Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir d’Mierer a seng Liewewiesen – Kennt Dir Sea Shepherd?
Money Neiegkeeten

Fir d’Mierer a seng Liewewiesen – Kennt Dir Sea Shepherd?

Bei Sea Shepherd handelt et sech ëm eng international a gemengnëtzeg

Dossier Khashoggi: UN-Ermëttlerin belaascht saudesch Regierung
Money Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: UN-Ermëttlerin belaascht saudesch Regierung

Zanter der Ermordung vum Dissident a Kolumnist, Jamal Khashoggi, an

Méi Plaz fir déi douce Mobilitéit wärend dem Deconfinement
Money Neiegkeeten

Méi Plaz fir déi douce Mobilitéit wärend dem Deconfinement

Wärend der Pandemie ass d’Wichtegkeet vun der doucer Mobilitéit nees

money

Wat d‘Kris fir d‘Gemenge bedeit

Wat d‘Kris fir d‘Gemenge bedeit

Datt déi sanitär Kris net nëmmen en zolitte Problem fir d‘Wirtschaftssecteuren am allgemengen a fir d‘Bierger am besonneschen ass, dierf net ausblennen, datt och eis Gemengen zolidd gelidden hunn. Mat sech ofzeechnender Wirtschaftskris, gëtt d‘Situatioun vu de Gemengen net besser, och wann sech der do Besser sti wéi anerer. Hei muss de Staat senger Verantwortung gerecht ginn.

Wärend de sanitärer Kris, hunn d‘Gemengen am Land vill Efforte gemaach. Net nëmmen datt si op déi vulnerabelst Matbierger an hire Gemenge besonnesch uecht gedoen hunn, nee sinn hunn sech stänneg mat Mesuren a Projeten abruecht, fir den Zesummenhalt vun hire Communautéite weider ofzesécheren. Fir vill Bierger ass dat normal, mee esou lues hunn d‘Gemengen d‘Gefill eleng gelooss ze ginn. Dobäi stellen si déi vill Hëllefe fir d‘Wirtschaftsacteuren absolutt net a Fro.

Bei der Sëtzung vum Syvicol (8. Juni) ass ervirgehuewe ginn, datt et do Gemenge gëtt – dovunner fënnef déi besonnesch impaktéiert sinn – déi guer net méi an der Lag wieren, en ordinäre Budget op d‘Been ze stellen. De Syvicol bezitt sech hei op d‘Zuelen aus dem Finanzministère, aus deenen elo ervirgeet, datt d‘Gemenge ronn 420 Milliounen Euro u Recette verléieren, dat just fir dëst Joer.

Esou ginn eleng bei der Gewerbesteier 25% fleeten, an och d‘Dotatioun vum Staat geet ëm 17,4% zréck. Wann een do bedenkt datt de finanziellen Apport fir 2020, bei ronn 1,9 Milliarden Euro geleeën huet, kann ee sech d‘Suerge vun de Gemengen a Stied gutt virstellen. Datt d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) verséchert huet, datt keng Gemeng géif faillite maachen, gëtt begréisst mee schéngt awer net wierklech Trouscht ze sinn. Ze vill Ongewëssheete suerge fir Onmutt.

D‘Ongewëssheet ass ee schlechte Beroder

Mat ee vun de gréisste Problemer fir de Syvicol besteet doranner, datt een d‘Ausmooss vum Impakt einfach net ofschätze kann, zumindest net an engem Mooss, deen et engem géif erlabe Previsiounen ze maachen. Et stellt jo och d‘Fro wéi elo mam progressiven Deconfinement ëmzegoen ass. Déi finanziell Situatioun iwwert en Emprunt ofsécheren ass nëmmen eng Optioun wann een dësen och honoréiere kann. Dat awer ka séier derzou féieren, datt een op Investitioune verzichte muss.

Fir den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana stellt den Appell vun der Regierung un d‘Gemengen, eng antizyklesch Politik ze ënnerstëtzen an hir Investissementer oprechtzeerhalen, en zolitte Problem duer. Ganz ofgesinn datt déi individuell Situatioun vun all Gemeng a Stad muss behäerzegt ginn, wéi soll et méiglech eng kloer Analys vun de Gemengefinanzen ze maachen?

Um Beispill vun der Gemeng Buerschent léisst sech de Problem gutt erklären. Déi huet de leschten Exercice mat engem Iwwerschoss vu 4.000 Euro ofgeschloss. D‘Buergermeeschtesch Annie Theis freet sech zu Recht, wéi et soll virugoen, wann hinne vun elo op direkt 1,6 Milliounen Euro verluer ginn. Ouni Recette kann ee gudde Gewëssens keen Emprunt ophuelen, an d‘Zukunft ass ongewëss.

Fir de President vum Syvicol, Emile Eicher, muss een dëse Problem anescht ugoen. Fir hien ass elo primär wichteg datt ee kuerzfristeg, mëttelfristeg a laangfristeg Léisunge beréit, déi de besonnesch finanzschwaache Gemenge mussen zoukommen. Eng Méiglechkeet wier de Plafong vun de Subside – deen ass zanter 15 Joer net méi ugeglach ginn – ze erhéijen. An dësem Sënn wier et gutt eng Entrevue mat der Regierung ze hunn, fir eng gemeinsam Strategie am Konsens auszeschaffen.

Illustratioun: © Karla Hernandez / unsplash

Ähnlech Sujeten Budget, Deconfinement, Gemengefinanzen, Relance, Syvicol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel