Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Post Lëtzebuerg: Austausch vu Bréifdréier géint Dronen?
corby dating

Post Lëtzebuerg: Austausch vu Bréifdréier géint Dronen?

Wéi d’Post Lëtzebuerg am neiste Communiqué uginn huet wäerten ab

jobs with dating sites
corby dating

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of

Wéi et en héije Responsabel vun der Exekutive, déi den

money
Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika
corby dating

Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika

Um Méindeg huet d‘Cargolux bekannt ginn, datt si ab September

Syrien: Den Islamesche Staat an der Fal

Den drock klëmmt

Syrien: Den Islamesche Staat an der Fal

Agekesselt, sinn Dschihadiste vum IS zu Raqqa haut esou gutt wéi um Enn. Ee weidere Réckschlag fir dës Organisatioun, déi wuel nach ze fäerten ass, awer op alle Fronten an d’Gette geet. Zudeem schéngt de Fanatiker och nach d’Mënz auszegoen.

Trotz dem Réckschlag hunn d’Combattante vum IS zu Raqqa Géigenugrëff an de Quartiere gefouert, déi vun der SDF (Syrian Democratic Forces) enger kurdesch-arabescher Allianz eruewert gi sinn. D’Operatioun déi dozou gefouert huet den IS zu Raqqa anzekesselen hat Méint gedauert an konnt en Donneschdeg ofgeschloss ginn.

Dës Informatioun fält op den Dag, dräi Joer nodeems den IS säi Kalifat a Syrien an am Irak ausgeruff hat. Wéi den Direkter vum SOHR (Syresche Mënscherecht-Observatoire) Rami Abdel Rahmane der AFP matgedeelt huet, hunn d’Truppe vum SDF „d’Kontroll vun engem Gebitt südlech vum Euphrat ageholl, an esou dem IS seng läscht Réckzuchsméiglechkeet ofgeschnidden.“

Agekesselt

Déi kurdesch an arabesch Kämpfer hu schonn déi nërdlech a westlech Säite kontrolléiert, mee de Süde vu Raqqa war déi „de fakto“ Haaptstad vum IS. Direkt un der Wüst geleeën, war dësen Deel méi schwéier ze erueweren. „Dem SDF ass elo gelongen hei de Kessel zouzemaachen“, bestätegt den Rami Abdel Rahmane. Och de Spriecher vun der Koalitioun konfirméiert: „Den SDF kontrolléiert mëttlerweil all d’Stroossen déi vum Süden aus no Raqqa féieren“, esou den US-Colonel Ryan Dillon.

Den IS sengersäits schéngt awer net gewëllt sech ze erginn. Aus dem Stadzentrum eraus, deen nach ëmmer vum IS kontrolléiert gëtt, versichen d’Dschihadisten zréckzeschloen. Eng 40 Combattanten, an Uniforme vum SDF, konnten hir Géigner iwwerrompelen an zwee Quartieren (al-Senaa a Mechleb) ugräifen.

Dräi Selbstmäerder-Ugrëff mat Gefierer an Drone mat Bommen haten derzou gefouert, datt si sechs Positioune vum SDF konnten anhuelen. „Och wa si agekesselt sinn, kënnen d’Dschihadisten nach ëmmer mäerderesch Operatiounen duerchféieren“, seet de Rami Abdel Rahmane.

Zuel vun den zivillen Affer klëmmt

Laut dem britesche Colonel Rupert Jones, sollen nach ronn 2.500 IS-Kämpfer an der Stad sinn. D’UNO geet dovunner aus, datt sech zu Raqqa bis zu 100.000 Zivilisten ophalen. „Duerch déi verstäerkte Loftugrëff an de Schluechten um Buedem, klëmmt d’Zuel vun den zivillen Affer. D’Méiglechkeet, sech duerch d’Bascht ze maachen, ass esou gutt wéi net méi ginn“, erkläert den OHCHR.

D’Schluecht ëm Raqqa ass fir den SDF emblematesch. Si sinn an Kämpf géint d’Dschihadiste verwéckelt, mat der Hëllef vun der internationaler Koalitioun. Ënnerstëtzt gëtt den SDF aus der Loft, mat Waffen an Ausrëschtung, mee och vu Beroder.

Zanter 2011 huet de Krich a Syrien d’Land zerstéiert a méi wéi 320.000 Affer gefuerdert. Dat besonnescht hei, ass de Fait, datt esou zimlech jidderee géint enaner kämpft. Als Protagoniste sti sech géinteniwwer: Dschihadisten, moderéiert Rebellen an d’Regierungstruppe vum Bachar al-Assad, mee och kléng regional Gruppen an d’Groussmuechten. Ongeheierlech Grausamkeete sinn am Verlaf vun de Jore bekannt ginn.

D’Experte vum OPCW (International Organisatioun fir de Verbuet vu Chemesche Waffen) hunn iwwerdeems an engem Rapport, deen der AFP partiell virläit, bestätegt, datt tatsächlech Sarin-Gas den 4. Abrëll beim Ugrëff benotzt ginn ass. Deemools sinn 87 Mënschen ëm d’Liewe komm. Dëse Rapport kritt elo eng vun UNO an OPCW zesummegestallte Kommissioun, fir ze klären op Truppe vum syresche Regime verantwortlech sinn fir den Ugrëff op Khan Cheikhoun.

mam Layal Abou Rahal/AFP

Foto: En amerikanesche Sniper (R) an ee britsche Kämpfer déi den SDF ënnerstëtzen an enger Positioun an de westleche Quartiere vu Raqqa (© Delil Souleiman/AFP)

Ähnlech Sujeten IS, Syrien, Terrorismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel