Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)
International Neiegkeeten

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)

En neien Ufank kann een ganz ënnerschiddlechst interpretéieren, dat weisen

Een ze waarmen Hierscht mat iwwerduerchschnëttlech vill Reen
International Neiegkeeten

Een ze waarmen Hierscht mat iwwerduerchschnëttlech vill Reen

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologeschen Hierscht 2019 huet de sraatleche

Diddeleng huet seng „cityapp“
International Neiegkeeten

Diddeleng huet seng „cityapp“

Zanter en Donneschdeg ass se do, déi nei „cityapp“ vun

Syrien: Wéinst Idlib trëtt e Freideg den UN-Sécherheetsrot zesummen

Syrien: Wéinst Idlib trëtt e Freideg den UN-Sécherheetsrot zesummen

D‘USA hu fir e Freideg eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot ugemellt, bei där sech der Situatioun zu Idlib (Syrien) soll ugeholl ginn. Dat huet d‘Nikki Haley, US-Ambassadrice bei der UNO, um Dënschdeg matgedeelt. Et schéngt, datt sech d‘USA domatter offonnt hunn, datt et zu enger Offensiv vum syresche Regimm wäert kommen, esoulaang dofir konventionell Waffen agesat ginn.

„Wann si weider kämpfe wëlle fir d‘Kontroll iwwer Syrien nees zréckzekréien, sollen si dat maache mee se dierfen dat net mat chemesche Waffe maachen“, esou d‘Nikki Haley géintiwwer de Medien, am Kader vun enger Pressekonferenz, wou si déi amerikanesch Presidence vum UN-Sécherheetsrot fir de Mount September virgestallt huet. Mat dëser Erklärung ginn d‘USA Damaskus gréng Luucht fir eng Offensiv op Idlib.

De Fall „Idlib“ muss eescht geholl ginn, esou d‘US-Ambassadrice weider, a preziséiert, datt eng Majoritéit vun de 15 Membere vum Sécherheetsrot sech fir eng Sëtzung e Freideg ausgeschwat hunn. Si soll dann och am fréien Nomëtteg ofgehale ginn. D‘Nikki Haley huet nach dem Donald Trump seng Warnung widderholl, fir de Fall, datt de syresche Regimm op de Gedanke kéim, bei dëser Offensiv chemesch Waffen anzesetzen.

Sinn d‘USA elo bereet et op e Konflikt ukommen ze loossen?

„Fir kloer ze sinn: eis Positioun bleift onverännert. Wann de President Baschar al-Assad sech op e neits sollt fir den Asaz vu chemesche Waffen entscheeden, wäerten d‘USA an seng Alliéiert séier an ubruecht Äntwerten“, esou de Communiqué vum Wäissen Haus. „De President seet Russland, dem Iran an dem syresche President, net unzegräifen. Loosst kee chemeschen Ugrëff géint d‘Ziviliste vun Idlib zou“, betount d‘Nikki Haley mat Referenz op d‘Ausso vum US-President.

„Si kënne mat chemesche Waffen internéieren“ stellt d‘Nikki Haley fest, mee warnt: „Wa chemesch Waffen zum Asaz kommen, da kommen och d‘USA“. Den Toun ass däitlech, an de Staffan de Mistura, Sonnerbeoptraagte vun der UNO fir Syrien, huet um Dënschdeg, d‘Presidente vu Russland an der Tierkei interpelléiert. De Vladimir Putin soll sech dréngend mam Recep Tayyip Erdogan „ënnerhale fir e Bluttbad ze verhënneren“, esou de Mistura bei engem Pressepunkt zu Genf.

Kann e Gespréich op héchstem Niveau d‘Ziviliste vun Idlib verschounen?

De Sonnerbeoptraagte vun der UNO huet d‘Hoffnung, datt ee Gespréich tëscht béide Presidenten zu enger „doucer“ Léisung féiere kann. E Gespréich dat nach virum Sommet vum 7. September, tëscht dem iranesche President, Hassan Rohani, a senge russeschen an tierkeschen Homologe stattfanne muss. De Staffan de Mistura ass zouversiichtlech, well hien sech op de Fall vun der Stad Aleppo berifft. Vill Zäit fir eng Léisung bleift net, d‘Attack soll fir den 10. September geplangt sinn.

Zur Erënnerung: d‘Provënz Idlib ass am Norde vu Syrien, direkt op der Grenz zur Tierkei geleeën. Et ass zugläich déi leschten Héichbuerg, déi vu sougenannt moderéierte Rebellen a radikaliséierten Islamiste gehale gëtt. An der Regioun liewen eng 2,9 Millioune Leit, dovunner 1,4 Milliounen déi aus anere Rebelle-Provënzen geflücht sinn, nodeems se vu Regierungstruppen zréckeruewert gi waren. Laut der UNO, solle ronn 10.000 Kämpfer vun al-Nostra op der Plaz d‘Stellung halen.

mat AFP

Foto: E Kand an engem Zelt am Flüchtlingslager zu al-Ghadfa, an der Provënz Idlib. De Fall gesat, et kënnt tatsächlech zu der ugekënnegter Offensiv, ass och dëst Liewe bedreet. Zu Washington, wou e sech schéngt domatter offonnt ze hunn, datt eng Attack onëmgänglech ass, warnt een allerdéngs de Regimm vun Damaskus seng russesch alliéiert. Sollte chemesch Waffen zum Asaz kommen, da géifen d‘USA militäresch agräifen. © Nazeer al-Kathib/AFP

Ähnlech Sujeten Ankara, Damaskus, Idlib, Moskau, Syrien, UNO, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel