Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loscht op Kino? Dann ass dat eleiten dat richtegt fir dech! Festival CINÉAST
International Neiegkeeten

speed dating london 35 45

Säit elo 2008 gëtt et de Festival vum zentral- an

https://moien.lu/srpski-dating-app/
International Neiegkeeten

LuxLeaks: De juristesche Volet ass fir den Antoine Deltour ofgeschloss

Wéi den Antoine Deltour gëschter d‘Geriicht um Helleggeeschtplateau verlooss huet,

Paräisser Accord: EU a China stellen sech géint den Trump
International Neiegkeeten

Paräisser Accord: EU a China stellen sech géint den Trump

EU a China treffen sech haut a muer zu Bréissel,

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta

Eng 20.000 Ziviliste konnten um Donneschdeg d’Rebellen-Enklav vun der ëstlecher Ghuta verloossen. Dat no enger fënnef Joer laanger Belagerung an engem Mount heftegste Bombardementer säitens de syresche Regierungstruppen.

Siwe Joer nom Ufank vum Konflikt gesäit et awer esou aus, datt de President Baschar al-Assad, ënnerstëtzt vu Russland, d’Héichbuerg vun de Rebellen nees kéint ënnert seng Kontroll bréngen.

An dësem komplexe Krich mat vill ënnerschiddlechen Acteuren, fënnt dann nach e weideren Exodus statt. Aus der Stad Afrine, déi vun den tierkeschen Truppe belagert gëtt, konnten och 30.000 Ziviliste flüchten.

D’Offensiv vun der Ghuta huet den 18. Februar ugefaangen. Mat Loftschléi an Artilleriebeschoss vun enger seelener Intensitéit, huet Damaskus mat Hëllef vu sengem russeschen Alliéierten d’Enklav Stuermräif geschoss. E séchert Virzeeche fir eng Buedemoffensiv.

Wann een den Informatioune vum syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR) gleewe kann, hätt Damaskus elo 70% vun der ëstlecher Ghuta ënner Kontroll. Dat zum engem héije Präis: 1.260 Zivilisten, dovunner 250 Kanner, sinn dout. Iwwer 4.800 solle verletzt sinn.

Um Donneschdeg, wou et verhältnesméisseg roueg soll gewiescht sinn, wiere laut dem SOHR 12 Zivilisten duerch Bombardementer verstuerwen, esou den SOHR.

Ze Fouss, um Moto oder am Auto, syresch Familljen, iwwermidd an auserhéngert, hunn Hammouriye an Ëmgéigend verlooss, fir Schutz an de Zonen ze fannen, déi vu Regierungstruppe gehale ginn. Si hunn hir Haiser, Noperen an deels och Familljememberen zréckgelooss.

„Mir enorm gelidden, et gouf näischt méi z’iessen, keng Medikamenter an mir hu Stonnen am Keller verbruecht“, erzielt d’Hania Homs (30) dem AFP Journalist bei engem Barrage, dee vu Regierungstruppe bewaacht gëtt.

„Mir hunn eist Haus opginn. Ech hunn esouguer mäi Meedchen ënnert den Trëmmer gelooss“, esou den Ismaïl, „ech konnt et net ausgruewen“.

D’UNO schlecht informéiert

Wann den SOHR vun 20.000 Ziviliste schwätzt, déi d’Enklav solle verlooss hunn, esou kann d’UNO dat net bestätegen. „D’Zuel vun den Departen ass eis net bekannt, mir wëssen och net wou déi Leit hiwëllen“, esou ee syresche Verantwortlechen.

Et sinn awer Opfaangstrukturen amenagéiert ginn. Déi mécht an Stied no un der Haaptstad, esou wéi zu Adra. Och konnten nees 250 Leit, dovunner 40 Kranker, aus der Stad Douma evakuéiert ginn. Och en humanitäre Convoi, a Begleedung vum CICR-President Peter Maurer, ass an Stad erakomm.

De Convoi, deen dat internationaalt Rout Kräiz, de rouden arabeschen Hallefmound an d’UNO zesummegestallt hunn, hat Liewensmëttel fir 26.000 Mënschen derbäi. „Et ass dat nëmmen e Brochdeel, vun dem wat d’Familljen dréngend brauchen“, esou den CICR.

Owes solle Regierungstruppen, mat der Hëllef vu russescher Beroder an Offizéier, d’Duerf al-Rihane bei der Stad Douma ageholl hunn, mellt den SOHR. Dofir en anert Bild zu Hammouriye, dat eigentlech zeréckeruewert war. Hei hunn den dschihadistesche Grupp Hayat Tahrir al-Cham an d’Rebellegrupp Faylaq al-Rahmane eng Géigenoffensiv ënnerholl.

Moskau ass schold

Washington huet um Donneschdeg dann och nach Russland beschëllegt „de Kompliz vum Assadregime, a moralesch verantwortlech fir déi grouss Nout ze sinn“. De Generol H.R. McMaster, Sécherheetsberoder vum Donald Trump mengt dann och: „Et ass déi Zäit komm wou ee Moskau ‘politesch a wirtschaftlech’ Mesure muss operleeën“.

„All ziviliséiert Natioune mussen den Iran a Russland zur Rechenschaft zéien, fir hire Rôle dee si gespillt hunn a méiglech gemaach huet, esou vill Grausamkeet a Leed iwwer Syrien bruecht ze hunn“, esou de McMaster weider.

Op enger anerer Front, déi tierkesch Arméi. Déi versicht zanter dem 20. Januar, mat syresche Regimegéigner, d’Kurdemiliz YPG aus der Regioun Afrine ze verjoen. Laut engem AFP-Korrespondent an der Stad Afrine, versichen Ziviliste Schutz an den Dierfer ze fannen, déi ënnert der Kontroll vun de regimetreien Truppe sinn.

Fir déi Awunner, déi net aus der belagerter Stad erauskommen, gëtt et ëmmer méi schwéier u Liewensmëttel ze kommen. Laang Schlaange bilden sech esou virun de Bäckereien an de Waassercamionen.

mam Rim Haddad an dem Hassan Mohammed/AFP

Foto: Si hunn et aus der Enklave vun der ëstlecher Ghuta gepackt. Zaldote vum Assadregime versuergen d’Familljen déi hei ukomme mat Waasser. © Louai Beshara/AFP

Ähnlech Sujeten Afrine, CICR, Ghuta, Syrien, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel