Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen
Amnesty International huet haut e Rapport verëffentlecht, an deem eng
Amnesty International huet haut e Rapport verëffentlecht, an deem eng
All Dag geschéie vill Saachen op der Welt an zu
Elo wou Lëtzebuerg muss déi zwou Bréisseler Direktiven (UE/2016/680 &
D’Europa Politiker schaffen um Gréissten Internet-Filter, dee mir jeemools gesinn hunn. Dat kléngt elo vläicht e bëssen dramatesch, ass awer leider keng Iwwerdreiwung. Falls dësen Virschlag ugeholl gëtt, mussen Firmen wéi Soundcloud, eBay, Facebook an Flickr, alles filteren, wat s du eroplueden wëlls. Een Algorithmus entscheet dann, wat s du dem Rescht vun der Welt däerfs weisen a wat net.
De Virschlag fir dësen Internet-Filter ass verstoppt am Artikel 13 vun engem aneren Virschlag fir déi nei Europäesch Urheberrechtsveruednung. Mä et braucht net vill Fantasie fir sech virzestellen, firwat Internet-Filter soss nach kënnen benotzt ginn. Mir wetten, datt Politiker wëll drop gammsen fir Internet-Filter ze benotzen, domat se hier eege politesch Agenda duerchboxen kënnen. Zum Beispill: Onerwënschten politesch Meenungen verschwannen doen.
Et gëtt eng helle Wull u Grënn, keen Internet-Filter ze wëllen. Hei si mol déi dräi wichtegst.
Déi kommend Wochen sinn entscheedend! Tweet oder schreif eng E-Mail un deng EU Deputéiert am JURI-Comité. De 26. a 27. Mäerz, entscheet eis Europa-Deputéiert mat iwwert den Internet-Filter. Notz d’Hashtags #CensorshipMaschine an #filterfail fir ze weisen, datt s du géint den Internet-Filter am Artikel 13 bass.
Lëtzebuergesch Europa-Deputéiert am JURI-Comité ass:
Mir hunn well e puer Tweets virbereet (Dat soll iech net dovunner ofhalen, selwer kreativ ze ginn):
.@mady_delvaux Stitt op fir eis Meenungsfräiheet online. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Stitt fir eis Online-Privatsphär. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Weist, datt iech Privatsphär a Meenungsfräiheet fir d’Bierger wichteg ass. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Internet-Filter funktionéieren net. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!
Politiker wëllen ongëeegent Filteren etabléiere fir den Internet kënnen ze kontrolléieren:
Deng Ënnerstëtzung ass gefuerdert!
Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.