Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Salvini verléiert: Rettungsschëff „open Arms“ zu Lampedusa ukomm
International Neiegkeeten

Salvini verléiert: Rettungsschëff „open Arms“ zu Lampedusa ukomm

No dräi Wochen um Mier ass d‘Schëff vun der spuenescher

Op Halloween hunn d‘Rabbelkäpp d‘Police beschäftegt
International Neiegkeeten

Op Halloween hunn d‘Rabbelkäpp d‘Police beschäftegt

Et ass sécherlech net Halloween eleng geschëlt, datt d‘Police an

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee
International Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus

Iwwer 400 Doudeger, wouvunner eng 100 Kanner, sinn zanter e Sonndeg an der Rebellen Enklav vun der ëstlecher Ghuta ëmbruecht ginn. Si sollen de Bomme vum syresche Regimm zu Affer gi sinn, während de russeschen Alliéierten op der UNO eng Resolutioun „bremst“, déi sech fir eng humanitär Wafferou asetzt, elo haut awer ka gestëmmt ginn.

An et sinn dann och dem Baschar al-Assad seng Truppen, déi um Donneschdeg e Feierstuerm an der Regioun ausgeléist hunn. Eng Géigend virun den Diere vun Damaskus, déi éiweg laang belagert gëtt. Elo, ugesicht dem bedriwwenen Opwand, soll se nees zréckeruewert ginn. ONGen, international Organisatiounen a Regierunge soen sech „schockéiert“ vun der Gewalt.

D‘Land  ass zanter 2011 vum Krich beherrscht. E Krich, deen iwwer 340.000 Doudeger gefuerdert huet. Mee un esou een Asaz vu Gewalt kéint ee sech net erënneren. An der ëstlecher Ghuta, wou eng 400.000 Awunner iergendwéi versichen ze iwwerliewen, ass de Präis a Mënscheliewen héich. Gläichzäiteg ass d‘Zerstéierung un Haiser an Infrastruktur kolossal.

„Baache vu Blutt“ op der Strooss déi zu engem Spidol an der Stad Douma fléissen, esou d‘Beschreiwung vum AFP-Korrespondent. Eng Kéier ukomm, bericht hie vu ville Läiche, dorënner och Kanner. Laut dem syreschen Observatoire vun de Mënscherechter (SOHR), wiere säit e Sonndeg 416 Zivilisten, dovunner 95 Kanner, bei de Bombardementer ëm d‘Liewe komm.

Onhaltbar Situatioun

Um Donneschdeg op der UNO zu New York, huet de russeschen Ambassadeur Vassily Nebenzia ugekënnegt, datt et keen Accord tëscht de Membere vum Sécherheetsrot gëtt. Esou kann et och keng Wafferou ginn, iwwert déi zanter zwou Woche verhandelt gëtt, an aus humanitäre Grënn fir ee Mount soll gëllen. Russland ass den Alliéierte vum syresche Regimm.

Washington a Paräis veruerteelen op d‘schäerfst déi russesch Positioun. De franséischen Ambassadeur François Delattre schwätzt dann och vun enger onhaltbarer Situatioun fir d‘Zivilisten. Säi schwedeschen Homolog, Olof Skoog, erhofft sech awer d‘Ofstëmmung vun enger Resolutioun fir eng Wafferou. Si ass vu Schweden an dem Kuwait ausgeschafft ginn.

D‘Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert, huet um Donneschdeg de Russen d‘Schold fir den Doud vun den Ziviliste ginn. D‘USA sinn iwwerzeegt, datt ouni d‘Ënnerstëtzung vu Russland, dës Zerstéierung an virun allem den Horror deen d‘Bevëlkerung duerchlieft, net méiglech wieren. Moskau mécht dann och ëmmer nees Gebrauch vu sengem Vetorecht.

D‘Hell op der Äerd

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres schwätzt vun der „Hell op der Äerd“. Den héije Kommissär fir Mënscherechter, Zeid Ra‘ad Al Hussein, huet zum Enn vun der Vernichtung opgeruff. Den internationale Comité vum Roude Kräiz (ICRC) fuerdert sengersäits en Zougang an déi ëmkämpfte Géigend, fir de Verletzten zu Hëllef ze kommen.

