Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Et ginn nees masseg Autoe verkaf
Neiegkeeten

Et ginn nees masseg Autoe verkaf

Den Autosalon war wéinst der sanitärer Kris net wierklech dat

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner
Neiegkeeten

25 Joer Lëtzebuerger Weltkulturierwen: Konferenz mam Robert Wagner

Zu Puket an Thailand gouf d’Stad Lëtzebuerg mat sengen ale

Vereedegung vum Generol Steve Thull
Neiegkeeten

Vereedegung vum Generol Steve Thull

Bei enger feierlecher Zeremonie um Dikrecher Härebierg ass gëschter de

ADR-Dissidentin Sylvie Mischel nees um Dill

ADR-Dissidentin Sylvie Mischel nees um Dill

Nodeems d‘Liewenspartnerin vum Fernand Kartheiser virun engem Mount vun der ADR-Exekutive „ausgeschloss“ gi war. Si hat op hirem Facebook-Profil eng Foto vum Ausseminister Jean Asselborn ëmgi vu Flüchtlinge gepost, an dës als nächst Wahlkampf-Affiche vun der LSAP verkläert, hat et zolidd ramouert. Eng „Provokatioun“ déi awer, esou den Androck, hir Friichte gedroen huet.

D‘Sylvie Mischel ass sech jiddefalls trei bliwwen, huet sech op „fräi Meenungsäusserung“ gestäipt an zumindest an den eegene Reie vill Zousproch erhalen. Woubäi, no Analys vun den Äusserungen déi dat soziaalt Netzwierk hierginn huet, een net derlaanscht kënnt ze bestätegen, datt si villen „aus dem Häerz geschwat huet“. D‘Mëtt vun der Gesellschaft – op Facebook bezunn – huet sech hannert d‘Sylvie Mischel gestallt, wat bei de Gremie vun der ADR net einfach esou konnt ignoréiert ginn.

E Méindegowend ass d‘Sylvie Mischel dann och ganz erwaardungsgeméiss vun der Frae-Sektioun vun der ADR zur Presidentin gewielt ginn. Dat huet den Drock op d‘Exekutive nach eppes weider erhéicht an esou ass den Ausschloss réckgängeg gemaach ginn an d‘Sylvie Mischel dierf nees mat vill Engagement hir politesche Kampf ophuelen. Op si sech mat hire Messagen op Facebook elo zréckhält? Wuel éischter net, well et kann een net „free Speech“ fuerderen a sech selwer zenséieren.

Vun Héichten an Déiften

Woubäi déi politesch Carrière vun der Direktioun-Conseillère vun der Lëtzebuerger Zentralbank ee ganz anere Verlaf hätt kënnen huelen, wa si hiert Häerz net un de Fernand Kartheiser verluer hätt. Si kënnt – wéi och aner Leit vun der ADR – aus dem Schouss vun der CSV, wou si Ambitiounen hat, déi awer keen esou wierklech unerkannt oder zouloosse wollt.

Si war vun aflossräiche „Membere“ dem deemolege CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz als „Adjointe“ virgeschloe ginn… Eng Propose déi de concernéierten zimlech „betount“ zréckgewisen huet. Seng wiel war op de Maurice Bauer gefall, woubäi sech de Generalsekretär béid Kandidaten hätt dierfen zur Säit stellen. Esou huet d‘Sylvie Mischel keng politesch Zukunft bei der CSV méi erkannt an sech nei orientéiert. Wéi eng Rei vun de Kollegen huet si fir den ADR optéiert.

Gutt opgestallt an net vun der Heck gepléckt, konnt si sech séier un d‘Spëtzt vun den ADR-Frae setzen an wollt dann och hir Sektioun am Nationale Fraerot (CNFL) ënnerbréngen. Dat woussten d‘Feministinnen ze verhënneren, mat allerdéngs wéineg Erfolleg. D‘Sylvie Mischel war zur viischter Dier erausbegleet ginn, an iwwert den Ëmwee vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Fraen (FNFL) zur hënneschter Dier dann awer am CNFL ënnerdaach komm. Gewosst wéi eben…

Fir d‘FNFL net zwéngend e gudde Choix, well déi elo kierzlech vun der CNFL ausgeschloss goufen, well en Disput tëscht der Groussherzogin Maria Teresa an dem Astrid Lulling, Presidentin vun der FNFL, iwwert den Ëmwee vun enger parlamentarescher Fro säitens dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser public gemaach ginn ass. Eng Affär mat där sech elo Juriste befaasse mussen. Woubäi ee scho froen dierf mat wei engem Recht d‘Groussherzogin engem de Mond verbidde wëll.

Roueg bleiwen hëlleft

Elo muss engem dat alles net gefalen, mee och esou Prozesser gehéieren zur Demokratie, an déi sollt dat aushale kënnen. Sécher, villes vun deem wat an de sozialen Netzwierker vum Sylvie Michel ze liesen ass, ass populistesch fundéiert. D‘Leit hunn „einfach Äntwerten op komplex Froen“ gären. Et muss een net grouss Nodenken a souwisou ass d‘Bauchgefill ëmmer nach besser, wéi déi all deenen aneren, déi komplizéiert oder guer net erklären, blann ze vertrauen.

Erënnere mir och nach emol drun, datt d‘Sylvie Mischel bei de leschte Wahlen op der Süd-Lëscht vun der ADR gutt ewech komm, wat jo och der Partei zerguttst komm ass. Et sollt een zudeem kengem virenthalen, datt dës „ëmstridde“ Persoun schonn iergendwéi beléift ass. Si léisst sech näischt gefalen an ass zuweilen „riicht Eraus“, wann och d‘Argumentatioun hei an do eppes „dënn“ ass. Mee de Leit gefält et an esoulaang wéi kee sachlech géint d‘Argumenter virleet bleift et esou.

Foto: D‘Sylvie Mischel, hei ëmgi vum Generol Alain Duschène an hirem Liewenspartner Fernand Kartheiser, ass eng Damm déi d‘Gesellschaft sécherlech eppes „polariséiert“ mee awer d‘Kausa vu deene Frae verdeedegt, déi de Feminismus net als Mëttel zum Zweck betruechten. Si steet an fir d‘Famill no klasseschem Muster an national orientéiert Politesch Ausriichtung vum Kand. © Martine de Lagardère/moien.lu (Archiv – 12-2019)

Ähnlech Sujeten adr, CNFL, Facebook, Fernand Kartheiser, FNFK, Sylvie Mischel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel