Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGDIS: Mat dësem Fuersimulator soll méi Sécherheet garantéiert ginn
Neiegkeeten Stories

CGDIS: Mat dësem Fuersimulator soll méi Sécherheet garantéiert ginn

Um 9. Mee huet de CGDIS ee Fuersimulator fir de

Vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen
Neiegkeeten Stories

Vu Stäreschnäizen a Laurentiustréinen

Méinden, den 12. August vun 22.00 Auer un! Tëscht dem

Rekrutement bei der Police: Nei a vereinfacht Prozedure wëlle lackelen
Neiegkeeten Stories

Rekrutement bei der Police: Nei a vereinfacht Prozedure wëlle lackelen

Den aktuelle Personalmangel bei der Police bréngt Drock a Spannunge

De Syvicol brauch eng besser Kommunikatiounsstrategie

Fir de „Beruffsverband“ vun de Stied a Gemengen imposéieren sech eng Rei Verännerungen

De Syvicol brauch eng besser Kommunikatiounsstrategie

Um Méindeg huet d‘Exekutiv vum Syvicol déi grouss Erkenntnisser aus hirem Sondage, dee vum 19. Juni bis den 12. Juli vun der Maartfuerschungsentreprise QUEST ausgefouert gouf, an der Stad virgestallt. Eng duerchaus opschlossräich an interessant Virstellung.

Vun den 1.120 Buergermeeschter, Schäffen a Gemengeconseillèren hunn der 412 op de Froekatalog geäntwert. Dat entsprécht 35,5%, an dierf als Representativ unerkannt ginn, zumindest wann een dat mat villen aneren ëffentleche Sondage vergläicht, wou schonn 10% als eng „gutt Participatioun“ ugesi ginn. Natierlech sollt een dierfen unhuelen, datt eis politesch Vertrieder do ee gréisseren Interessi hätte weisen dierfen.

SyvicolFir de Carlo Kissen vun der Maartfuerschungsentreprise QUEST ass de Sondage, och bei enger Bedeelegung vu grad emol engem Drëttel vun Ziilpersounen, ausräichend fir eng vollstänneg an ëmfänglech Analys. Hien huet drop higewisen, datt esou eng grouss Participatioun dann och éischter d‘Ausnam wéi d‘Reegel ass. © Martine de Lagardère / moien.lu

An dësem Kontext muss et och erlaabt sinn drop hinzeweisen, datt de Syvicol elo näischt huet, wat een als „Annuaire“ vun alle gewielte Lokalpolitiker bezeechne kéint. Et war deemno net méiglech sech perséinlech un all eenzelen ze wennen, firwat iwwert d‘Gemengesekretariater gefuer gouf. Déi hunn fir all Member vum Gemengerot an de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot ee perséinleche Courrier vermëttelt kritt.

Ob elo och all „Courrier“ ukomm ass, léist sech net kontrolléieren, mee streng geholl sollten all déi Interesséiert dësen erhalen hunn. Firwat elo net all dës Leit sech déi noutwenneg Zäit geholl hunn fir dem Sondage Rechnung ze droen? Dat ka vill Ursaachen hunn an eng dovunner léist sech och an der Analys erëmfannen. Esou geet däitlech aus dëser ervir, datt et ee kommunikative Problem mat de Gemengevertrieder gëtt.

Den Informatiounsfloss muss besser ginn

Aus dësem Sondage, deen sech a gewësser Weis duerch d‘Reform vum Gemengegesetz erginn huet, wëll de Syvicol sech déi richteg Informatiounen eraushuelen, déi et him erméiglecht déi bestoend Phas vun der Reflexioun an Entwécklung op de richtege Wee ze bréngen. Et geet jo elo och drëms sech fir d‘Zukunft opzestellen, firwat den Avis vun de Memberen och esou wichteg ass. Dëse läit elo vir an hei emol dat wichtegst:

  • Déi grouss Majoritéit fill sech net gutt informéiert. Meeschtens géif een d‘Informatioun aus de Medien, der Newsletter oder eng Consultatioun vu Syvicol Avisen oder Stellungnamen enthuelen;
  • de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot ass net besser um lafende wéi d‘Gemengeconseillèren;
  • déi Informatiounen déi ukomme wieren allgemeng kloer a verständlech, leider ginn dës net wierklech gutt bannent der Gemeng weidergeleet. D‘Informatiounen, wann se dann ukomm sinn, géifen awer d‘Aarbecht erliichteren;
  • d‘Majoritéit vun de Sondéierte bestätegt dann awer, datt de Syvicol eng kommunikativ an transparent Organisatioun ass. Ee méi direkte Kontakt wier awer scho begréissenswäert;
  • méi Formatioune betreffend déi nei Gesetzer a froen zur politescher Aktualitéit an de Gemengen ass grad esou erwënscht, wéi Formatiounen déi sech spezifesche kommunalen Themen unhuelen. Och eng Verdéiwung vun der genereller Matière ass gefuerdert;
  • groussen Interessi gëtt et un enger elektronescher Plattform, wou sech iwwert déi gutt Praktike kann ausgetosch ginn;
  • thematesch Echangen tëscht de Gemenge mëttels Atelieren/Seminäre sollte méiglech sinn, an och den Austausch mat aneren europäesche Gemenge sollt facilitéiert ginn;
  • déi wichtegst Missioun vum Syvicol ass d‘Verdeedegung vun den Interesse vun de Stied a Gemengen, gefollegt vun der Formatioun an der Informatioun;
  • de Syvicol misst – esou wéi datt fir d‘Beruffsverbänn och de Fall ass – bei Gesetzer déi d‘Gemengepolitik an d‘Geschéie beaflossen, ëmmer consultéiert ginn an dozou en offiziellen Avis kënnen ofginn;
  • gewënscht gëtt och eng besser Concertatioun tëscht de Stied an de Gemengen, fir déi vill Erausfuerderungen ze thematiséieren;
  • de Syvicol sollt zukünfteg méi Aktioune vun de Gemenge koordinéieren, esou wéi dat jo ganz erfollegräich am Etat de Kris gelongen ass;
  • gefuerdert gouf dann och eng méi regelméisseg Consultatioun vun de Memberen, wéi och e verstäerkte Bäistand fir d‘Gemengen a méi Formatiounen;

Wou de Schong am meeschten dréckt

Net verwonnerlech: et ass ganz kloer d‘Logementskris déi bei sondéierten als ee vun de wichtegste Sujeten erkannt gëtt, deem sech och de Syvicol unzehuelen hätt (75%). Net wierklech manner wichteg: d‘Mobilitéit (60%) an déi administrativ Vereinfachung (54%). De kommunalen Amenagement an d‘Ëmwelt (42%) an déi kommunal Finanzen (37%) schléissen den „top five“.

Et feelt also offensichtlech net un Aarbecht, Fuerderungen an Erausfuerderungen. An déi fir den Ament sécherlech éischt Missioun ass et déi verflichtend Consultatioun bei Gesetzprojeten an/oder groussherzogleche Reglementer bei der Regierung duerchgesat ze kréien. Et kann een dat och esou verstoen, datt d‘Regierung de Syvicol gläich engem Beruffsverband sollt vum Staat betruecht ginn.

Zudeem kann een der Analys enthuelen, datt sech de Syvicol – deen eréischt rezent zwee weider Mataarbechter zougestane kritt huet – och personell muss besser opstellen. Wann et méi Formatioun brauch, Atelieren/Seminären organiséiert solle ginn an et dann och nach de Gewielte muss méiglech sinn e bessere Kontakt ze hunn, muss et och Leit hunn, déi sech deem kënnen unhuelen.

Mam Ëmsetzen ass alles net esou einfach

Elo sollt een unhuelen, gemooss un de villen „Deputé-Maire“ déi an der Chamber siegéieren, datt zumindest d‘Fuerderung no der verflichtender Consultatioun ee Klacks sollt sinn. Si sëtze jo och als Deputéiert an de ville Kommissioune vun der Chamber, wou si och eppes Drock maache kéinten. Zudeem ass gewosst, datt et schonn eng Rei Ministère gëtt, déi ee gudde Kontakt ze fleege wëssen.

SyvicolDen Diddelenger Deputé-Maire Dan Biancalana (LSAP) ass dovunner iwwerzeegt, datt de Syvicol déi selwecht Kompetenze wéi d‘Beruffskummere muss kréien. Ob hie sech elo bannent der LSAP-Fraktioun dofir wäert asetzen a méiglecherweis ee Virstouss an der Chamber wot, dat war gëschter net an Erfarung ze bréngen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Hei dierf een dann awer net vergiessen, datt et an der Chamber „Fraktioune“ gëtt, an een och als Deputé-Maire déi „eegen Interessen“ eppes muss hannen ustellen. E Fakt deen natierlech nees op de Cumul vun de Mandater weist, dee jo vu ville verdäiwelt gëtt. Op zu Recht oder Onrecht sief dohi gestallt, firwat et jo esou grondsätzlech wichteg ass, de Syvicol wéi ee Beruffsverband ze gesinn.

Zudeem muss dem Bierger och emol verständlech gemaach ginn, datt am Géigesaz zu deem wat sech an der Chamber ofspillt, déi allermeeschten Decisioune bannent der Exekutiv vum Syvicol eestëmmeg geholl ginn. Dat zumindest huet déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer expressis verbis betount. Et geet hei jo och manner ëm Politik, wéi déi gutt Gestioun vun de Gemengen.

Foto: Fir de Syvicol-President Emile Eicher (CSV) war de Sondage eng ganz wichteg Aktioun, déi et soll erméiglechen d‘Zukunft an Ugrëff ze huelen. Eng vun de Prioritéiten ass eendeiteg eng verbessert Informatioun fir déi Gewielten, firwat et zäitno sollt zu enger Onlineplattform sollt kommen. Mee et mussen elo och all déi Leit derzou beweegt sinn, sech ze enregistréieren, esou datt een se och erreeche kann. © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Emile Eicher, Kommunikatiounsstrategie, Maartfuerschungsentreprise, Sondage, Syvicol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel