Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen
Tacheles

Kanzlerkandidat Schulz trëllt iwwer Nordrhein-Westfalen

Um Sonndeg waren an Nordrhein-Westfalen Landtagswahlen an eppes méi wéi

surprise
USA: Grouss Bedeelegung um zweete Marsch vun de Fraen
Tacheles

USA: Grouss Bedeelegung um zweete Marsch vun de Fraen

Gigantesch Manifestatiounen an den amerikanesche Groussstied a Retour vun de

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen
Tacheles

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen

Et war e wäite Wee bis zum Ofschloss vum Kollektivvertrag

Tacheles: Eis Sprooch: De stengege Wee aus dem dualisteschen Denken

Tacheles:  Eis Sprooch: De stengege Wee aus dem dualisteschen Denken

Wann et eng Petitioun gëtt, déi ee soubal net wäert vergiessen, dann ass et déi mat der Nummer 698, déi de Lucien Welter d´lescht Joer virgeluecht huet. Hei sollt sech, ënnert anerem, dofir staark gemaach ginn, d´Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch gesetzlech festzeleeën.

Et gouf doropshin e sou vill Debatten, dass ee guer net méi wousst, wou engem de Kapp géing stoen. Ech selwer hunn dat intensiv verfollegt. Ech hat e puer Méint virdrun decidéiert, mech aktiv fir eis Sprooch anzesetzen, andeems ech dem Comité vun der „Actioun Lëtzebuergesch“ bäigetruede sinn. Éier ech elo eng perséinlech Konklusioun zéien iwwert den Discours, dee mat dëser Petitioun entstan ass, wëll ech kuerz drop agoen, wat mech beweegt huet, der „Actioun Lëtzebuergesch“ bäizetrieden.

Een Uleies, vill Aspekter

Als Germanistikstudentin hu meng Ambitioune virun allem d´Literatur an d´Entwécklung vu der Sprooch ubelaangt. Wat mir virgeschwieft huet, war et, d´Lëtzebuergescht méi populär ze maachen, virun allem als Schrëftsprooch, a ganz besonnesch bei deene jonke Generatiounen. Ech hat de kulturellen Aspekt am Bléck a wéi eis Sprooch, besonnesch vun deene Jonken, benotzt a wouer geholl gëtt. Un d´Auslänner an den didakteschen Aspekt hunn ech mol guer net direkt geduecht. Dat wëll ech dowéinst betounen, well een dacks vergësst, dass et vill Manéiere ginn, Interessi un eiser Sprooch ze weisen an dass et eben net ëmmer dorëms geet, engem eppes „opzedrängen“ oder fir eppes ze „forcéieren“. Dat war fir mech evident, dowéinst sinn ech och aus alle Wolleke gefall, wéi Bekannte mech op eemol ganz entsat gefrot hunn, wat ech dann do géing maachen, an deem „patriotesche reaktionäre Clibbchen“.

Nei Petitioun, nei Mentalitéit

Déi Virwërf hunn sech no der Petitioun verschäerft. Séier gouf een als „auslännerfeindlech“ oder „rietspopulistesch“ ofgestempelt, e Radiosender vun hei wollt mech souguer invitéieren, dass ech sollt iwwer meng politesch Astellung schwätzen. Séier sinn ech es midd gi mat deene Viruerteeler, ech sinn aus dem Comité ausgetrueden an hu mir geschwuer, mech soubal net méi zu deem Thema ze äusseren – bis haut. De Grond: D´Petitioun mat hire ville Debatten huet der Sprooch net wierklech eppes bruecht, awer si huet, wann och ongewollt, eng Ännerung am Denken ervirgeruff, an nawell keng positiv. En dualistesch Schwaarz-Wäiss-Schema ass d´Resultat, no deem een eigentlech nëmme kann dat Falscht maachen. Entweder et gëtt engem ënnerstallt, eis Sprooch wär engem egal, oder et hätt een eppes géint d´Auslänner. Entweder dat eent oder dat anert, tertium non datur.

Léiwer net driwwer schwätzen!

Vill hëtzeg Diskussioune si verpufft, mä dëst ongeschriwwent Gesetz ass bliwwen a soulaang et regéiert, ass et eng Barrière, déi weider a konstruktiv Gespréicher wäert verhënneren, Gespréicher, déi, dat ass meng perséinlech Meenung, extrem wichteg wären.

Eis Sprooch huet en Image-Problem, an elo nach vill méi, a villerlee Hisiicht. Éischtens ass et d´Konklusioun, déi een aus deem kann zéien, wat ech bis ewell ausgeféiert hunn, dass d´Sprooch nämlech zu enger Allegorie fir Friemenhaass, Rietspopulismus a Patriotismus ginn ass, respektiv alles, wat engem nach esou an déi Richtung afält. Ee schwätzt vun der Sprooch an – zack – kënnt schonn aus iergendengem Eck de moraleschen Zeigefanger. Et ass souguer, sou wäit géing ech goen, en Tabuthema ginn, eent, iwwer dat een net däerf schwätzen an iwwer dat een net méi oppen seng Meenung däerf soen, well engem ëmmer mam Doudschlagargument „Du Patriot“ de Wand aus de Seegele geholl gëtt.

