Si hunn de Cherif Chekatt erschoss!
Si hu laang no him gesicht, an se hunn e
Peking géif sech an d‘US-Politik amëschen, dat mam erkläerten Zil
Ongleeflech; Am neie Band vum „De Litty“, deen als Schoulmaterial agesat gëtt, gëtt an der neier Nummer iwwert Jazz zu Lëtzebuerg net eng Musekerin virgestallt an d’Illustratioune sinn esou stéréotypéiert, dass et bal net gleewen ass…:
De Litty [ouni d‘Bobby]
Am Juni ass de véierte Band vun de „Carnets didactique du CEDOM“ als Ënnerriichtsmaterial fir d‘Primär- a Sekondärsschoul eraus komm. Dëst ass an Zesummenaarbecht mam Ënneriichtsministère geschitt. Am Band JAZZ ZU LËTZEBUERG gëtt keng eenzeg lëtzebuergesch Jazzmusekerin virgestallt. Weder déi Sängerinnen, Batterie-Spillerinnen, Bassistinen, Pianistinen, déi mat de Lëtzebuerger Jazz-Museker vun der Virkrichszäit musizéiert hunn (Siehe: Roger Spautz Pioniere der leichten Muse 1983) nach haideg Musekerinne wéi Sascha Ley, Leana Sealy, Raquel Barreira, Marly Marques, Natasa Gehl…
De Numm „Litty“ bezitt sech op d‘Lëtzebuerger Duo vun den zwee Ënnerhalungsmuseker Pierre-Toussaint Stefani, genannt Litty (1872-1932) a Victorine Cahlois, genannt Bobby (1895-1988). Am Titel gëtt d‘Bobby net erwäänt, an den Illustratioune vum Andy Genen sinn se awer allen zwee ze gesinn: De Litty als erwuessene Museker, d‘Bobby als ca. véier joer alt Meedche mat Trëtzen. Sou weist de Cover vu Band 4 wéi de Litty Piano spillt, während d‘Bobby mat de Féiss op d‘Taste stampft. Op Säit 51 spillt de Litty Batterie, während d‘Bobby op e – ma wat soss? – Kachdëppe schléit.
Alle Fakten an der Realitéit zum Trotz: An de Lëtzebuerger Schoule soll weider geléiert ginn: Musek ass a bleift männlech! Wien dat net gleewe wëll, ka sech beim CID dokumentéieren.
Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.