„De Regimm behaapt bewaffent Gruppen ze viséieren, mee a Wierklechkeet trefft en nëmmen Zivilisten“, iergert sech den Dokter Ahmed Abdelghani. Hie versicht de Leit mat bloussen Hänn an de Spidäler vun Hammouriye an Arbine ze hëllefen. „Et ass en zivilt Spidol, firwat gëtt op eis geschoss?“. Dat gëtt esou vun MSF bestätegt, déi vun 13 betraffe Spideeler beriichten.

Bei de Loftschléi vum Donneschdeg, an dem Beschoss mat Rakéiten, sollen 59 Ziviliste gestuerwe sinn. Besonnesch betraff d‘Stad Douma. Hei solle laut dem SOHR 37 Leit d‘Liewe verluer hunn. Den Observatoire behaapt zudeem, datt déi russesch Loftwaff un dësen Ugrëff deelgeholl hätt.

An der Stad Hammouriye, huet e weideren AFP-Korrespondent Awunner gesinn, déi sech bei engem Geschäft Iesswuere besuerge wollten, wéi d‘Bombardement lassgaangen ass, et Aschléi direkt beim Geschäft ginn huet, an alles d‘Flucht ergraff huet.

Eng breet ugeluechten Offensiv

Dem Baschar al-Assad seng Truppen si beméit nees d‘Hand iwwer déi ëstlech Ghuta ze leeën. Si wëllen an éischter Linn de Beschoss vun Damaskus duerch Rakéite vun de Rebellen verhënneren. Laut der Dageszeitung Al-Watan, kann et zu all Moment zu enger breet ugeluechte Buedemoffensiv kommen. Déi regimetrei Zaldoten wiere gutt opgestallt a motivéiert.

Säit dem Sonndeg sinn zu Damaskus 16 Leit duerch Artillerie a Rakéitebeschoss vun de Rebelle gestuerwen. Eng Mediemeldung déi sech mat den Informatioune vum SOHR deckt. Laut dem syresche Vertrieder op der UNO, Baschar Jaafari, wieren um Donneschdeg honnerte Mörser-Granaten a Rakéiten op Damaskus néiergaangen.

Dobäi, esou déi Offiziell SANA, soll e Kand zu Schued komm sinn. De russeschen Ausseminister Sergueï Lawrow, leet dann och grousse Wäert drop hinzeweisen, datt Moskau de Kämpfer am ëstleche Ghuta ugebueden hat sech aus dem Secteur zréckzezéien. E Virschlag dee vun den Dschihadisten an hiren Alliéierte kategoresch ofgewise gi wier.

D’Situatioun ass mat de Joren ëmmer méi komplex ginn

Säit 2011 de Krich a Syrien sech verschäerft huet, si verschidde Rebelle-Géigenden, wéi d‘Alstad vun Homs (2012) oder Aleppo (2016) duerch Bombardementer reegelrecht platt gemaach ginn. Ëmmer begleet vun enger Belagerung, mat där d‘Rebellen oder soss Anti-Regime Gruppéierunge solle gezwonge ginn, d‘Waffen néierzeleeën.

Hei ass et awer wichteg drun ze erënneren, datt och wann de Konflikt a Syrien am Ufank, „Rebellen“ a regimetrei Truppe géinteniwwer gestallt hat, esou ass d‘Situatioun mat der Zäit ëmmer méi komplex ginn. Mam Agräife vun den Dschihadisten an den auslännesche Muechten war et séier oniwwersiichtlech ginn.

Wéi dunn 2015 d‘Russen sech ëffentlech op d‘Säit vum Baschar al-Assad gestallt hunn, an och mat eegenen Truppen an de Konflikt agegraff hunn, huet de syresche Regimm nees d‘Iwwerhand kritt. Esou ass et der regulärer syrescher Arméi dann och gelongen nees iwwert d‘Hallschent vum Staatsgebitt ënner Kontroll ze kréien.

mam Hassan Mohammed an dem Abdulkmonam Eassa zu Hammouriye/AFP

Foto: Wéi een et och dréit a kéiert, e faire Krich gëtt et net. Dat 9 järegt Hala, dat bei de Loftschléi zu Saqba verletzt ginn ass, ënnersträicht dat op beandrockend Aart a Weis. D‘Kanner, d‘Fraen an déi eeler Leit, sinn ëmmer an éischter Linn déi Zivilisten déi de Präis vun esou engem Konflikt mat hirem Liewe musse bezuelen. © Amer Almohibany/AFP

Update 08:50: Generell Korrekturen

Ähnlech Sujeten Baschar al-Assad, Damaskus, Rebellen, Russland, Syrien, Vereente Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel