Search

You may also like

Prix Servais 2019 fir d’Elise Schmit – “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”
Kultur Neiegkeeten

Prix Servais 2019 fir d’Elise Schmit – “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen”

D’Fondation Servais zeechent d’Elise Schmit mam Prix Servais 2019 fir

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung
Kultur Neiegkeeten

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung

All auslännesche Student, deen op enger US-Universitéit ageschriwwen ass, déi

surprise
Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach
Kultur Neiegkeeten

Amerika huet als Weltpolizist säin Déngscht gemaach

Um Freideg huet zu München déi 54. Sécherheetskonferenz ugefaangen, ugesicht

De Papp: Lëtzebuerger Rapper T the Boss méi staark wéi jee

De Papp: Lëtzebuerger Rapper T the Boss méi staark wéi jee

Um leschte Freideg ass de Rapper T the Boss nees operstanen, an dat wuel méi dynamesch a staark wéi jeemools virdrun a senger laanger Karriär. Zënter 2001 ass de Lëtzebuerger Museker an der Zeen bekannt an huet elo mam Album „De Papp“ no enger artistescher Paus nees seng Positioun bewisen. Am Club vun der Rockhal konnt ee live bei der Release dobäi sinn.

Um 20:00 Auer huet de Club vun der Rockhal seng Diere fir d’Fans vum T the Boss opgemaach. Fir den Entréesticket sollt een ee gefëllte Programm erliewen: Ugefaangen huet den Owend mam Dirty-E. Am Uschloss vu sengem 30 minüttegen Optrëtt goufen de Maka Mc & Bc One (De Läbbel) op d’Bühn geruff.

Domat awer nach net genuch! Och de Ragga vu Stay Fou war invitéiert, fir d’Fans vum „Papp“ esou richteg glëschtereg no der musikalescher Delikatesse vum T the Boss ze maachen. An dësem Kader hunn déi 4 Virgruppen an/oder Artiste schonn ee grousst Lueft verdéngt fir hir Performance.

T the Boss

© T. Bremer

D’Rou virum Stuerm

Knapp 3 Stonne Virprogramm goufe gebueden, ier schliisslech de laang erwaarten Artist vum Owend de Raum betrueden huet. Säin neien Album huet dobäi direkt ze verstoe ginn, datt hien nees zeréck ass, datt hie weiderhin un der Spëtzt ass an datt hien zu Lëtzebuerg de Papp vum Rap ass. „Si soen Hip Hop wier dout, wier gestuerwen, mee ech bréngen en zeréck. Kuck de Bouf hält säi Wuert. Ech war net fort, net verschwonnen. Dat war d’Rou virum Stuerm!““Do hat den T the Boss fir den Ufank vum Optrëtt wuel genau dat richteg Lidd vum neien Disk „De Papp“ gewielt.

Tëscht den neie Songs, bei deenen de Publikum gespaant nogelauschtert huet, koum ëmmer nees eppes Bekanntes dotëscht, sou datt een zum matsangen a wibbelen animéiert ginn ass. Do ass et natierlech kee Wonner, datt d’Stëmmung zu kengem Ament gesonk ass. Nieft Lidder, wéi beispillsweis „Näischt ass onméiglech“, „D’Welt brennt“ oder „Virbild“ hu sech och ënnert anerem „Lëtzebuerg ass am Haus“ (T3000 Album) oder „Mir sinn hinnen egal“ (T3000 Album) dotëscht geschlach.

Mat ëm 300 Leit op der Release – déi natierlech all den neien Album mat Heem huelen duerften – kann de Lëtzebuerger Rapper sech immens houfreg weisen. Mir gratuléieren zu dësem erfollegräiche Comeback a si gespaant, wat an Zukunft alles kënnt!

Eng kleng Analys vum Album „De Papp“

Och mir kruten een Exemplaire vum Album mat Heem an hunn eis d’Lidder erop an erof ugelauschtert. Fänke mir awer emol beim Äusseren un: den Design vun der CD. Generell gesäit een, datt den T the Boss ee Gesamtkonschtwierk schafe wollt, wat de Papp duerch an duerch representéiert. Esou gesäit een um Cover an op der Récksäit de Museker, zesumme mat 4 Kanner virun engem stengene Kamäin. Gi mir an d’Interpretatioun iwwer, esou kéinten dës jonk Herrschafte symbolesch fir de 4. Album stoen. Amplaz eng Zuel ze notzen, huet een also direkt zum Individuum gegraff – cool Iddi!

Kucken déi 3 Jongen an d’Meedchen um Cover zum den T the Boss erop a weisen eis de Réck, esou sti si op der Récksäit mat him gemeinsam op engem Niveau. Autoritéit, Zesummegehéieregkeet an eng intergenerationell Atmosphär kommen op. Technesch sinn d’Fotoen tip top gemaach, woubäi ee sech – no den décken Ukënnegungen – awer nach eng Grëtz méi Originalitéit erwaart hätt.

T The Boss

© Martine de Lagardère/moien.lu

Et kënnt allerdéngs net nëmmen op dat Äussert un, mee och op déi bannescht Wäerter. Hei kann den Album mat 15 Lidder punkten, woubäi 5 Songs zesumme mat anere Kënschtler, wéi beispillsweis dem Maniak oder SHIGA, produzéiert gi sinn. D’Texter goufen all vum T the Boss selwer geschriwwen, bei de Kooperatiounen duerften déi aner Kënschtler awer natierlech och matwierken. Produzéiert goufen d’Wierker vum DJ Scorpion, Lapobeats an STA. Ëm d’Ophuelen an d’Mixen huet sech Jacques STA Rasic an D4D Studios gekëmmert.

Besonnesch luewen muss een, datt de Museker eng Rëtsch typesch Lëtzebuerger Expressiounen agebaut huet an een esou ëmmer nees zum grinse bréngt. Donieft huet hien relativ seriéis Texter, ouni onmoossege Gebrauch vu Kraaftausdréck – wéi een et leider oft am Rap héiert – geschriwwen, sou datt seng Musek all Altersgrupp zougänglech gemaach gëtt.

Wéi och op der Release selwer spiert ee schnell, datt den T seng Roll als Papp vum Lëtzebuerger Rap immens eescht hëlt an un d’Spëtzt zeréck wëll (D’Rou virum Stuerm, De Papp, Géi mir aus dem Wee). Donieft geet et awer och dorëm, net opzeginn an bei all Réckschlag opzestoen a weider ze maachen (Kämpf).

Beim Album „De Papp“ muss een ervir hiewen, datt de Museker sech experimentéierfreedeg gewisen huet. Den Asaz vu verschiddenen Instrumenter, Rhythmen a Stiler bréngt een frësche Schwong an d’Wierker, sou datt ee sech gären all eenzelt Lidd ulauschtert. E bëssi Kritik hei (D’Welt Brennt), ee Soupçon méi graffen Hip Hop (Doudstreech) oder och eng Grëtz Pop (Keng Zäit) maachen den Disc zu engem Lëtzebuerger Erliefnis.

Perséinlech gefält mir d’Lidd „Virbild“ am Beschten. Och hei fléisst erëm d’Pappe-Roll mat eran, mee och een immens emotionalen Text iwwert d’Léift vun den Elteren a virun allem vun der Mamm zum Kand. Sengem eegene Virbild mat esou eng artistesche Mëttel Merci ze soen ass wuel déi schéinst Aart a Weis seng Léift auszedrécken. „Kuck si léie wa si soen, datt et keng Superhelde gëtt, oder? Si kënnen dech nach net“ – do kann ee jo just Héngerhaut kréien. Donieft ass et och luewenswäert, d’Mamm als weiblech Persoun op engem esou „männleche Wierk“ ervir ze hiewen!

Als Schlussfolgerung kann ee just nach soen, datt bis op e puer kleng Detailer de Comeback vum T the Boss gelongen ass. D’Lidder fannt Dir iwwregens ab elo och op Spotify, Apple Music, Deezer an am Google Playstore. Méi zum Lëtzebuerger Museker gitt Dir op t-the-boss.com gewuer!

Opmaacherfoto: © T. Bremer

Related topics Album, De Papp, Foundation, Hip-Hop, Musék, Rap, Release, Rockhal, SACEM, T the Boss
Next post Previous post