Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung
International Neiegkeeten

am i missing out by not dating

Déi national Gesondheetskeess (CNS) huet lescht Woch misse feststellen, datt

crew me dating app
International Neiegkeeten

D’Taina Bofferding beim FNCTTFEL

Gëschter huet eis Inneministesch Taina Bofferding d’Vertrieder vum Landesverband (FNCTTFEL)

money
Frankräich ass vun engem Handelsaccord EU/USA net begeeschtert
International Neiegkeeten

Frankräich ass vun engem Handelsaccord EU/USA net begeeschtert

Am Kader vu sengem Staatsbesuch a Spuenien, huet de franséische

Syrien: Waffestëllstand am Süde vun Damaskus

Syrien: Waffestëllstand am Süde vun Damaskus

Um Samschdeg ass tëscht dem Regimm vun Damaskus an dem Grupp Islamesche Staat (IS) am Süde vun Damaskus, e Waffestëllstand a Kraaft getrueden. Hei hunn sech déi lescht Dschihadiste verschanzt, déi op en Accord hoffen, mat deem eng Evakuéierung soll erméiglecht ginn.

Virun engem Mount hat de Baschar al-Assad den Uerder fir eng breet ausgeluechte Loft- a Buedemoffensiv ginn. Heibäi ass et drëms gaangen, déi lescht Bastioun vum IS am Süde vun Damaskus néierzeschloen. Zil vun der Operatioun: d‘Kontroll iwwert d‘Haaptstad consolidéieren an d‘Ëmgéigend sécheren.

Zanter dem 19. Abrëll, ass et de regimetreien Truppe gelongen, e konsequenten Deel vun dëser Bastioun anzehuelen. Elo ee Mount méi spéit, war um 12:00 Auer (lokal) fir fënnef Stonnen e Waffestëllstand ausgeruff ginn, deen awer bis ewell unhält, esou de syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR).

Den Direkter vum SOHR, Rami Abdel Rahmane, erkläert: „D‘Astellung vun de Kampfhandlungen ass d‘Virspill zur Evakuatioun vun den IS-Combattanten an déi syresch Badia (Wüst), esou wéi et am Accord festgehale ginn ass, dee virun der Offensive vum Regimm ausgehandelt gouf“. Laut dem Rami, sollt den Transfert vun den Dschihadisten an de nächsten Deeg ulafen.

Wéi een Accord?

Laut dem SOHR, ass den Accord, deen et net op Pabeier gëtt, vun de Russen a palestinensesche Refugiéeën – déi sech a Syrien installéiert hunn an de Baschar al-Assad ënnerstëtzen – ausgehandelt ginn. Offiziell syresch Medien hunn d‘Existenz vun engem Accord allerdéngs bestridden.

„Et gëtt keen Accord tëscht der arabesch-syrescher Arméi an der Terrorgrupp „Daech“ (déi arabesch Bezeechnung fir den IS) zum Quartier vun Hajar al-Aswad. Et gëtt hei prezis Informatiounen“, heescht et säitens de offizieller syrescher Presseagence Sana. Déi regimetrei Truppen hu schonn de Quartier vu Qadam ageholl, mee d‘Kämpf ëm Hajar al-Aswad ware besonnesch ustrengend.

Wann d‘Informatioune vum SOHR schlësseg sinn, da kontrolléieren d‘Dschihadisten elo manner wéi 70% vum palestinensesche Lager vu Yarmouk, deen sech zu engem Quartier vun Damaskus gebilt huet. Och en Deel vum Quartier vun Tadamoun, nërdlech vum Lager, hunn d‘Dschihadisten an Tëschenzäit misse raumen.

D‘Dschihadiste sollen tëscht dem 19. Abrëll a 19. Mee, 56 Zivilisten, an 251 regimetrei Zaldoten ëmbruecht hunn. An den eegene Reien huet Daech 233 Combattante verluer, esou den SOHR weider. Géif et dem Regimm geléngen, déi lescht Gebitter, déi vun den Dschihadiste gehale ginn ze befreien, wier d‘Haaptstad an Ëmgéigend säit 2012 nees ganz an der Hand vum Baschar al-Assad.

Wat vum IS nach iwwreg ass

Geschloen duerch déi sëlleche Militäroperatioune géint säin am Joer 2014 autoproklaméierte „Kalifat“ – eng grenziwwerschreidend Zon am Irak a Syrien – huet den IS nach d‘Kontroll iwwer ronn 5% vum syreschen Territoire. Ofgesi vun Damaskus, behält den IS nach an kleng Positiounen am Zentrum an am Osten.

De Krich a Syrien war 2011 ausgebrach, nodeems de Regimm friddlech Manifestatiounen néiergeschloen hat, wou d‘Mënschen demokratesch Reforme gefuerdert haten. Mat der Amëschung vun dschihadistesche Gruppen an auslännesche Muechten, ass de Konflikt ëmmer méi komplex ginn. Bis haut sollen 350.000 Mënschen an dësem Konflikt gestuerwe sinn.

mat AFP

Foto: Beim Treffen zu Sotschi hunn sech de russesche President, Vladimir Putin an de Baschar al-Assad iwwert d‘Fortschrëtter bei Kampf géint den Islamesche Staat ënnerhalen. De Waffestëllstand vum Samschdeg schéngt dann och ze halen, an d‘IS-Combattante sollten sech dierfen an d‘Wüst zeréckzezéien. © Mikhaïl Klymentyev/Sputnik/AFP

Ähnlech Sujeten Baschar al-Assad, Damaskus, islamesche Staat, Syrien, Vladimir Putin, Waffestëllstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel