Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tilly Metz: Verschmotzung vun de Mierer andämmen!
Tacheles

Tilly Metz: Verschmotzung vun de Mierer andämmen!

Den 13. Mäerz hunn d‘EU-Deputéiert am Plenum mat grousser Majoritéit

Multimodalitéit fir jiddereen
Tacheles

Multimodalitéit fir jiddereen

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg,

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag
Tacheles

What the Fakt – Haut ass Weltmännerdag

Léif Männer, maacht schonn emol ee Béier op, well haut

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch

D’Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll verëffentlecht, an dem genau esou ee Filter falsch entscheed huet. Hei sinn e puer Beispiller.

Copyright-Filter blockéiert Virliesung zum Thema Copyright.

Op enger Opnam vun enger Virliesung zum Thema Auteursrecht vun der Harvard Law School, spillt den Professer en kuerzen Ausschnëtt aus engem Jimi Hendrix Lidd. Dat ass legal an onproblematesch:

Am Auteursrecht ginn et Ausnamen, an deem geschützt Material zur Léier ka benotzt ginn. Youtube-Filtere konnten den Kontext awer net beuerteelen an hunn einfach „Nee” gesot.

Wat leieren mir dorausser? Filter kënne keng Ausnamen erkennen.

Filtere geheien der NASA vir, Videoen ze verëffentlechen, déi der NASA selwer gehéieren.

All Dokumenter déi vun der NASA verëffentlecht ginn, sinn „public domain“. Se gehéieren der Ëffentlechkeet an dierfen dofir och vun jidderengem benotzt ginn. Verschidden Fernsehsender benotzte Biller vun der NASA an hirer Sendung an schützen hier Ausstralungen mam Auteursrecht, sou wéi si et ëmmer maachen. Wéi Copyright-Algorithmen dunn dës Sendungen analyséiert hunn, hu si d’NASA-Material erkannt. Dorausser hu se du beschloss, dass d’NASA d’Auteursrecht vum Fernsehsender verletzt huet. De Problem gouf natierlech séier geléist. Allerdéngs eréischt nodeems all d’Videoen vun der NASA blockéiert goufen.

Wat léieren mir dorausser? Filteren kënne net mat „Public Domain“ ëmgoen.

Filter analyséiere Videomaterial, wat Krichsverbriechen dokumentéiert. Gesinn awer nëmmen d’Krichsverbriechen selwer.

Sozial Netzwierker wëllen hier Benotzer net mat Inhalter konfrontéieren, déi fir se onangenehm kéinten sinn. YouTube benotzt zum Beispill e Filter, fir d’Erkennung vun „extremisteschen Inhalter“.

D’Resultat? 10.000 Videoen, di Krichsverbriechen a Syrien dokumentéieren, goufen geblockt. De Krich, sou huet et geschéngt, war ob eemol e bëssen manner grausam. An dat nëmmen, well de Filter net tëschent Filmmaterial zur Dokumentatioun an Filmmaterial zur Ënnerstëtzung vun enger Saach, ënnerscheeden kann.

Wat leieren mir doraus? Filter verstinn keen Kontext.

Vir et kuerz ze maachen: Filter versoen.

Mir dierfe keng Internet-Filter hunn, di duerch den Internet zéien an iwwert eis Meenungsfräiheet bestëmmen. Fir d’Bierger kann dat net gutt ausgoen. Mir mussen sécherstellen, dass Politik dat versteet.

Wat kanns du maachen?

Déi kommend Woche sinn entscheedend! Tweet oder schreif eng E-Mail un deng EU Deputéiert am JURI-Comité. De 26. a 27. Mäerz, entscheet eis Europa-Deputéiert mat iwwert den Internet-Filter. Notz d’Hashtags #CensorshipMaschine a #filterfail fir ze weisen, datt s du géint den Internet-Filter am Artikel 13 bass.

Lëtzebuergesch Europa-Deputéiert am JURI-Comité ass:

Mir hunn well e puer Tweets virbereet (Dat soll iech net dovunner ofhalen, selwer kreativ ze ginn):

.@mady_delvaux Stitt op fir eis Meenungsfräiheet online. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!

.@mady_delvaux Stitt fir eis Online-Privatsphär. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!

.@mady_delvaux Weist, datt iech Privatsphär a Meenungsfräiheet fir d’Bierger wichteg ass. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!

.@mady_delvaux Internet-Filter funktionéieren net. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!

Déi virgeschloen Internet-Filter wäerten d’Benotzer vu sozialen Netzwierker ausliwweren: Deng Hëllef ass gefrot!

Politiker wëllen déi Sozial Netzwierker fir deng Inhalter verantwortlech maachen. Dës Plattformen ginn dann gezwongen all deng Verëffentlechungen ze filteren an, en Algorithmus anzesetzen, deen entscheet wat publizéiert gëtt an wat net.

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, EU, Filter, Internetzensur, Lëtzebuerg, Meenungsfräiheet, Sozial Netzwierker, Tacheles, Zensur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel