Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Police huet nees missen agräifen: Drogen, Alkohol a Vitesse!
Meenung Tacheles

D‘Police huet nees missen agräifen: Drogen, Alkohol a Vitesse!

Wien der Meenung ass, datt d‘Beamte vun der Police Méindes

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg
Meenung Tacheles

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg

Et ass, d‘Joer ass jo och nach nei, déi éischt

Hollännesch Drogefahnder konfiskéieren 2,5 Tonne Crystal-Meth
Meenung Tacheles

Hollännesch Drogefahnder konfiskéieren 2,5 Tonne Crystal-Meth

Zu Rotterdam ass den hollännesche Polizisten ee richteg grousse „Coup“

Tacheles: De Freifunk fir Lëtzebuerg – eng gutt Alternativ!

Tacheles:  De Freifunk fir Lëtzebuerg – eng gutt Alternativ!

Digital a Lëtzebuerg. Déi Kombinatioun fënnt een dëser Deeg zimlech heefeg an de Medien. Lëtzebuerg muss digital ginn an zwar op Däiwel komm raus.

A wéi mécht een dat am beschten? Sou wéi mir et gewinnt sinn. Mir geheien mat Suen ronderëm eis an engagéieren grouss Firmen, déi dann mol hei an do een WLAN Hotspot opriichten. Kee Wonner, well eise Juncker huet duerchgesat, datt mir elo „WiFi4EU“ solle kréien. Luewenswäert, datt sou eppes vun EU Niveau ugestrieft gëtt, mä mir gesinn d’Ëmsetzung scho virun eis. D’Post däerf dann an enger Dosen Gemengen erëm Hotspots opriichten, déi dann och just sporadesch funktionéieren an d’Gemengen dann awer en Heede Geld wäert kaschten fir d’Maintenance. Firwat net emol iwwert den Tellerrand kucken a lokal no enger Léisung sichen?

Hei am Land gëtt et zum Beispill eng Initiativ déi sech „Freifunk“ nennt. Freifunk, kënnt eigentlech aus Däitschland a versicht vill lokal Communautéiten ze encouragéieren, ëffentlech-fräi a net kommerziell WLAN Hotspots a Funk-Netzwierker opzeriichten. Bei Freifunk ka jiddereen matmaachen an dat ass och een vun de villen Virdeeler. Doduerch, datt hannert der Initiativ keng Firma steet mä eng Communautéit, dréit een och erëm dozou bäi, Liewen a lokal Veräiner ze kréien oder direkt nei Veräiner ze schafen. Richteg Flott wär et, wann all Gemeng oder souguer all Duerf seng eegen Freifunk Communautéit hätt. Domadder Projeten wéi „WiFi4EU“ mol erëm een Gesiicht kréien. Op alle Fall, empfänkt Freifunk Lëtzebuerg jiddereen mat oppenen Äerm. Vu Leit déi einfach interesséiert sinn a keng grouss informatesch Virkenntnesser hunn bis zu Informatesch méi verséiert Leit. Matmaachen an Hëllefen kann all Mënsch. D’Lëtzebuerger Freifunker treffen sech all Méinden Owend am Hackerspace „Chaosstuff“ um Lampertsbierg. Dat ass déi richteg Plaz wann ee bei Freifunk well matschaffen oder ganz einfach mol méi well gewuer ginn. Natierlech kann een och mol op freifunk.lu luussen goen fir sech een Iwwerbléck ze verschafen. Fir eis Freifunker gëtt den Accés zum Internet nämlech och implizit bei den Mënscherechter genannt. Notamment dem Artikel 19 („Meenungs- an Informatiounsfräiheet“) an 27 („Fräiheet vum Kulturliewen“). Dofir engagéieren mir eis! Freifunk gesäit dat Ganzt also méi ideologesch ewéi et eng Profit orientéiert Firma mécht.

Also wann ech gelift léift Lëtzebuerg, maach et net wéi soss ëmmer, mä kuck mol no well bestoenden Initiativen déi een kann abannen. Well digital ass och lokal.

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Digital, Digitaliséierung, EU, Lëtzebuerg, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel