Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut
Kultur Stories

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut

Gutt 995.000 Persounen hunn 2016 d’Nationalitéit vun engem EU-Membersstaat ugeholl.

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn
Kultur Stories

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn

Dem Donald Trump seng Situatioun gëtt vun Dag zu Dag

De Disney-Fox Deal, erkläert
Kultur Stories

De Disney-Fox Deal, erkläert

Disney huet Fox Entertainment kaft. Et ass wuel ee vun

Swing & Jazz Festival an der Schongfabrick: e Bilan

Swing & Jazz Festival an der Schongfabrick: e Bilan

Iwwert de ganze Weekend hunn sech zu Téiteng an der Schongfabrick d‘Amateure vum „Jazz-Manouche“ getraff. De „Line-up“ war gutt duerchduecht an esou kaum Plaz fir Langweil. Et dierf ee fir dësen éischte Festival nach vun engem „intimistesche Weekend“ schwätzen, wann ee berécksiichtegt, datt den Organisateur sech iwwert eppes weider Public gefreet hätt.

Zwee Deeg awer, déi bei gudder Stëmmung an enger flotter Ambiance fir d“Aficionadoe séier eriwwergaange sinn. D‘Ouverture um Samschdeg hat den Organisateur d‘Asbl „L‘Art du Cigare“ der Harmonie St. Cecile vu Kayl zougestanen. Déi huet e flotte musikaleschen Apero gebueden an direkt nom Mëttegiesse stoung dann och den éischte „special guest“ op der Bühn.

Mam Violonist Chris Reitz huet den éischte Swing & Jazz Festival dann och mat „duerchdréinende Rieder“ säin Depart geholl. De jonke lëtzebuergesche Museker huet duerch seng musikalesch Ausdrocksform bestach an et sollt de ganzen Dag iwwer esou weider goen. Hie gouf „am fléiende Wiessel“ vum J.azzmina Quartett (featuring Murat Öztürk) ofgeléist.

Festival

De Cherry Reinhardt (l) an de Matcho Winterstein, hunn dem „Sponsor“ en A zougepëtzt. Hei gesi mir si allebéid, mat Gittaren aus lëtzebuergescher Produktioun „Made by Joao Godinho“

Beim Murat Öztürk huet een dann och déi „Piano-Kultur“ gespuert, déi den Akzent op eng delikat Harmonie a Sensibilitéit leet. Dat war emol direkt „grousse Kino“ an de Quartett ass mat vill Applaus belount ginn. An esou sollt et dann och den ganzen Dag iwwer weidergoen. Iwwerzeegt war de Public grad esou vum Mathieu Loigerot Trio, wéi am Uschloss vum Blueswing Trio.

Wann et Owend gëtt…

Wann et dem Honger geschëlt ass, datt mir de Michel Sandrine Trio nëmmen „ugelauschtert“ hunn, esou hat et och domatter ze dinn, datt am Uschloss e weidere „special guest“ ugekënnegt war. Den Ernie Hammes mat senger Band „Evolution“ huet däitlech gemaach, datt „wann‘s de mengs du häss schonn alles héieren, geet et eréischt esou richteg lass“.

Elo wou d‘Stëmmung an der Schongfabrick sech säin Héichpunkt ugesteiert huet, a kaum nach Leit sech dobaussen opgehalen hunn, war et um Noe Reinhardt Trio. Puristeschen „Zigeiner-Jazz“ mat vill Humor, awer ganz an der Traditioun vum Django Reinhardt; esou léisst sech d‘Leeschtung am beschtem ëmschreiwen. Et war en Exkurs an eng aner Welt, e Moment d‘Séil kludderen ze loossen.

Festival

Den Alexandre Cavaliere, konnt um Jazz & Swing Festival an der Schongfabrick säin aussergewéinlecht Talent ënner Beweis stellen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mam Joscho Stephan Trio, deen als „Headliner“ den éischten Owend sollt ofschléissen, hunn déi verbleiwend ronn 300 Gäscht, es nach emol esou richteg ronderëm d‘Ouere kritt. Et ginn nëmme ganz wéineg Museker an der „Jazz-Manouche“ Zeen, déi esou virtuos, klassesch an esouguer Popmusek-Elementer an eng vun Traditioune beherrschter Musek afléisse loossen.

Et konnt een dobäi zerfléissen, mee sécherlech net roueg sëtze bleiwen. A wann een dem Joscho net nëmmen nogelauschtert huet, mee him och – esou ze soen – op d‘Fangere gekuckt huet, ass engem ersiichtlech ginn, firwat dësen Ausnamemuseker och an der Fachpress regelméisseg ernimmt a gelueft gëtt. Um Enn gouf et dann och déi absolut verdéngte stoend Ovatioun.

D‘Sonn war verluer gaangen

Um Sonndeg ass nees mam Apero ugaangen, an no den Kayler, huet d‘Harmonie Victoria vun Téiteng d‘Ouverture vum zweeten Dag agelaut. Leider mat manner Public wéi um Samschdeg, wat awer dem „groe“ Wieder, mat zäitweis eeklegem Reen, muss ugerechent ginn. Et sollt dann och bis an de Nomëtteg eran, zimlech „intimistesch“ mam Festival virugoen.

D‘Museker awer hu sech vum Wieder net verjoe gelooss an den Amateure vum „Jazz-Manouche“ gebuede firwat se komm sinn. Nom Mëttegiessen huet de Renaud Crols Trio aus der Belsch de Public op eng musikalesch Rees matgeholl, déi een als „prägend“ dierf ëmschreiwen. Ofgeléist gouf den Trio vun der Luxembourg Jazz Combo, déi mat flotte Standarden iwwerzeege konnt.

Festival

De Jacques Stotzem konnt mat sengem Solo-Optrëtt de Public iwwerzeegen. Hie gëllt dann och als ee vun de „Fingerstyle-Virtuosen“ aus der Zeen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mam Evelina Quartett, war nees méi Spontaneitéit op der Bühn ugesot. An der Folleg konnt de Jacques Stotzem, e weidere „special guest“, mat sengem Solo-Optrëtt brilléieren. Du war et awer och schonn nees un engem weideren „Reinhardt“. Kuerz virum Owesiessen, huet den Cherry Reinhardt Quartett, keen Zweiwel opkomme gelooss, datt de Festival nach laang net eriwwer ass.

An den Owend sollt mam Alexandre Cavaliere Trio dann och u Faart zouhuelen. D‘Reien hunn och nees ugefaangen sech ze fëllen, an de Philippe David Trio huet d‘Stëmmung virum leschten „Headliner“ dann och zolidd „ugekuerbelt“. An dat war keen anere wéi de Matcho Winterstein. Hien huet dem éischte Jazz & Swing Festival déi final Nout verléint.

Eng kleng Randbemierkung

Fir en éischte Festival, wou d‘Organisateuren natierlech och e gewësse Risk aginn, war den Zoulaf net ganz esou gutt wéi erhofft. Iwwert de ganze Weekend dierften eng ronn 700 Leit de Wee bis an d‘Schongfabrick zu Téiteng fonnt hunn. Déi sinn dann awer och richteg belount ginn. Mat dat bescht wat déi europäesch „Jazz-Manouche“ Zeen ze bidden huet, hat sech hei Rendez-vous ginn.

Et ass dann awer wéi esou oft: „wat de Bauer net kennt, datt frësst e net“ an bei engem éischte Festival, kann ee jo och op wéineg Erfarungswäerter zréckgräifen. Dat awer als eng „Virwëtztut“ ze verklären, géif weder den Artisten, nach dem Organisateur gerecht. Dozou kënnt, datt et um selwechte Weekend och dee vu Quattropole organiséierten „Swing Exchange“ ginn huet.

Festival

Den Alain Junckel (Mëtt) huet als President vun der Asbl L‘Art du Cigare, net op dëse besonnesche Pleséier verzicht. Fir op Nummer sécher ze Goen, huet hien op „El Puro“ gesat, déi hiert Geschäft an de Rue Notre-Dame hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mat Ofstand déi gréisste Konkurrenz, woubäi et hei vill „gratis“ Musek ginn huet. Da leider och nach d‘Pech mam Wieder. Dat awer sinn, wéi eis de Kapp vum Organisatiounscomité, verséchert huet, Suergen déi all neie Festival huet. Mee et war d‘Erfarung wäert. Alles huet organisatoresch geklappt, déi Leit déi komm sinn waren héich zefridden, an dierften och 2019 nees mat derbäi sinn.

Fir den Alain Junckel verhält et sech dann esou, datt déi 1. Editioun vum Jazz & Swing Festival, wuel finanziell net ganz opgaangen ass. „Alles wat nei ass, bedeit dat ee bereet muss sinn, eppes bäizeleeën. Mir hunn awer festgestallt, datt mir um richtege Wee sinn, a sinn zouversiichtlech, datt mat der Editioun 2019, och de Public dësem Festival méi Opmierksamkeet wäert schenken“.

Foto: De Cherry Winterstein Quartett, hat de leschte Volet vum Festival opgemaach. Si waren e vu ganz villen Héichpunkte beim éischte Jazz a Swing Festival vu Lëtzebuerg. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Asbl l'Art du Cigare, Festival, Jazz, Schongfabrik, Swing
Nächsten Artikel Virrechten Artikel