Search

You may also like

Fir de Klimaschutz: D’Lycéesschüler kréien d’Wuert!
Neiegkeeten

Fir de Klimaschutz: D’Lycéesschüler kréien d’Wuert!

No der Manifestatioun um 15. Mäerz 2019, bei der dausende

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt
Neiegkeeten

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt

Nom australesche Kardinol George Pell, deen de 27. Februar vum

Impfen: Jo – Nee – Villäicht?
Neiegkeeten

Impfen: Jo – Nee – Villäicht?

Zanter de Premierminister Xavier Bettel a senger Ried zur Lag

Regierung a Syvicol ginn sech (nach) net eens

Regierung a Syvicol ginn sech (nach) net eens

Den éischten Oktober hat de Syvicol mat de Vetrieder vun der Regierung eng Entrevue, bei där et engersäits ëm de provisoresche Bilan vun der sanitärer Kris gaangen ass, an anersäits ëm déi (gutt) Zesummenaarbecht tëscht de staatleche Verwaltungen an de Gemengen.

Esouwäit zu de grousse Punkten. Et ass sech natierlech och iwwert de finanziellen Impakt vun der Coronaviruskris ënnerhale ginn, de Pakt Logement hat och seng fest Plaz an iwwert den Impakt vun der Circulaire vum 21. Juni 2019 – doranner geet et drëms, datt de Syvicol soll kënnen säin Avis zu Gesetzer an/oder groussherzoglech Reglementer betreffend d‘Gemengen, kënnen ofginn – gouf och bei dëser grousser Sëtzung geschwat.

D‘Regierung war bei dëser Entrevue duerch de Premierminister Xavier Bettel, de Finanzminister Pierre Gramegna, den Educatiounsminister Claude Meisch, d‘Inneministesch Taina Bofferding an de Logementsminister Henri Kox vertrueden. An déi hunn, esou zumindest ass et dem Communiqué vum Syvicol ze enthuelen, net wierklech iwwerzeege kënnen. Woubäi et natierlech eng ganz Rëtsch u schwéier an onbequem Dossieren hat, deenen sech huet missen ugeholl ginn.

Am Fokus stounge folgerichteg d‘Gemengefinanzen, déi am Kontext vu Covid19 zolidd eng bei d‘Läffele kruten. Fir de President vum Syvicol, Emile Eicher, war et dann och wichteg ze klären, wou ee mat de Perten drun ass, an ob dës nach ëmmer bei den am Mee annoncéierte 420 Milliounen Euro ugesidelt sinn. Laut dem Finanzminister wier d‘Lag net roseg, mee d‘Situatioun laang net esou schlëmm wéi sengerzäit ugeholl. Bis Mëtt Oktober solle méi prezis Zuele virleien.

Dat wier net vu Muttwëll, ëmmerhin huet de Xavier Bettel sech virgeholl den 13. Oktober seng Ried zur Lag vun der Natioun zum Beschten ze ginn. Och de Budget fir dat nächst Joer soll dann deponéiert ginn. Ee Budget, deen elo scho bei villen Oppositiounspolitiker an der Kritik steet, wéi een aus de leschte Sëtzunge vun der Finanzkommissioun konnt eraushéieren.

Finanzen a Logement als „plat de résistance“

Wann ee sech bei dëser Entrevue nach eens war, datt d‘Gemengen eng gréisser Roll bei der Relance vun der Wirtschaft ze spillen hunn, an dës dann och hir Investitiounen op engem héijen Niveau solle behalen, esou kann dat net ouni déi entspriechend Réckendeckung säitens dem Staat geléngen. Den Emile Eicher fuerdert dann och ouni mat der Wimper ze zucken, datt d‘Regierung a punkto Subventiounen seng Modalitéiten nach emol misst iwwerpréiwen.

Dat ass de Rayon vun der Inneministesch Taina Bofferding, déi nach emol drop higewisen huet, datt den „Taux de Base“ vun de Subventioune vu 35% op 40% ugehuewe ginn ass. Si erënnert och drun, datt hire Ministère de Gemengen eng Berodung a Saache Finanzen ubitt. Aus dem Echange mat engen zwanzeg Gemenge géif ervirgoen, datt d‘Lag wesentlech besser ass, wéi se vu gewësse Medien ëmmer nees duergestallt géif ginn. Zudeem géifen déi de Gemengen zur Dispositioun stoend Reserve jo genee dësem Zweck entspriechen.

Wat de Logement betrëfft, esou war ee sech och séier eens, datt Staat a Gemengen sech mussen zesummen dësem wierklech seriéise Problem unhuelen. Dee Saz héiert een elo zanter Joren a wierklech geschitt ass bis ewell séier wéineg. An och den Emile Eicher stellt emol kloer, datt de Pakt Logement 2.0 bei wäitem net wäert duergoen, fir och nëmmen am Usaz als Léisung kënnen hierzehalen. Esou hätt d‘Jurisprudenz, bezunn op d‘Virkafsrecht vun de Gemengen, hei eng ganz schlecht Entwécklung vollzunn.

Dat ass och ee mat wichtege Grënn, firwat de Syvicol-President nach emol gefuerdert huet, datt d‘Gemenge systematesch an zwéngend bei alle Gesetzer an/oder groussherzogleche Reglementer misste consultéiert ginn. Hien huet dann och de Regierungsvertrieder nach emol hiren eegene Koalitiounsaccord ëm d‘Ouere geschloen. De Syvicol erkennt, datt et mëttels der Circulaire vum 19. Juni 2019 Verbesserunge ginn huet, mee dat Ganzt mëttels engem Gesetz elo endlech och misst institutionaliséiert ginn.

Illustratioun: Wärend sech d‘Schwéiergewiichter d‘Käpp aschloe steet de Buttek an dat ka jo net Deel vun der Léisung sinn. © Goutham Ganesh Sivanandam / unsplash

Related topics Finanzen, Logement, Matsproocherecht, Regierung, Syvicol
Next post Previous post