Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille
International Neiegkeeten

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille

70 järeg „Bope“… déi nach ëmmer legendär an onermiddlech Rolling

Schëffleng goes Télévie – Kaffiskränzche géint de Kriibs
International Neiegkeeten

Schëffleng goes Télévie – Kaffiskränzche géint de Kriibs

D’Schëfflenger Gemeng engagéiert sech och dëst Joer nees fir den

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad
International Neiegkeeten

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad

Säit Donneschdeg huelen déi déidlech Konfrontatiounen tëscht de Regierungstruppen, déi

Syrien: Afrine belagert, d‘Ghuta ënner Beschoss

Syrien: Afrine belagert, d‘Ghuta ënner Beschoss

En Dënschdeg huet déi tierkesch Arméi bekannt ginn, datt si d‘Stad Afrine ëmzéngelt huet a bereet ass d‘Kurdemiliz YPG unzegräifen. D‘Kurdemiliz YPG gëtt vun Ankara als terroristesch Organisatioun bezeechent, Washington dogéint betruecht se als Alliéiert.

D‘Progressioun vun der tierkescher Arméi a sengen Alliéierten am Nordweste vu Syrien léisst Ängschten opkommen. Gefaart gëtt e weidert humanitäert Drama, esou wéi dat grad an der ëstlecher Ghuta, der Héichbuerg vun de Rebellen, virun den Diere vun Damaskus geschitt.

Fir déi tierkesch Arméi ass et mat ëmzéngelen net gedoen. Säit si den 20. Januar hir Offensiv „Olivenzweig“ géint d‘Kurdemiliz ugefaangen hunn, verfollegen déi tierkesch Zaldoten nëmmen een Zil: d‘Kurden aus der Grenzregioun verjoen.

E Spriecher vun den YPG, Birusk Hasakeh, relativiséiert déi propagandistesch Communiquéë vum tierkeschen Etat-Major. Et wier allerdéngs richteg, datt dee leschten Zougang zur Stad, d‘Zil vun heftegste Bombardementer ass. „Mir sinn op eng laang Schluecht agestallt“, esou de Spriecher.

Laut dem syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR), géif Ankara sech ustrenge fir d‘Zivilisten aus Afrine ze kréien. Dat géif hinnen de Wee fir den Ugrëff fräi maachen. An ee vun de Kommandante vu Rebellen, déi mat den Tierke géint Afrine virginn, huet och eng Erklärung.

Vertraut een dem Abou Jafar, huet déi tierkesch Arméi virgesinn en „Ausgang“ aus der Stad opzehalen. „Mir erlaben den Zivilisten (…) fortzegoen, fir de Fall datt d‘Combattante (Kurden) sech entscheeden an den Dierfer, de Quartieren oder Gebaier vun Afrine ze bleiwen“.

Den SOHR huet, säit d‘Operatioun „Olivenzweig“ ugelaf ass, iwwer 200 Affer ënnert den Ziviliste gezielt. Et ass dann och ze fäerten, datt en Ugrëff op d‘Stad mat senge ronn 350.000 Awunner, riicht an d‘Katastroph féiert. Honnerten Awunner haten nach e Méindeg aus Angscht d‘Stad verlooss.

Och bei der UNO ass een iwwert d‘Entwécklung net erfreet. Den tierkesche Virmarsch vun de leschten 48 Stonnen, hätt zu enger Schiedegung vun der humanitärer Lag gefouert. „An Afrine an Ëmgéigend ass d‘Situatioun vun den Awunner Besuergneserreegend“, esou d‘OCHA.

„Wann d‘Suergen ëm d‘Grenz fir d‘Tierkei legitim ass (…) esou rechtfäerdegt dat net déi Aktioun an der Déift, déi vun den tierkeschen Truppen op der Afrine-Zon ausgefouert gëtt“, esou de Standpunkt vum franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian.

Evakuatiounen an der Ghuta

Op der anerer syrescher Front, an der ëstlecher Ghuta, sinn en Dënschdeg 16 Zivilisten d‘Affer vu Bombardementer ginn. Den SOHR deelt mat, datt zanter dem 18. Februar, an der Ghuta 1.196 Zivilisten (dovunner 245 Kanner) gestuerwen, an der 4.640 blesséiert gi sinn.

Laut der offizieller syrescher Presseagence Sana, huet Rakéitebeschoss aus der Ghuta, en Dënschdeg sechs Mënschen zu Damaskus verletzt. D‘UNO deelt mat, dat Dosenden Zivilisten aus der Enklav konnten evakuéiert ginn. Eng Evakuatioun awer benéidegen dausenden Awunner.

Vun der syrescher Arméi gëtt et méi konkret Zuelen: 44 Fraen, 78 Kanner an 24 Männer sinn evakuéiert ginn. Den SOHR bestätegt, datt déi aus de Stied Douma a Rihane kommen. Lokalitéiten déi nach vum Rebellegrupp Jaich al-Islam kontrolléiert ginn.

Um Check-Point vun al-Wafidine, tëscht der Ghuta an Damaskus, konnt eng Journalistin vun der AFP eng Grupp Mënschen (Fraen, Kanner an eeler Hären) gesinn, déi op hiren Transfert an Opfanglager gewaart hunn. Si sollen an de Secteur vun al-Doueir evakuéiert ginn.

Am Süde vun Damaskus, huet déi syresch Arméi och d‘Evakuatioun vun e puer honnert islamistesche Kämpfer, aus dem Distrikt vu Qadam virgeholl. Déi sollen, laut dem SOHR, an eng Rebelle-Géigend am Nordweste vu Syrien geleet ginn.

Hei huet dann och e Korrespondent vun der AFP matgedeelt, datt hien eng 300 Kämpfer mat hire Familljen zu Qalaat al-Madiq, an der Provënz Hama gesinn huet. Et war dann awer net gewuer ze ginn, op si sech virgeholl hunn op der Plaz weider ze kämpfen.

A während de Konflikt um Donneschdeg a säin aacht Joer geet, huet sech d‘Kate Gilmore vun der UNO, um Dënschdeg virum Mënscherechtsrot zu Genf schwéier opgereegt. Si veruerteelt eng onmoosseg Gläichgëltegkeet géintiwwer dem Leide vu Millioune syresche Kanner.

Grad an der ëstlecher Ghuta, wou geschat 125.000 Kanner festsetzen, géif eng Hongersnout bestoen. An kaum ee Kand dierft de Konflikt „onbeschiedegt“ iwwerliewen. E Konflikt deem mëttlerweil 350.000 Affer zougeschriwwe ginn.

mam Layal Abou Rahal/AFP

Foto: E Mann sëtzt ënnert Poster op deenen d‘Gesiichter vum syresche President Baschar al-Assad (r), dem iraneschen Ajatollah Ali Khamenei (c) an de libaneseschen Hisbollah Leader Hassan Nasrallah (l) an de Sall blécken. De Mann huet an der Klengstad Nubol schutz fonnt, nodeems hie konnt aus Afrine flüchten. © George Oufalian/AFP

Ähnlech Sujeten Afrine, Ghuta, Kurdemiliz YPG, Rebellen, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel