Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
Kultur Neiegkeeten

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

surprise
Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!
Kultur Neiegkeeten

Cloverfield kritt en neie Film spendéiert an du muss net laang drop waarden!

Beim Superbowl ginn et ëmmer déi neisten Traileren ze bewonneren.

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier
Kultur Neiegkeeten

Déi lénk kritesch am Ëmgang mam ArcelorMittal-Dossier

„CSV an LSAP hunn d‘Stolindustrie u Mittal ausgeliwwert!“. Esou d‘Iwwerschrëft

De Syvicol an den archeologesche Patrimoine

Soll een all Quadratmeter Buedem ëmdréine fir sech ze vergewësseren, datt sech näischt – aus archeologescher Siicht – Wichteges dorënner verstoppt? De Syndikat ass sech net esou sécher.

De Syvicol an den archeologesche Patrimoine

Nodeems elo aus dem Kulturministère de Gesetzprojet zum kulturelle Patrimoine hei am Land virgeluecht ginn ass, huet sech de Syvicol den Text mat sengen 144 Artikelen op d‘Long gezunn. Dat si ronn 100 Artikele méi wéi nach am Gesetz zum Erhalt a Schutz vun den nationale Site a Monumenter aus dem Joer 1983. Wéi eng Auswierkungen op et op d‘Gemenge wäert hunn?

Dat ass déi grondleeënd Fro mat där sech de Syvicol ausenanergesat huet, well och wann een hei generell d‘Reform begréisst, esou bréngt dëst Gesetz och Bedenke mat sech. Esou erënnert de Syvicol dorunner, datt vun de Gemengen och gefuerdert gëtt sech méi proaktiv am Kontext vum Logementspakt 2.0 anzebréngen. Wéi dat awer mat widderspréchleche Gesetzer soll goen?

Am Patrimoinesgesetz ass eng „archeologesch Observatiounszon“ enthalen, déi zesumme mam groussen Inventaire vum kommunale Patrimoine (e vun den 2 grousse Pilieren, déi d‘Ministesch am Summer 2019 virgestallt hat) fir eppes Kappzerbrieches suergt. Hei géif de Schutz vum Patrimoine iwwert alles anescht gestallt ginn, ouni datt de Besoine vun de Gemenge Rechnung gedroe gëtt.

D‘Gemengen awer hätten zum enge ganz eege politesch Ziler a virun allen eng Rëtsch u Flichten déi och erfëllt musse ginn. Mat der Notioun vu „preventiver Archeologie“ gëtt gefaart, datt bei all gréisserem Projet, de Kulturministère fir unzefänken dat archeologescht Potential vum Site muss analyséieren. Säitens dem Syvicol heescht et, datt 98% vum Territoire dovunner betraff wieren.

Gutt ass wat sech ëmsetze léist

Mat dësem Gesetz géif et jo dann nach eppes méi laang daueren, bis eng Baugeneemegung kann ausgestallt ginn. Dat kann net sinn, well d‘Delaie sinn elo schonn net méi vertrietbar. Hei gëtt sech fir eng méi ziilféierend Approche agesat. De Syvicol bezitt sech op dat wat scho bei verseuchte Biedem ugewannt gëtt an do op de Regëster vun den Terrainen (RIT), wou et schonn Etude gëtt.

Beim Syvicol gesäit een net an, datt bei Stroossenaarbechten oder ëffentleche Plazen, all Meter Buedem soll ëmgedréit ginn, well sech jo eppes dorënner kéint verstoppen. Et wieren dat jo och Aarbechten déi oft géife presséieren, an dat geet sech net mat archeologeschem Aktivismus op. Stroossen a bestoend ëffentlech Plaze sollten also aus der Observatiounszon erausgeholl ginn.

An dann ass do och nach den Inventaire vu Gemeng zu Gemeng, an hei erwaart sech de Syvicol eng laang Lëscht, déi och net, esou wéi d‘Ministesch et zum Ausdrock bruecht hat, bannent den nächsten 10 Joer wäert kënne fäerdeggestallt ginn. Gefaart gëtt och, datt dat eng Onmass u klasséierte Baute mat sech brénge wäert. An dat bréngt nei an och aner Problemer mat sech.

Da sinn och nach 14 Kritären am Gesetz enthalen, mat deenen de Klassement vun engem Gebai als Patrimoine ka virgeholl ginn. Hei ass ee beim Syvicol der Meenung, datt dat ee Fräibréif fir de Ministère ass, dënn hei arbiträr interpretéiere kéint. De Syvicol ass dëse Kritären net opposéiert, mee verlaangt zumindest eng Indexéierung an ee Punktesystem fir e Klassement ze justifiéieren.

Foto: © Jukka Heinovirta / unsplash

Ähnlech Sujeten Archeologie, Gesetzprojet, Kultur, Patrimoine, Syvicol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel