Search

You may also like

De Covid19… eng biologesch Waff?
International Neiegkeeten

De Covid19… eng biologesch Waff?

De Kampf géint déi illegal Awanderung, ass ee vun de

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt
International Neiegkeeten

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt

D‘Konferenz fënnt statt den 28. Februar um 19 Auer am

Food For Your Senses: D’Top 6 vum Owend!
International Neiegkeeten

Food For Your Senses: D’Top 6 vum Owend!

Ee musikaleschen an artisteschen Ofschid vun enger ganzer Festival-Ära steet

USA: Schéisserei an der Synagog zu Poway

Bei den Ofschlossfeiere fir Pessach ass e 19 järege mam Gewier op d‘Leit lass gaangen

USA: Schéisserei an der Synagog zu Poway

Zu Poway (Kalifornien) enger amerikanescher Klengstad bei San Diego, ass et um leschten Dag vum jiddesche Pessach-Fest zur Katastroph komm, wéi e 19 järege géint 11.30 Auer Lokalzäit an der Synagog mat engem Gewier ronderëm sech geschoss huet. Véier Persoune goufe blesséiert.

Poway

Wier dësen Uschlag ze verhënnere gewiescht?

Et ass Sabbat 11 Auer, déi jiddesch Communautéit hat sech an der Synagog vu Poway afonnt, fir de leschten Dag vu Pessach (Ouschteren) ze zelebréieren. 30 Minutte méi spéit ass bei der Police de Noutruff agaangen. Hir gouf matgedeelt datt e wäisse Mann mat engem automatesche Gewier an d‘Synagog gaange wier a schéisse géif. De jonken „Attentäter“ huet uschléissend Flucht ergraff.

An dem „kuerze Moment“ wou den Täter seng Dot vollbruecht huet, huet hie 4 Mënsche verletzt. Eng Fra ass spéider am Spidol verstuerwen. Ënnert de Blesséierten ass och de Rabbiner. Den Täter huet sech gestalt an ass festgeholl ginn. D‘Autoritéite ginn hei vun enger antisemitescher Dot aus.

Poway

De Bezierkssheriff Bill Gore huet bei enger éischter Entrevue mat de Medien erkläert, datt derzäit vun den Ermëttler e manifest ënnersicht gëtt, datt op den Internetportaler „pastebin.com“ an „mediafire.com“ ënnert dem Numm vum presuméierten Täter eropgeluede ginn ass. Heiranner bekennt sech den Auteur och zum Branduschlag op d‘Moschee zu Escondido, esou de Sheriff.

Poway

Poway

Poway

Poway

 

Rassisteschen Hannergrond?

Weider heescht et, datt de Mann erkläert hätt, hien hätt sech vum Brendon Tarrant, dem Attentäter vu Christchurch (Neiséiland), inspiréiere gelooss. De Buergermeeschter vu Poway, Steve Vaus, huet géintiwwer de Kollege vu CNN ausgesot: „Ech hunn héieren, datt et definitiv ee mat Haass a sengem Häerze war, Haass op ons jiddesch Communautéit (…) Dat heiten ass net Poway“.

Poway

Och den US-President huet sech kuerz nom Virfall zu Wuert gemellt. An engem Statement huet den Donald Trump de Betraffene säi Matgefill ausgedréckt a gemengt „Derzäit gesäit et no engem Haassverbriechen aus (…) D‘Iwwel vum Antisemitismus an dem Haass muss besiigt ginn“.

Poway

© Ramon Galindo (via twitter)

 

Den „Uschlag“ op d‘Synagog zu Poway fënnt exakt 6 Méint nom Attentat op eng Synagog zu Pittsburgh statt. Hei waren 11 Mënschen ëmbruecht ginn. De 46 järege Rassist, deen an de sozialen Netzwierker géint Judden, Moslemen an Awanderer gehetzt hat, steet aktuell viru Geriicht, wou hie sech fir seng Dot Veräntwerte muss. Et ass dovunner auszegoen, datt hien zum Dout veruerteelt gëtt.

mat indymedia/lax

Foto: © Ramon Galindo (via twitter)

Related topics Antisemitismus, Poway, Schéisserei, Synagog, USA
Next post Previous post