Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“
International Neiegkeeten

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“

Haut soll d’EU seng detailléiert Propositioun fir d’Finanzéierung vun enger

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!
International Neiegkeeten

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!

Wéi d’Liewensmëttelsécherheet elo matdeelt soll de Produzent TADAL S.A. Säi

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien
International Neiegkeeten

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien

Op der Generalassemblée vun der „National Rifle Association“ (NRA), der

Syrien: D‘Offensiv op Idlib huet ugefaangen

Syrien: D‘Offensiv op Idlib huet ugefaangen

Déi russesch Loftwaff an déi regimetrei Truppe vum Baschar al-Assad hunn dëse Weekend mat der Offensiv op Idlib ugefaangen. Dës lescht Rebellenhéichbuerg, gëtt zolidd bombardéiert. E Virspill, iert d‘Buedemtruppe lassleeën… Mat enger nei humanitärer Katastroph muss gerechent ginn.

Um Samschdeg ass d‘Regioun mat den intensiivste Loftschléi zanter engem Mount beluecht ginn. Déi russesch Loftwaff huet, nodeems den Tripartite-Sommet ouni Erfolleg op Enn gaangen ass, mat de Bombardementer ugefaangen. Eng bewosst Eskalatioun. Damaskus a säi russeschen Alliéierten hate keng Zweiwel iwwert hir Absichten, nees d‘Kontroll iwwert Land ze erhalen, gelooss.

D‘Vereenten Natiounen hu virun enger weiderer humanitärer Katastroph gewarnt, déi mat dëser Offensiv ausgeléist gëtt. Bei der UNO geet ee vu mindestens 800.000 deplacéierte Mënschen aus, déi dës Kéier net op eng Réckzuchsméiglechkeet zréckgräife kënnen, wou se geschützt wieren.

Laut dem Syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR), huet et Dosende Loftschléi géint Dierfer am Süden a Südoste vun der Regioun ginn. Déi syresch Loftwaff soll Sprengfässer iwwert dem Secteur ofgeworf hunn. Dozou huet et en intensiven Artilleriebeschoss ginn. Um Samschdeg sollen, nach ëmmer laut dem SOHR, néng Zivilisten, dorënner zwee Kanner, gestuerwe sinn.

Den Direkter vu SOHR, Rami Abdel Rahmane, huet géintiwwer der AFP erkläert, datt et sech hei ëm déi gréissten Operatioun zanter dem 10. August handelt. Deemools ware bei der Offensiv géint Orum al-Koubra 53 Mënsche verstuerwen. Dorënner 41 Zivilisten.

Vun de Loftschléi an de Bombardementer duerch d‘Artillerie ware betraff: d‘Uertschafte vu Khan Cheikhoun, Latamné an al-Tamania, esou d‘Informatioun vum AFP-Korrespondent. Deen huet och drop higewisen, datt bei dëser Virbereedung vun der Buedemoffensiv, beim Duerf Hass, e Spidol, dat ënnerierdesch ugeluecht ass, vu Bomme beschiedegt ginn ass.

Panikéiert Awunner

Beim Duerf al-Mountar, hat sech Panik ënnert den Awunner breet gemaach. Frae mat Kanner op den Äerm an eeler Leit haten an engem Aker Schutz gesicht. Si haten Angscht d‘zu den Ziler vun de Loftschléi ze gehéieren, a sollte Recht behalen. Kuerz drop ass e Sprengfaass iwwert den Haiser erofgaangen. Beim Bombardement si vill Haiser beschiedegt oder zerstéiert ginn.

„Mir erdroe d‘Ugrëff schonn zanter dem Moien“ erzielt den Abou Hussein, e Verdriwwenen aus der Provënz Hama, méi am Süden. Hien huet Schutz beim Duerf al-Abdine fonnt „Sprengfässer, déi aus Helikopter ofgeworf goufen, sinn direkt nieft eis explodéiert“.

Zanter dem Donneschdeg hunn honnerte Familljen, am südleche Secteur vun Idlib, hir Dierfer verlooss. „D‘Angscht ass immens, ënnert den Awunner an dem medezinesche Personal“, seet zu Genf de Chef vun de Gesondheetsdéngschter vun der Provënz, Munzer al-Khalil, deen unhand den Informatioune vun „der gréisster humanitärer Katastroph an dësem Krich“ ausgeet.

Russland sengersäits, huet e Samschdeg wësse gelooss, datt hinnen handfest Beweiser virleien, aus deenen ervirgeet, datt d‘Rebellen eng „Provokatioun“ zu Idlib virbereeden. Detailer nennt Moskau net, mee verweist op den dschihadistesche Grupp „Hayat Tahrir al -Cham“.

Dëse Grupp, deen aus fréiere Membere vun der syrescher al-Quaida besteet a ronn Zweedrëttel vun Idlib kontrolléiert, soll sech e Freideg mat Verantwortleche vun der islamescher Partei vum Turkistan, a syresche Wäisshelmer – selwer ernannte Secouristen am Secteur vun de Rebellen – getraff, hunn, fir den „Zeenario“ vun dëser Provokatioun festzeleeën.

Um Freideg, beim Sommet zu Teheran, huet de russesche President bei sengen tierkeschen an iraneschen Homologe d‘Positioun vun Damaskus verdeedegt. De Vladimir Putin stëtzt d‘Offensiv mam Argument, datt d‘Regierung e Recht huet, nees d‘Kontroll am eegene Land ze iwwerhuelen.

Do huet de russesche President gläichzäiteg d‘Propose vun Ankara verworf, déi e Waffestëllstand ugebueden hunn. Et hätte keng Vertrieder um Verhandlungsdësch gesiess, déi d‘Vollmacht haten, iwwert en Enn vun de Hostilitéiten ze entscheeden. Russland an den Iran hunn esou keng Léisung mat den Tierke fonnt, déi de Verloscht vu Mënscheliewen hätt kënne verhënneren.

An der Provënz liewe laut Zuele vun der UNO ronn 3 Millioune Mënschen, d‘Halschent dovunner Verdriwwener aus de Regiounen: Hama, Aleppo, Lattaquié. D‘UNO erënneren drun, datt de Krich a Syrien bis ewell 350.000 Doudesaffer mat sech bruecht, a Millioune Leit verdriwwen huet.

mam Omar Haj Kaddour/AFP

Foto: Däischter Dampsaile klamme géint der Himmel wéi d‘Duerf al-Mountar vun der Artillerie beschoss gëtt. Idlib ass déi lescht vun de Rebelle kontrolléiert Provënz a Syrien. De Regime, zesumme mat senge russeschen Alliéierten, wëll nees dat ganzt Land zesummeféieren, a féiert elo eng grouss Offensiv géint d‘Dschihadisten duerch. © Omar Haj Kadour/AFP

Ähnlech Sujeten Baschar al-Assad, Idlib, Iran, Russland, Syrien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel