Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel
free dating sites uk only Neiegkeeten

dating site for polygamists

Wann ee bedenkt, datt den aktuellen Aarbechtsminister, Nicolas Schmit (LSAP)

hairstyle for dating
free dating sites uk only Neiegkeeten

Mengs de, du packs et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?

Och dës Woch hu mer en neie Lëtzebuergesch Quiz fir

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“
free dating sites uk only Neiegkeeten

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“

De Brendon Tarrant war schwéier bewaffent an zwou Moscheeën zu

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of

Wéi vun der syrescher Arméi um Mëttwoch matgedeelt, sollen sech am Raum Manbij eng 400 kurdesch Combattanten aus der Gefechtszon zréckgezunn hunn. De Verdeedegungsministère huet uginn, datt e Konvoi mat engen 30 Gefierer sech a Richtung Euphrat a Beweegung gesat huet.

Nach virun e puer Deeg haten déi syresch Kurden Damaskus ëm Bäistand gefrot, well sech no der Entscheedung vum US-President, déi amerikanesch Zaldoten aus Syrien ofzezéien, ofgezeechent huet, datt d‘Tierkei seng Arméi géint d‘Kurde géif asetzen. Zu éischte Kampfhandlungen ass et scho komm…

De syreschen Observatoire fir Mënscherechter* (SOHR) huet informéiert, datt eng 250 Mann vun de Syresch Demokrateschen Truppen (SDF) – dat ass d‘Allianz vu kurdeschen (YPG), arabeschen an turkmeneschen Eenheeten – Stad Manbij verlooss hunn. Eng Meldung déi vum Militärrot vu Manbij dementéiert ginn ass.

Aus Alliéierte gi Gejoter

D‘Kurdemiliz YPG hat Manbij 2016 den Dschihadiste vum Islamesche Staat (IS) ënner héije Verloschter ofgerongen. Heibäi waren déi kurdesch Kämpfer vun der internationaler Koalitioun, aus der Loft, mat Spezialeenheeten a Waffen ënnerstëtzt ginn.

Fir den tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan, si Kurden an éischter Linn „Terroristen“ ëmsou méi d‘Kämpfer vun der Kurdemiliz. Déi betruecht Ankara als de verlängerten Aarm vun der verbuedener Aarbechterpartei PKK. D‘Tierkei huet sech vun Ufank un, géint déi kurdesch Präsenz zu Manbij gewiert, an hat esouguer Washington opgefuerdert, sech aus der Stad zréckzezéien, fir d‘Kontroll iwwert d‘Regioun ze erhalen.

Heibäi geet et Ankara ëm zwee Grondsätz: als éischt soll verhënnert ginn, datt déi syresch Kurden un der tierkescher Grenz en duerchgoend, méiglecherweis autonoomt Kurde-Gebitt erriichten. Als zweet geet et drëms, an dësem Gebitt eng multiethnesch Gesellschaft ze verhënneren.

Ankara hat dann och a Dezember eng nei Offensiv ugekënnegt, ouni sech op en Datum festzeleeën. Dat ass net am Sënn vun den US-Strategen, déi sech mat der Entscheedung vum US-President schwéier dinn. Déi schéngen den Donald Trump schlussendlech iwwerzeegt ze hunn. De staarke Mann aus dem Wäissen Haus, dee sech den Ament mat den Demokrate wéinst dem Budget an den Hoer huet, hat eppes ze fréi d‘Victoire iwwert den IS verkënnt.

Den Trump ruddert zréck

Déi gesaten Ziler hätt een erreecht, an et wier elo un „deenen aneren“ (gemengt huet den Donald Trump: d‘Tierkei, Russland an den Iran) sech ëm d‘Iwwerreschter ze këmmeren. Dat huet zum Récktrëtt vum US-Verdeedegungsminister, Jim Mattis, gefouert. Och den US-Emissär fir déi international Koalitioun, de Brett McGurk huet fréizäiteg d‘Handduch geworf, him war et ne méi méiglech senge Partner d‘Entscheedunge vum Chef ze erklären.

E Mëttwoch huet den US-President seng „Entscheedung“ relativiséiert. Hien huet dementéiert, datt hien déi 2.000 US-Zaldote bannent véier Méint wéilt ofzéien. Géintiwwer de Journalisten huet hie behaapt, datt hien zu kengem Ament iwwert esou en Zäitraum geschwat hätt. Et wier villméi esou, datt iwwert dëse genannten Zäitraum, d‘Truppe progressiv ofgezu ginn.

Dem Donald Trump seng Ukënnegung d‘US-Zaldoten ofzezéien, hunn awer Begierden erwächt. Esou gëtt sech ëm den „Afloss an der Regioun“ gestridden. An de Provënzen Aleppo an Idlib, huet et déi lescht zwee Deeg hefteg Ausenanersetzunge ginn.

Laut dem SOHR sinn heibäi 31 Mënschen ëm d‘Liewe komm. De SOHR behaapt sech hei drop, datt dës Kampfhandlungen, tëscht deem mam Terrornetzwierk al-Quaida verbonne Comité zu Befreiung vum Levante (Hayat Tahrir al-Sham) an den Dschihadiste vun der syrescher Befreiungsfront „Nour al-Din al-Zenki“ déi vun der Tierkei ënnerstëtzt ginn, stattfonnt hunn. Hei géifen sech deemno Salafisten a Sunnitte géinteniwwer stoen…

mat Indymedia/VoA

Foto: Déi Syresch Demokrateschen Truppen (SDF) hunn sech als loyal Alliéiert am Kampf géint den Islamesche Staat (IS) erwisen. Si hu grouss Gebidder am syreschen Norde befreit, a ginn elo, wou Ankara seng Absichte bekannt ginn huet, vun der internationaler Koalitioun an den USA am Stach gelooss. © Voice of America

* De SOHR huet säi Sëtz a Groussbritannien, an huet sech zur Aufgab gemaach, d‘Verstéiss géint Mënscherechter a Syrien ze dokumentéieren. Eng onofhängeg Iwwerpréiwung vun hiren Deklaratiounen ass schwiereg bis net méiglech.

Ähnlech Sujeten Donald Trump, islamesche Staat, Kurden, Manbij, Recep Tayyip Erdogan, SDF, Syrien, Tierkei, YPG
Nächsten Artikel Virrechten Artikel