Net „cool“ genuch?

Vill méi e wichtegen Diskussiounsusaz nach stellen déi Imageproblemer duer, déi scho virun der Petitioun bestan hunn.

Am Geck wäert scho jiddwereen sech mol iwwer eis typesch „Schaukelmelodie“ amuséiert hunn oder iwwert déi Behaaptung, eis Sprooch wär eng „Baueresprooch“. Ma, et ass leider kee Witz an och keng reng Ironie, dacks stécht Eescht dohannert. Ëmmerhi ginn et der ëmmer nach, déi sech froen, ob et iwwerhaapt eng eegestänneg Sprooch ass. Kënnt dobäi, dass mir se dann och nach ongewollt ofwäerten an d´Entwécklung zu enger vollwäerteger Héichsprooch net grad ënnerstëtzen, wa mir eis privat Noriichten esou schreiwen, wéi eis de Mond – oder d´Tastatur – gewuess ass.

Wann een sech freet, firwat mir dat maachen, ass ee Beweeggrond wuel den, d´Sprooch domat opzefrëschen an hier eppes „Cooles“ wëllen ze ginn, d´Lëtzebuergescht u sech schéngt, sou, wéi et ass, net oder net méi attraktiv genuch ze sinn.

Alldagsbeispiller

Effektiv observéieren ech, dass a menger Generatioun d´Lëtzebuergescht oft als „verstëbst“ gëllt, als d´Sprooch vun deenen „ale Leit“.

Ech erënnere mech do zum Beispill un e Gespréich mat enger Frëndin, déi gemengt huet, him wär et egal, wann eis Sprooch géing ausstierwen, si wär souwisou „net schéin“. Och erënneren ech mech drun, wéi ech mat Frënn duerch de Bicherbuttek gejauft sinn a mir op déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vum „Harry Potter“ gestouss sinn. Futti gelaach hu mir eis, mir hunn de Geck domat gemaach. Gelies hätte mir et net, kee vun eis. Haut gesinn ech dat anescht, mä deemools, am Alter vun 12-13 Joer, hunn ech dat net wäertgeschätzt an net verstan, firwat een sech déi Méi sollt maachen, eppes op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen. Meng Lego- a Playmobilsmännercher, mat deenen ech a menger Kandheet gespillt hunn, hu schliisslech och all Däitsch geschwat, déi flott Sprooch vun der Telé an de Benjamin-Blümchen-Kassetten.

Dass eis Sprooch oft mat der eelerer Generatioun verknäppt gëtt, hunn ech ausserdeem erlieft, wéi ech nach an der „Actioun Lëtzebuergesch“ war. Vill vu menge Frënn hunn ech näischt dovun erzielt, ech hu mech genéiert, an déi, deenen ech et erzielt hunn, hunn et net verstan. An och wann ech gär mat deenen aneren aus dem Comité zesummegeschafft hunn, géing ech léien, wann ech géing soen, et hätt mech net traureg gemaach, dass ech mäin Interessi do just mat Leit konnt deelen, déi duebel oder souguer véier Mol méi al si wéi ech.

Auswee aus dem Dilemma

Dacks héiert oder liest een a leschter Zäit, ee Joer no der Petitioun, emol nach déi eng oder aner zaghaft Propose, wéi een nawell eppes fir d´Lëtzebuergescht kéint maachen, ouni engem domat op d´Féiss ze trëppelen. Ma, ech ka just konstatéieren, dass déi meescht Versich an eng Sakgaass féieren, respektiv op Widderstand stoussen, soulaang mir net driwwer geschwat hunn, wéi mir eiser Sprooch sollen entgéint blécken, wat mir an hir gesinn a wat net, wat se fir eis verkierpert. Well wéi solle mir eis soss fir eppes asetzen, mat deem mir Beréierungsängschten hunn, wéi wann et em eng ustiechend Krankheet géing goen?

Respekt virun den Auslänner ze hunn, déi sech schwéier doen domat, eis Sprooch ze léieren, ass wichteg. Mä genee déi selwecht Moos u Respekt verdéngen och déijéineg, déi d´Lëtzebuergescht, ouni béiswëlleg Absichten ze hunn, wëlle stäerken, net ze vergiessen d´Sprooch selwer, déi leider zu engem Stoussnéckel degradéiert ass. Well ass et net absurd, dass mir aus Angscht, den Auslänner ze no ze trieden, genee dat mat de Lëtzebuergeschspriecher maachen a vun enger eesäiteger Usiicht, vun engem Extrem an dat anert verfalen? Ech géing mir e Kompromëss wënschen, en nuancéierte Mëttelwee, well nëmmen dat ass en Auswee aus dem Dilemma, sech zwangsleefeg fir déi eng artifiziell Säit – d´Auslänner – oder déi aner – d´Lëtzebuergescht – mussen ze entscheeden.

Ech waarden nach ëmmer a scho vill ze laang dorop, dass mir endlech agesinn, dass mir eis net an engem Krich befannen an et keng zwou Parteie ginn.

En ähnlechen Artikel zu dësem Thema. 

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel