanner!

Fir den SNE/CGFP ass awer eppes kloer: Et kann net vun den Enseignante verlaangt ginn, schonn um 7.00 Auer déi Surveillance ze organiséieren an ze assuréieren. Déi meeschte Léierinnen a Schoulmeeschtere ware bereet am Kader vun der Reouverture vun de Grondschoulen hir Tâche eropzesetzen an Iwwerstonnen ze leeschten, fir dass et net zu engem Wiessel vum Enseignant wärend dem Moie kënnt an all d’Stonnen, déi ufalen, vum «Titulaire de classe» gehale kënne ginn. Domadder hunn d’Enseignante schonn e groussen Effort gemaach fir dem Educatiounsminister ze hëllefe säi «Projet de Reouverture» ze realiséieren.

Elo nach vun hinnen ze verlaangen, ab 7.00 Auer eng Surveillance ze organiséieren an ze assuréiere wär total irresponsabel an en absoluten NO-GO fir den SNE/CGFP.

Matgedeelt vum SNE/CGFP

Opmaacherbild: © Annie Spratt / Unsplash

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Deconfinement, Fondamental, Inkoherenz, Schoul, Schoulhaff, SNE-CGFP, Surveillance
Nächsten Artikel Virrechten Artikel