Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dossier Bettel: Eng Staatsaffär!
Fail International sag dating a sag

https://moien.lu/dating-club-sydney/

déi lénk huet Kenntnis iwwert d‘Uerteel vum 28. Mee 2019

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt
Fail International sag dating a sag

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt

Paweesteng géint Tréinegasgranaten, zerstéiert Geschäftsvitrinnen e sëlleche Verletzter an honnerte

What the Fakt – De Futtballkrich tëscht Honduras an El Salvador
Fail International sag dating a sag

What the Fakt – De Futtballkrich tëscht Honduras an El Salvador

Den 18. Juli 1969 huet d’OAS an de Konflikt tëscht

dislike

Syrien: Den Erdogan huet versprach d‘Offensiv weiderzeféieren

Syrien: Den Erdogan huet versprach d‘Offensiv weiderzeféieren

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet en Donneschdeg versprach, seng Offensiv géint d‘Kurdemiliz YPG am Norde vu Syrien, bis zum batteren Enn duerchzezéien. D‘YPG huet Damaskus opgefuerdert anzegräifen, an de Loftraum fir déi tierkesch Loftwaff ze spären.

An Tëschenzäit sinn d‘Differenzen tëscht Ankara a Washington ëffentlech ginn. Dat knapp een Dag nom Telefonsgespréich tëscht dem Donald Trump an dem tierkesche President.

Um sechsten Dag vun der „Invasioun“ vum Kanton Afrine, déi a ville Länner Besuergnes ereegt, hat den Recep Tayyip Erdogan zu eng Iwwerraschungsvisite am Etat-Major op der Grenz afonnt, wou hien sech iwwert d‘Fortschrëtter vun der Operatioun „Olivenzweig“ informéiert huet. De Chef vun der Arméi an de Verdeedegungsminister hunn den tierkesche President begleet.

Hien huet d‘Geleeënheet dann och genotzt, fir ze betounen, datt dës Offensiv, déi géint d‘Kurdemiliz YPG geriicht ass, déi vun Ankara als „terroristesch Organisatioun“ bezeechent gëtt, esou laang weidergefouert gëtt „bis dat gewënschte Resultat erziilt ass“.

Den tierkesche President, huet verséchert, datt d‘Operatioun Olivenzweig eenzeg an eleng zum Objektiv hätt, Afrine vun den Terroristen ze befreien, an esou gläichzäiteg de syresche Flüchtlinge géif erlaben zréck an hir Heemecht ze goen. Eng Ausso déi esou net vun der internationaler Communautéit gedeelt gëtt.

D‘Vertrauen nees hierstellen

Op der aner Säit vun der Grenz, wou d‘Kurden de facto eng Autonom Regioun ageriicht hunn, hunn déi Responsabel de Regimm vum Bachar al-Assad ëm Hëllef gebueden.

„De syresche Staat (…) mat all de Mëttelen iwwert déi e verfüügt, sollt sech dëser Aggressioun entgéint stellen an deklaréieren, datt hien der tierkescher Loftwaff net wäert erlaben an de syresche Loftraum anzedréngen“, esou den Othmane al-Cheikh Issa, Co-President vum Exekutivrot.

An dësem Zesummenhang dierf drop higewise ginn, datt de syreschen Ausseminister Fayçal Moqdad gewarnt huet, datt Syrien duerchaus kéint déi tierkesch Fliger Ofschéissen. Net dovunner ze schwätzen, datt déi tierkesch Invasioun net derzou bäidréit de Biergerkrich, dee säit 2011 iwwer 340.000 Affer gefuerdert huet, ze beendegen.

E Konflikt iwwregens, deen eng ganz Rei regional an international Muechten implizéiert, wéi d‘Tierkei an d‘USA, déi allebéid géint de Bachar al-Assad sinn, dat awer mat ganz ënnerschiddlechen Interessen.

Wéi et aus dem Wäissen Haus matgedeelt ginn ass, hätt den Donald Trump a sengem Telefonsgespréich mam Recep Tayyip Erdogan ugehalen „seng militäresch Aktiounen ze begrenzen“ an hie gebieden „all Aktioun ze verhënneren, déi zu enger Ausenanersetzung tëscht tierkeschen an amerikaneschen Truppe kéint féieren“.

Ankara huet sengersäits affirméiert, datt „de President Trump sech net besuergt gewisen hätt, wat eng Zounam vun der Gewalt“ an der Regioun géif ugoen.

Et muss een dann awer vun enger Schiedegung vun de Relatiounen tëscht Ankara a Washington schwätzen, wann een der Ausso vum tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu Opmierksamkeet schenkt. Deen huet d‘USA opgeruff „konkret Moossnamen ze ergräifen, wa se da wierklech gewëllt wieren d‘Vertrauen nees hierzestellen“. Dat ass eng gutt Illustratioun, déi weist wéi déif de Gruef tëscht béiden Natiounen an Tëschenzäit ass.

Well Ankara d‘Kurdemiliz YPG an déi kurdesch Aarbechterpartei PKK, déi eng déidlech Guerilla an der Tierkei féiert, gläichstellt an esou als Terroriste bezeechent, wier et nëmme richteg d‘Kurden am Kanton Afrine ze bekämpfen, a vum Gebitt laanscht Grenz ze verjoen. Dat gesäit Washington anescht, déi d‘Kurdemiliz als vollwäertege Partner am Kampf géint den islamesche Staat betruecht.

D‘Gespréicher vu Wien

Richteg ass dann awer och, datt d‘Kurdemiliz YPG sech d‘Allianz mat Washington zu Notze gemaach huet, fir hir „Kontroll“ op Gebidder am Norde vu Syrien auszedehnen. Besonnesch do wou si d‘Dschihadiste bekämpft a verdriwwen hunn.

Um Terrain selwer huet esouwuel déi tierkesch Artillerie wéi of d‘Loftwaff d‘Stellunge vun der YPG op e neits ënner Beschoss geholl. Ganz schwéier getraff huet d‘Stiedche Jandairis getraff, dat direkt op der Frontlinn geleeën ass, a wou och pro-tierkesch Rebellen opgestallt sinn.

„Esou laang wéi ech liewe wäert ech Jandarais net verloossen“, sot der AFP de 70 järegen Abou Jiwane, deem säin Haus duerch tierkesch Bommen zerstéiert ginn ass, wat seng Noperen dozou beweegt huet, aus dem Stiedchen ze flüchten.

Zanter dem leschte Samschdeg wieren eng 100 YPG Combattanten a pro-tierkesch syresch Rebellen, esou wéi 33 Zivilisten, dorënner haaptsächlech Fraen an Kanner, ëm d‘Liewe komm. Ankara dementéiert op d‘Schäerfst Ziviliste getraff ze hunn, e beklot dräi Affer ënnert den Zaldoten.

Wéinst der Offensiv huet Däitschland bei der NATO intervenéiert a fuerdert d‘Erëffnung vu Gespréicher zur Operatioun. Den tierkesche Minister fir europäesch Ugeleeënheeten, Omer Celik, huet d‘Operatioun Olivenzweig zu Bréissel verdeedegt, a géif et begréissen, wann d‘EU sech der tierkescher Kausa géif uschléissen.

Op diplomateschem Niveau, ass en Donneschdeg zu Wien, ënnert de Leedung vun der UNO, eng nei Ronn „Friddensverhandlungen“ opgemaach ginn. Ugesicht der ongebremster Gewalt um Terrain, gi Fortschrëtter als „Hypothetesch“ bezeechent.

mam Fulya Ozerkan/AFP

Foto: Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet um Freideg bei engem Parteidag nach emol betount, datt hien déi kurdesch „Terroristen“ aus dem Kanton Afrin, am Norde vu Syrien wäert verjoen.

Ähnlech Sujeten Recep Tayyip Erdogan, Syrien, YPG
Nächsten Artikel Virrechten Artikel