Search

You may also like

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“
Neiegkeeten

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“

Dat schlecht Wieder huet den dausende Party-Gäscht vun der Technoparad

Hueschtert: Entsuergt een esou een Déier?
Neiegkeeten

Hueschtert: Entsuergt een esou een Déier?

Een opmierksame Lieser huet dës Foto gëschter am Nomëtteg op

A Gedenken un de Samuel Paty
Neiegkeeten

A Gedenken un de Samuel Paty

Den OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW-OGBL) ass Fassungslos an an

Syvicol: Kréie mir den „Après-Crise“ gestemmt?

Mir wëssen elo, datt et schwéier ass, a kënnen hëllefen datt d‘Gemengen an d‘Stied et packen

Syvicol: Kréie mir den „Après-Crise“ gestemmt?

Bei senger éischter nees physescher Sëtzung, huet de Syvicol gëschter en éischten zefriddestellende Bilan am Ëmgang mat der sanitärer Kris, ausgeléist duerch d‘Covid19-Pandemie, dierfen zéien. De Rôle deen déi 102 Gemengen an dëse, jo awer schwieregen Zäiten, iwwerholl hunn bleift weiderhin e wichtegen.

Aus Plazgrënn a sécher och wëll et Sënn gemaach huet – d‘Journaliste wollte jo och dës éischt Reunioun am Kontext vun der Phas 2 vum Deconfinement verfollegen – huet d‘Sëtzung vum interkommunale Syndikat an der Stad stattfonnt. De Sall an deem üblecherweis de Gemengerot siegéiert, bitt entspriechend vill Plaz, an de virtuelle Raum bitt net deeselwechten Echange.

Zur Confinement-Period ass ze soen, datt et wuel am Ufank deen een oder anere „Problem“ ginn huet, een awer séier zu enger zefriddestellender Kommunikatioun mam Inneministère fonnt huet. Och de Gesondheetsministère hätt séier verstanen, wéi wichteg dat „matenaner Schwätzen“ an der Krisesituatioun ass, a wéi wichteg d‘Gemengen an d‘Stied als Partner an esou enger Situatioun sinn.

Sécher hätt et bei deem engen oder anere Punkt ënnerschiddlech Vue ginn, d‘Interpretatioun konnt jee no Standpunkt scho fir Dissens suergen. Et wier awer an alle Fäll ëmmer, eng fir all d‘betraffe Parteien, akzeptabel Konsensléisung fonnt ginn. Datt ass jo och wichteg, schliisslech hunn déi op lokalem Plang aktiv Politiker e besseren Drot zur Bevëlkerung wéi d‘Regierung, esou de Syvicol.

Aarbecht haten si also genuch, an et ass een nach wäit dovunner ewech vun Entspanung schwätzen ze kënnen. Si hunn den eeleren an de vulnerabele Persoune gehollef, hinnen nogelauschtert a waren och soss ëmmer fir hir Awunner um Dill. D‘Verdeele vun de Masken hu se gutt gemeeschtert kritt, a bei der Reouverture vun de Grondschoule mussen si elo och zolidd d‘Äerm eropkrämpelen.

Wann dann am laf vun dëser Woch, den Inneministère alle Menagen iwwert de Postwee e Bon fir e weidere Set vu 50 Masken zoukomme gelooss huet, kréien d‘Membere vum Syvicol nach eppes weider Aarbecht. Dës Kéier ginn se awer net vun Dier zu Dier verdeelt, firwat d‘Gemengen nach hiren Administréierte wäerten e Courrier zoukomme loossen, wou de Virgank erkläert gëtt.

Programméiert ass dës Aktioun fir ëm de 25. Mee, wat mam Dag vun der Reprise vum Unterrecht zesummefält. Jee no Gemeng kann ee béides net nieft enaner oflafe loossen, firwat een och sollt Verständnis hunn, datt et jee no Wunnuert eppes verschidde wäert ugepaakt ginn. Dat wichtegst ass jo datt jidderee kritt wat him zousteet, an eppes Gedold hunn, sollt eis jo net schwéier falen.

Eng Erausfuerderung dierft et sinn, progressiv nees d‘Spillplazen an och d‘Sportinfrastrukturen ze reaktivéieren. Et ass net wëll d‘Regierung determinéiert huet, d‘Sportsaktivitéiten a geschlossene Raim bis zum 31. Juli auszesetzen, datt ee sech hei net sollt op d‘Reprise virbereeden. Bis heihinner huet an eise Gemengen alles gutt geklappt an et geet kee Grond firwat et net esou sollt bleiwen.

Illustratioun: © Alora Griffiths / unsplash

Related topics Coronavirus, Erausfuerderungen, Reprise, Sanitär Kris, Syvicol
Next post Previous post