Search

You may also like

Mat Mask an d‘Schoul
International Neiegkeeten

Mat Mask an d‘Schoul

De ganze Schoulsystem am Frankräich wäert wuel nach laang vun

Amazon keeft d’Rechter fir eng Herr der Ringe-Ëmsetzung – a mécht sech prett fir e Showdown mat Netflix
International Neiegkeeten

Amazon keeft d’Rechter fir eng Herr der Ringe-Ëmsetzung – a mécht sech prett fir e Showdown mat Netflix

Ech hu schonn e puer mol op dëser Plaz iwwert

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun

Haut viru 51 Joer huet d’Medezin een enorme Fortschrëtt gefeiert.

Den Invité vun der EU-Ausseministerkonferenz: Svetlana Tichanowskaja

EU-Ausseminister hu sech mat der wichtegster Oppositiounspolitikerin aus Wäissrussland getraff, an hätten awer gären, wa sech d‘Ausland aus dem Muechtkampf an dëser fréierer Sowjetrepublik eraushale géif, Moskau kann iwwert dee Witz net laachen…

Den Invité vun der EU-Ausseministerkonferenz: Svetlana Tichanowskaja

Bannent der EU-Kommissioun ass ee sech eens, datt dem leschten an „Europa“ aktiven Diktator muss den Dicks gebéit ginn, an esou ass sech entscheet ginn, d‘Oppositioun beim Muechtwiessel, proaktiv ze stäipen. Mam Empfang vum Svetlana Tichanowskaja huet Bréissel dann elo och een däitlecht Zeeche gesat, mee dat mat de geplangte Sanktioune géint dem Alexander Lukaschenko seng Ënnerstëtzer, dat léist nach ëmmer op sech waarden.

An datt et mat de Sanktiounen net esou einfach ass, well ee jo fir alles an der Unioun „Unanimitéit“ brauch, huet sech beim Treffe vun den EU-Ausseminister nees beschtens bewisen. Wann et elo der EU-Kommissioun wichteg ass den Drock op de wäissrussesche Regimm héich ze halen, esou stellt Zypern eng Rei Bedéngungen: Nikosia wëll de Sanktiounen nëmmen dann zoustëmmen, wann et och zu Sanktioune géint d‘Tierkei kënnt, dat wéinst dem Sträit ëm d‘Äerdgas.

Svetlana

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn am Gespréich mam Italiener Luigi di Maio (l). Et schéngt net ëm Migratioun gaangen ze sinn… © European Council

Fir de finneschen Ausseminister Pekka Haavisto ass einfach nëmmen nach frustréierend, datt et net méiglech ass sech op een Thema nom aneren ze konzentréieren. Hien huet wuel Versteesdemech fir d‘Wënsch vun den Zyprioten, mee stellt fest, datt een esou net virukënnt an et un der Zäit ass elo endlech nei Weeër ze goen. Hien huet gesot, datt Finnland och aus dësem Grond bereet ass, de Prinzip vun der Eestëmmegkeet bei Sanktiounen opzeginn.

En däitleche Message

Iert sech awer déi – fir déi meescht – op sech selwer konzentréiert EU-Ausseminister a gewinntem Mooss tëscht d‘Bee gegraff hunn, haten si sech um Méindegmuere mam Svetlana Tichanowskaja, där ënnerstallt gëtt déi wäissrussesch Oppositioun ze leeden, ënnerhalen. Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, huet dëst „Treffen“ uschléissend a Wierder agepaakt.

„Mir sinn all wierklech beandrockt vum Courage an dem Duerchhalverméige vun de Mënschen a Wäissrussland. (…) Besonnesch d‘Fraen an dësem Land beweisen echt Féierungsstäerkt. (…) Mir musse beroden, wéi mir dat wäissrussescht Vollek ënnerstëtze kënnen. A mir musse kucke wéi mir eis Bezéiung zum Lukaschenko-Regimm esou Ausriichten, datt mir hien net als legitimme Regierungschef unerkennen“, esou de Josep Borrell.

Svetlana

De Jean Asselborn mat sengem Kolleg aus Däitschland. Den Heiko Maas huet ugebueden sech perséinlech mat de Sanktioune géint de leschten europäeschen Diktator, Alexander Lukaschenko, ze beschäftegen. © European Council

De Vetrieder vu Berlin, Heiko Maas, wëll d‘Sanktioune géint den Alexander Lukaschenko dann elo selwer préiwen. Hie stellt zudeem fest, datt an de leschte Wochen näischt besser ginn ass, an déi un Demonstranten ausgeüübte Gewalt och weiderhin inakzeptabel ass. Et géif, esou den Ausseminister aus Däitschland, elo Zäit och déi Zentral Figur an dësem Konflikt mat Sanktiounen ze beleeën.

De russesche Bier grommelt

Wann et duerchaus verständlech ass, datt d‘EU d‘Svetlana Tichanowskaja agelueden huet, fir sech eng nei „Iwwersiicht“ ze verschafen, esou muss och drun erënnert ginn, datt Bréissel och aner Interessen huet. Europa well sech weider Richtung Osten ausbreeden, a Wäissrussland als neien EU-Member – wou dat mat der Ukrain jo iergendwéi net esou richteg klappe wëll – gehéiert zu de Pläng déi scho länger am Tirang leien.

Dat suergt dann awer nees zu Moskau fir schlecht Stëmmung. D‘Russen hunn dann och de Besuch vum Svetlana Tichanowskaja zu Bréissel als Amëschung an déi bannenzeg Ugeleeënheete vu Wäissrussland denoncéiert. Et géif éischter net derzou bäidroen, déi eigentlech gefuerdert an och gewënschte Stabilitéit a Wäissrussland nees hierzestellen, esou den russeschen Ausseministère.

SvetlanaZanter de Presidentschaftswahle vum 9. August, wou sech den Alexander Lukaschenko iwwert „Ëmweeër“ eng 80% vun de Stëmmen octroyéiert hat, gëtt an der fréierer Sowjetrepublik massiv demonstréiert. Et huet schonn Doudeger ginn, dausende Mënsche goufe festgeholl an awer ass den Diktator nach ëmmer do. Nieft dem Svetlana Tichanowskaja, ass och d‘Maria Kolesnikowa en deel vun der Oppositioun. Si ass d‘Cheffin vun „Wmestje“.

Och d‘Maria Kolesnikowa ass eng staark Fra, huet awer entgéint dem Svetlana Tichanowskaja net den Exil gewielt, fir hir Fuerderungen opzestellen. Dat hat Folgen, an och wann net sécher gekläert ass, ob dem Lukaschenko seng Gesellen tatsächlech wollten aus dem Land bréngen, gewosst ass jiddefalls, datt si vum Grenzschutz verhaft ginn ass. Si war nëmme marginal ee Gespréichsthema.

mat indymedia/bru

Foto: Den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, géif nawell gären déi eigentlech allgemeng gewënschte Sanktiounen op de Wee bréngen, mee Zypern wëll nëmme matmaachen, wann et och Sanktioune géint d‘Tierkei gëtt. © European Council

Related topics Diktatur, EU-Ausseministerrot, EU-Kommissioun, Jean Asselborn, Josep Borrell, Svetlana Tichanowskaja, Wäissrussland
Next post Previous post