Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

COP24: En onbeschreiflecht Trauerspill
Tacheles

COP24: En onbeschreiflecht Trauerspill

Eigentlech sollt déi 24. UN-Klimakonferenz (COP24) e Freideg mat enger

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass
Tacheles

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

Sozialwahlen 2019: den LCGB huet e Programm
Tacheles

Sozialwahlen 2019: den LCGB huet e Programm

Nom OGBL, deen déi lescht Woch d‘Campagne zu de Sozialwahlen

Tacheles: 34. Chaos Communication Congress – Mekka fir Hacker

Tacheles: 34. Chaos Communication Congress – Mekka fir Hacker

Am Dezember ass et erëm esouwäit. De 34ten Chaos Communication Congress fënnt statt. Dëse gëtt vum Chaos Computer Club Däitschland organiséiert an ass net esou wei déi läscht Joren zu Hamburg, mee dës Kéier zu Leipzig. Vum 27 bis 30 Dezember treffen sech méi wei 13000 Mënschen aus der ganzer Welt, dorënner Bastler, Kënschtler, Technikfreaks, Hacker sou wei otto-normal Bierger. D’Ziel ass wei all Joer, dass d’Leit sech austauschen, sech géigesäiteg nolauschteren, vunenee leiere souwéi zesumme feieren.

Wat geschitt dann elo konkret op sou engem Congress an wéi leeft dat ganzt of?

Vum éischte bis zum läschten Dag ginn et Virträg zu deene verschiddensten Themen. Virträg sinn a verschidden “Tracks” opgedeelt. Des Joer ginn et 6 verschidde Kategorien: “Art & Culture”, “Ethics, Society & Politics”, “Hardware & Making”, “Security”, “Science” an “Resilience”. Hei ass also fir jiddwereen eppes dobäi!

Huet ee mol eng Kéier keng Loscht sech ee Virtrag unzelauschteren, kann een sech am Hackcenter oder an engem vun deene ville Community-Assemblies, mat deenen anere Besicher treffen an sech austauschen. Niewent dem offizielle Programm, gëtt och vill vun de Besicher selwer organiséiert, wéi zum Beispill Workshops, Entwécklertreffen oder Projetgruppen. A wann dat kengem eppes seet, kann een sech einfach iergendzwousch hin setzen an hacken oder ann Lounge goen a Party maachen. De Congress ass nämlech 24 op 24 op.

En Haaptdeel vun der Organisatioun besteet aus Fräiwëllegen, den sougenannten Engel. Et ass en eegent Ökosystem fir Allerlee Aarbechten ze maachen, vun Herold (deen Introduktioune bei de Virträg meescht) bis zu Barkeeper oder Kameramann.Dat läscht Joer si esou 2576 Leit zesumme komm fir aus dem Congress daat flott Evenement ze maachen, wéi et mëttlerweil bekannt ass. D’Engel liewen natierlech och um Congress wei am Himmel oder besser gesot an engem eegene Raum wou se gratis verpflegt gi. Matmaache ka jiddereen an dem en sech am Engelsystem aschreift, an déi eng oder aner Schicht klickt.

Firwat recommandéiere mir jiddwerengem eng Kéier dohinner ze goen?

Net nëmmen déi eenzegaarteg Stëmmung mee och dee ganze Feeling maachen déi véier Deeg zu engem onvergiesslechen Event. All Joer kennt een sech wei op engem anere Planéit vir, an dem Mënsche ganz oppe mateneen ëmgi genau sou wei jiddwereen dat ka sinn wat e well. Do kann een einfach mol säi Laptop trëlle loossen ouni ze fäerten een geklaut ze kréien. Dat eenzegt wat do guer net gäre gesinn ass, si Kamerae, well een jo leider ni weess, wat mat den Fotoen, déi sou geschoss ginn, geschitt. An nach zu gudder lescht d’Hacker Ethik, déi beseet: “Be nice to each other” – also sidd léif mateneen.

Mee och vir déi Léit, déi net kennen ob de Congress goen, ass geduecht, well Virträg gi live gestreamt an opgeholl. Dëst kann een ënner https://streaming.media.ccc.de maachen oder spéiderhi kann een Virträg ob https://media.ccc.de nach eng Kéier nokucken.

Wann dir méi wëllt zum Congress gewuer ginn, da späichert iech deen heite Site onbedéngt https://events.ccc.de/. Mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg treffen eis all Méinden ab 19 Auer an eisem Veräinslokal, der Chaosstuff, an der Victor Hugo Haal um Lampertsbierg. Fir méi Informatioune gewuer ze ginn, luest emol op https://c3l.lu laanscht oder besicht eis op enge vun eise Versammlungen. Jiddereen ass wëllkomm!

Image Source: https://www.flickr.com/photos/fabi11/23801288349/

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Chaos Computer Club, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel