Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2
geek dating websites

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2

No eiser éischter Ronn lescht Woch hu mer och dës

rodney dangerfield blind dating
geek dating websites

Fräisproch fir den Turnup Tun mat „FCK LXB“

Mat sengem Lidd „FCK LXB“ huet de Lëtzebuerger Rapper Turnup

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben
geek dating websites

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben

En Dënschdeg hunn d‘USA den UN-Sécherheetsrot drop higewisen, datt e

Tacheles: D‘Jonk Demokraten iwwert d‘Legaliséierung vu Cannabis

Tacheles: D‘Jonk Demokraten iwwert d‘Legaliséierung vu Cannabis

Wärend de leschte Joerzéngten an deenen eng prohibitionistesch Drogepolitik gefouert gouf, si willkürlech Leit wéinst dem Besetz vun Droge verhaft ginn. Doropshi kruten déi Inculpéiert dann eng Geldstrof, eng Inscriptioun an de Casier judiciaire oder souguer eng Prisongsstrof. Dëst huet net nëmmen dozou gefouert, datt Strasseg iwwerfëllt ass, mee et huet och de Liewenslaf vu ville Mënschen zerstéiert.

Mir als Jonk Demokraten (JDL) sinn iwwerzeegt, datt eng oppe Gesellschaft Cannabis legaliséiere sollt an datt mat den doduerch generéierte Steiergelder präventiv an therapeutesch Initiative gestäerkt solle ginn. An dësem Zesummenhang hu mir am 2014 folgende Modell fir eng staatlech kontrolléiert Legaliséierung proposéiert:

  • D’Ariichte vu staatlech iwwerwaachten Ariichtungen déi de Verkaf vu Cannabis iwwerhuele sollen. (De Verkaf vum Cannabis géif dann, ähnlech ewéi bei den Zigaretten, besteiert ginn)
  • D’Ariichte vu staatlech iwwerwaache Raimlechkeeten déi den Ubau vu Cannabis ausféieren.
  • Begrenzung vun der Quantitéit déi ee kafe kann an d’Aféiere vun enger anonymiséierter Datebank. (Drogentourismus sollt mat dëser Mesure verhënnert ginn)
  • Altersgrenz fir de kaf vu Cannabis sollt ob 18 Joer ugesat ginn.
  • De privaten Ubau vu Cannabis soll weiderhi verbuede bléiwen. (Et bléift ze evitéieren, datt eng Legaliséierung zu Lëtzebuerg mëssbraucht gëtt fir Cannabis illegal an d’Ausland ze verkafen)

Ee vun de wichtegste Piliere fir déi sech d’JDL asetzt ass d’Legaliséierung vum Cannabis fir medezinesch Zwecker, esou begréisse mir och de Virstouss vun der Regierung, datt dës de Wee dofir opgemaach huet. An dësem Zesummenhang bemängele mir allerdéngs, datt dat duerch eng ganz Rëtsch Restriktiounen, dat gesamt Potenzial vu Cannabis fir medezinesch Zwecker nach net ganz genotzt gëtt a mir eis eng weider Ëffnung an dësem Dossier erwaarden.

Och ënnerhalb vun der Partei huet d’JDL sech an de leschte Jore staark gemaach, esou begréisse mir, datt sech d’DP am Summer 2016 fir eng staatlech kontrolléiert Legaliséierung ausgeschwat huet, mir eis d’Ëmsetzung vun dëser Positioun och am Walprogramm fir d’Nationalwalen am Oktober 2018 erwaarden.

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Cannabis, JDL, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel