Search

You may also like

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an
International Neiegkeeten

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an

Nodeems um Mëttwoch de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch hir „Deklaratioun zur

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei
International Neiegkeeten

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei

Si hunn sech bis zur leschter Sekonn engagéiert, en ambitiéisen

Fuesent 2019: Net datt dir herno behaapt et hätt keen eppes gesot
International Neiegkeeten

Fuesent 2019: Net datt dir herno behaapt et hätt keen eppes gesot

Déi meescht Accidenter geschéien Nuets a sinn dem Alkoholkonsum zouzeschreiwen.

Syrien: Damaskus féiert seng Offensiv an der Ghuta weider

Syrien: Damaskus féiert seng Offensiv an der Ghuta weider

Um Samschdeg huet déi syresch Arméi d‘Offensiv op d‘Rebellenhéichbuerg vun der Ghuta mat aller Gewalt weidergefouert. D‘ONG Dokteren ouni Grenzen (MSF) schwätzt vun enger schrecklecher medezinescher Katastroph.

Am Nordoste vu Syrien, op enger anerer Front, steet déi tierkesch Arméi. De Recep Tayyip Erdogan huet gëschter deklaréiert, datt seng Männer bereet sinn, zu all Moment an Stad Afrine anzemarschéieren. Eng Operatioun déi drop ausgeluecht ass, eng syresch-kurdesch Miliz aus der Grenzregioun ze verdreiwen.

Während deem, an der ëstlecher Ghuta, net wäit vun Damaskus ewech, fuerdert MSF de fräie Passage fir medezinescht Material a Medikamenter. „Dat medezinescht Material ass extrem limitéiert, déi medezinesch Infrastrukture sinn zerstéiert an d‘Personal ass um Enn vun hirer Kraaft“.

Dobäi konnt um Freideg e Convoi vun 13 Camione mat Liewensmëttel an d‘Enklav erafueren. Et waren dann awer déi Hëllefsgidder déi schonn um Méindeg hätte kënne bei de Leit ukommen. Esou d‘Informatioun vum internationale Comité vum Roude Kräiz (CICR).

Den Dout kennt keng Paus

An der Enklav ginn zanter 2013 eng 400.000 Ziviliste vum Regimm belagert. Duerch d‘Belagerung gëtt et reegelméisseg knapp mam Iessen an de Medikamenter. Mam Convoi vu gëschter, si säit dem Ufank vun der Offensiv, ganzer zwou Hëllefsliwwerungen op der Plaz ukomm. Déi vu Russland ausgeschwate Waffepaus vu fënnef Stonnen den Dag, misst awer besser respektéiert ginn.

Hëllefsgidder konnten zu Douma, der gréisster Stad vun der Enklav, trotzt Bombardementer un d‘Awunner verdeelt ginn, bestätegt en AFP-Korrespondent deen op der Plaz ass. Um Freideg hätten d‘Loftschléi dann awer och nees 15 zivil Affer gefuerdert, esou de syreschen Observatoire vun de Mënscherechter (SOHR).

„Genuch Zerstéierung an Doudeger! Mir wëllen eis Kanner retten an all déi wou nach net dout sinn“ fuerdert den Abou Ryad (47), en Awunner aus Hammouriye.

A während de Syrien-Konflikt dëse 15 Mäerz a säin aacht Joer antrëtt, bleift dem héijen UN-Kommissär fir d‘Refugiéeën (HCR), Filippo Grandi näischt anescht iwwreg, wéi datt ganzt als „mënschlech Tragedie vu kolossalem Ausmooss“ ze bezeechnen. A Siwe Krichsjoren, hunn 340.000 Mënschen hiert d‘Liewen an eng Millioun hiert Heem verluer.

Grouss Resolutioun, wéineg Wierkung

Déi vum UN-Sécherheetsrot Enn Februar, iwwert eng Resolutioun gefuerdert Wafferou fir 30 Deeg, fënnt dann awer séier wéineg Zousproch. D‘Wafferou sollt fir ganz Syrien gëllen, ausgeholl waren eenzeg d‘Schluechte géint den Islamesche Staat (IS) oder Al-Qaida.

Wéi d‘Resolutioun gestëmmt gi war, hunn déi wichtegst Rebellegruppen an der Ghuta (Jaich al-Islam an Faylaq al-Rahmane) ugekënnegt gehat, datt si averstane sinn d‘Dschihadisten aus der Enklav erauszegeheien. Jaich al-Islam hunn um Freideg verséchert, datt den éischte Grupp deen d‘Ghuta verloosse kann, aus Dschihadiste besteet, déi si an hirer Gewalt hunn.

Laut der syrescher Staatstelevisioun an enger ONG, betrëfft dës éischt Evakuatioun aus der Ghuta, dann awer nëmmen 13 Kämpfer mat hire Familljen. Den SOHR huet dann nach preziséiert, datt et sech ëm 13 Membere vun der Hayat Tahrir al-Cham Grupp, engem Aarm vun Al-Qaida, handelt.

Zäit sech duerch d‘Bascht ze maachen

Déi mächteg Jaich al-Islam hat och matgedeelt, datt en éischte Grupp vun Dschihadisten d‘Rebellenhéichbuerg a Richtung Idlib (déi lescht syresch Provënz ausserhalb der Kontroll vum Assad-Regime) verlooss huet. Kämpfer déi sech laut der offizieller Agence Sana, iwwert de Couloir vun Al-Wafidine konnten duerch d‘Bascht maachen.

Et ass dat ee vun den dräi humanitäre Couloiren, déi ageriicht gi sinn, fir eng Evakuatioun vun Zivilisten a verletze Kämpfer ze erméiglechen. Et sinn allerdéngs och déi selwecht Couloiren iwwert déi, d‘Hëllefsgidder an d‘Enklav sollen eragelooss ginn.

Déi syresch Staatstelevisioun huet Kämpfer gefilmt, alleguerten an engem eenzege Bus. Vill vun hinnen hu besonnesch jonk ausgesinn, anerer hunn hir Gesiichter hannert den erofgezunne Kaputze verstoppt. Dës „Evakuatiounen“ fannen no dräi Woche massive Loftschléi statt, bei deene laut dem SOHR 950 Ziviliste gestuerwe sinn.

Bis dohinner bleift nach festzestellen, datt dem Baschar al-Assad seng Truppen, mat der Ënnerstëtzung vum russeschen Alliéierten, scho gutt d‘Hallschent vum Rebellegebitt nees ënner Kontroll huet. Et besteet keen Zweiwel dorunner, datt déi militäresch Hëllef vu Moskau fir de Regime ausschlaggebend war, fir esou den Dschihadisten an de Rebelle Meeschter ze ginn.

mam Hasan Mohamed an Abdulmonam Eassa/AFP

Foto: Hei e Camion mat Hëllefsgidder, deen et bis an d‘Stad Douma, déi gréissten an der Enklav Ghuta, gepackt huet. De Convoi vum syresche Roude Kräiz, war vun der UN an dem CICR begleet ginn. © Hamza al-Ajweh/AFP

Related topics Ghuta, Rebellen, Russland, Syrien, Tierkei, Vereente Natiounen
Next post Previous post