Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend
Tacheles

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend

Eng Delegatioun vum Transportsyndikat ACAL-OGBL an der europäescher Federatioun vun

Immigratioun: de Jean Asselborn ergräift Positioun
Tacheles

Immigratioun: de Jean Asselborn ergräift Positioun

Nom Pressecommuniqué vun der consultativer Kommissioun vun de Mënscherechter (CCDH),

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!
Tacheles

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen

Tacheles: Flécken am Numm vun der Ëmwelt & dem sozialen Zesummenhalt

Tacheles: Flécken am Numm vun der Ëmwelt & dem sozialen Zesummenhalt

Op ee well oder net, hänkt all Mënsch sech fréier oder spéider un déi eng oder aner Saach. A wann et och nëmmen déi éischt Buermaschinn ass, mat där een seng éischt Wunneng renovéiert huet an déi engem laang a gutt gedéngt huet. Iergendwann kënnt dann awer de Moment, wou se de Geescht wäert opginn, an een net weess wien hautzedaags sou eppes nach gefléckt kritt.

Beim Repair Café geet et genau dorëms: hei versiche fräiwëlleg Elektriker, Mechaniker, Informatiker, Néieschen, Auermécher, an nach vill weider Berufssparten, de Saachen nees en zweet oder drëtt Liewen ze schenken.

Dëst geschitt awer net am stillen Kämmerlein, allerdéngs mat de Besëtzer vun de Saachen zesummen. Der Philosophie vum Repair Café no, sollt nämlech och deen dee net an der Reparatur bewandert ass, d’Chance kréien sech um Prozess vun der Reparatur ze bedeelegen.

Meeschtens ass et och esou, dass et net ausbléift dass den Aparillo ausernee geschrauft gëtt an et seng Zäitche braucht bis ee genau weess u wat de Problem dann elo genau hänkt.

Beschte Falls kritt een d’Saach erëm un d’goen, anerersäits bléift soss dann awer nëmmen de Wee op de Recycling – wann et net dach nach d’Méiglechkeet gëtt aner Stécker ze recuperéiere fir erëm villäicht anerwäerts anzesetzen.

Gefléckt gëtt prinzipiell alles soulaang et och Géigestänn sinn déi een och op déi jeeweileg Plaz erakritt. Fir deen dee sech net sécher op en déi eng oder aner Saach matbrénge soll, kann déi Persoun sech gäre bei eis am Virfeld mellen.

Iwwert Eis

De Repair Café entsteet am Fong enger Iddi aus Holland, déi mir einfach op eisem Deel vun der Weltkaart weidergesponnen hunn; an dat, zu eiser Freed, mat groussem Erfolleg.

Et ass keen Evenement deen net gutt besicht ass, oder wou een net ëmmer erëm op een Neits de Saz ze héiere kritt: “Schéin ze gesinn, dass et nach Leit wéi Äerch gëtt, déi et nach flécke wëllen!”

Sou geet et beim Repair Café net nëmmen drëms de Saachen en neit Liewen ze
schenken, ma virun allem och ëm Ëmweltschutz an de Konsum u sech. Well deen dee seng Saache lokal flécke léisst, sou manner keeft an sech fir eng propper Entsuergung asetzt, falls dach Mol eppes sollt futti goen, mécht der Ëmwelt, der lokaler Wirtschaft an der Gesellschaft en Générale ee grousse Gefalen.

Dowéinst flécke mär och am Numm vun der Ëmwelt an dem sozialen Zesummenhalt!

Weider Informatiounen iwwert wee mär sinn a wou där eis untreffe kënnt op
www.repaircafe.lu

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Digital, Digitaliséierung, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel