Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Réimech?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Réimech?

Réimech nennt sech gären d’Pärel vun der Musel. An déi

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Fetisch
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Fetisch

Um 18. Januar feiert weltwäit d’BDSM-Zeen ënnert dem liicht ironesche

USA: Fussballerinne verkloen de Verband wéinst Diskriminéierung
International Neiegkeeten

USA: Fussballerinne verkloen de Verband wéinst Diskriminéierung

Um Weltfraendag hunn 28 amerikanesch Fussball-Nationalspillerinne e staarke Message un

Syrien: Ass den tierkeschen Ugrëff op d‘YPG eng ethnesch Säuberung?

Syrien: Ass den tierkeschen Ugrëff op d‘YPG eng ethnesch Säuberung?

D‘Politiker an Europa si wéinst der tierkescher Aggressioun (Operatioun Olivenzweig) op d‘YPG am Norde vu Syrien besuergt. Déi kurdesch an tierkesch Communautéiten an Däitschland, Frankräich an esouguer an der Belsch stinn sech mëttlerweil haasserfëllt géinteniwwer.

„Mir hunn d‘Drecksaarbecht géint Daech gemaach an elo léisst een eis falen“, esou den eestëmmegen Avis vun der kurdescher Communautéit a Frankräich. D‘Roserei hëlt dann och zou, well de „Westen sech net zu der tierkescher Offensive“ an der syrescher Enklav Afrine positionéiert. Dat kéint dozou féieren, datt de Konflikt och hei offen ausbrécht.

Esou gëtt et dann och schonn däitlech Virzeechen: an Däitschland si Moschee vandaliséiert ginn, an déi kurdesch Diaspora fillt sech verroden, well et schlussendlech och déi Kurdesch Combattante waren, déi sech op viischter Front den Dschihadiste vum Islamesche Staat (IS) entgéint gestallt hunn, a maassgeeblech dru bedeelegt sinn, datt déi „geschloe“ sinn.

„All d‘Kurde sinn opbruecht. D‘Tierken hunn eise Buedem ugegraff a keen ënnerhëlt eppes dogéint. Virdrun, mat Daech, do huet d‘Welt eis gebraucht fir d‘Drecksaarbecht ze erleedegen. Mee haut, wou de Gros vun der Aarbecht gemaach ass, léisst een eis falen“, esou de Paräisser Händler Ismail Akgul (55) mat Tréinen an den Aen.

Vun alle verrode ginn

„Mir si verrode ginn, vu Russland an Amerika. Den Erdogan handelt wéi en Diktator a kee krëmmt de klengste Fanger“, esou de Meyti Tanrivverdi, viru sengem kurdesche Restaurant.

Wei hir Familljen a Frënn, verfollegen och den Ismail an de Meyti mat grousser Suerg d‘Offensiv vun der tierkescher Arméi, déi säit e Samschdeg déi ganz Regioun vun Afrine an Angscht a Schrecke versetzt. Déi kurdesch Miliz YPG, vu Washington an der internationaler Koalitioun ënnerstëtzt, gëtt vun Ankara als terroristesch Band betruecht.

Zanter e Samschdeg manifestéieren uechter ganz Frankräich d‘Kurde, fir dës Offensiv géint d‘Eenheeten zum Schutz vum Vollek ze veruerteelen. D‘Offensiv déi elo scho fënnef Deeg unhält, huet 90 Affer an de Reie vun der YPG, mee och de syresche pro-Ankara Rebelle gefuerdert. Eng 30 Zivilisten, dorënner och Kanner, hätten déi tierkesch Aggressioun bis ewell mam Liewe bezuelt.

Fir de nächste Samschdeg ass nees zu enger Manifestatioun zu Paräis opgeruff ginn. D‘Organisateuren erhoffen sech wéinstens 10.000 Leit – vun der ronn 250.000 Persoune staarker kurdescher Communautéit am Frankräich – mobiliséiert ze kréien. Zu Köln wäert och Manifestéiert ginn, an hei erwaarden sech d‘Organisateure gutt 15.000 Leit.

An Däitschland dierf een da bedaueren, datt et tëscht der tierkescher a kurdescher Communautéit zu ëmmer méi Ausenanersetzunge kënnt. Dat läit net zu lescht um Afloss deen Ankara op déi tierkesch Communautéit an Däitschland huet, wat de Vandalismus géint Moscheeën net entschëllegt. Futtis Fënsteren an Opschrëfte wéi „Revanche fir Afrine“! Erhief dech!“, enthale Konfliktpotential.

Kee Vertraue méi a Keen

D‘Selma Akkaya, Journalistin vun der kurdescher Dageszeitung „Politika“ an Europa, ass dann och net verwonnert: „D‘Kurde sinn opbruecht. Wéi Daech zu Raqqa ‚eliminéiert‘ war, hunn d‘Kurde Syrien ‚gebotzt‘. Duerno hunn sech d‘Staaten een nom anere géint d‘Kurden opgestallt. Dat ass d‘Gefill, dat déi kurdesch Häerzer erfëllt“.

Si kënnt ewell all Dag an de Foyer vum kurdeschen demokratesche Rot (CDK-F) wou och den Agit Polat – deen als Vertrieder vum Rot och déi 24 kurdesch Organisatiounen a Frankräich zesummenhält – vill Zäit verbréngt. Op sengem Handy wéisst hien eis d‘Biller vu bluddege Läichen.

„D‘Bombardementer zu Afrine sinn e Krichsverbriechen. Et ass e Massaker, Dosenden Ziviliste sinn ermuert ginn, Fraen a Kanner. Déi Mënschen déi Ankara als Terroriste bezeechent, sinn déi wou Daech bekämpft hunn. D‘Aggressioun vun der Tierkei ass eng ethnescher Säuberung. Den Erdogan huet selwer betount net een eenzegen ‚Terrorist‘ dierf iwwerliewen“, esou den Agit Polat.

Am Gank deen zu sengem klenge Büro ouni Fënster féiert, trëlle Fändelen an Affichen, op deenen d‘Victoire iwwert den Erdogan-Faschismus ugekënnegt gëtt. An och den Agit Polat veruerteelt, d‘Haltung vun de westleche Länner géintiwwer Russland: „Ouni deenen (de Russen) hir Zoustëmmung hätt Syrien ni de Loftraum fir déi tierkesch Loftwaff opgemaach“.

„Et ass och dat Gefill vun alle Säiten eleng gelooss ze ginn, ugefaange bei der internationaler Communautéit. Mee et soll een net vergiessen, datt dat kurdescht Vollek säi Kampf ëmmer eleng gefouert huet, bis op déi lescht véier, fënnef Joer“, esou den Agit Polak dënn dann nach betount: „d‘Kurde wäerten déi tierkesch Truppen zréckweisen, wéi si et scho mat Daech gemaach hunn“.

„Mir si staark. Kee wäert d‘YPG schloen“, mengt och de Ismail Akgul a warnt: „dat kurdescht Vollek huet es sat. Et ass net déi éischte Kéier datt een eis esou fale léisst. Bei all Krich ass et datselwecht. Mir vertraue kengem méi“.

An der Communautéit erënnert een esou och un dee laange Kampf fir d‘Unerkennung vum kurdesche Vollek, déi stänneg vun net gehale Versprieche vun de Groussmuechte begleet ginn ass. „Et ass méiglech, datt d‘Kurden enges Daags soe wäerten: Stop! Mir sinn net méi déi wou iech déi knaschteg Aarbecht ofhuelen. An da stellt sech d‘Fro wat passéiert“, ënnersträicht den Agit Polat.

Berlin verlaangt Erklärungen

Um Mëttwoch huet Berlin vum tierkesche Verdeedegungsminister Erklärunge gefuerdert. Berlin déi an dësem besonnesche Konflikt keng gutt Figur mécht, well se entspriechend Rëschtungsgidder un d‘Tierkei geliwwert huet.

Syrien

Däitsch Leopard II Panzer gi géint d‘Kurden a Nordsyrien agesat. Elo solle d‘Tierkei eng eege Fabrick vu Rheinmetall kréien, mat där se hir Leopard-Panzer verstäerken an oprëschte kënnen. © Ozan Kose/AFP

De Martin Erdmann, däitschen Ambassadeur hat sech mam Minister Nurettin Canikli iwwert d‘Aggressioun a Nordsyrien ënnerhalen. Dobäi soll et drëms gaange sinn, wéi d‘Offensiv gefouert gëtt a wéi déi vun Däitschland geliwwert Panzer sollen agesat ginn. Ëmmerhin notzt Ankara seng fuschnei Leopard II Panzer fir d‘Kurdemiliz YPG néierzewalzen.

354 vun dësen héich moderne Panzer huet Berlin tëscht 2006 a 2011 un Ankara ausgeliwwert, dat ganz legal, ëmmerhin ass d‘Tierkei e NATO-Partner. De Vertrag deen 2005 nach ënnert dem Kanzler Gerhard Schröder (SPD) verhandelt an ënnerschriwwe ginn ass, verbitt net formell en Asaz dee géint internationaalt Recht verstéisst.

Den Äifer bremsen…

Elo erhiewen sech dann awer och an Däitschland d‘Stëmmen, an d‘Kritik géintiwwer Ankara an der tierkescher Aggressioun hëlt zou. „Et ass vëlleg ausgeschloss, datt Däitschland weiderhin dozou bäidréit d‘Kampfpotential vun de Leopard-Panzer ze erhéijen, wann déi tierkesch Regierung se géint d‘Kurden a Syrien asetzt“, esou de Norbert Röttgen (CDU) am Tagesspiegel.

A de konservativen Deputéierten, vun deem gesot gëtt, datt hien der Kanzlerin nosteet, leet nach eng drop: „Waffeliwwerungen un Ankara misste verbuede ginn, datt unhand der Situatioun vun de Mënscherechter an der Demontage vum Rechtsstaat an der Tierkei“.

Dat ass dann de Moment wou een awer muss drun erënneren, datt den Deputéierten och President vun der Kommissioun fir den Aussenhandel ass. An an dësem Zesummenhang muss dann drop higewise ginn, datt Ankara vu Berlin op „déi gréng Luucht“ waart, fir vu Rheinmetall – dat ass den Hiersteller vum Leopard-Panzer – eng ganz Fabrick geliwwert ze kréien.

Et dierft och net wierklech de Kurden en Trouscht sinn, datt déi däitsch Regierung d‘Waffeliwwerungen un den tierkeschen NATO-Partner agefruer hunn, nodeems et 2016, nom geplatzte „Putsch“ zu erschreckend brutal Pürgen am tierkesche Staatsapparat komm ass. Mee et ass allerdéngs och rieds, vun engem „Enn vun der Äiszäit“.

mam Jacques Klopp/AFP

Foto: Syresch Kurden hale virum UN-Büro an der nordirakescher Stad Arbil (Haaptstad vun der Autonomer kurdescher Provënz) Plakater an Olivenzweig héich, fir géint déi tierkesch Aggressioun a Nordsyrien ze protestéieren. © Safin Hamed/AFP

Ähnlech Sujeten Afrine, Rheinmetall, Syrien, Tierkei, YPG
Nächsten Artikel Virrechten Artikel