Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Mam neien Audi A8 fräihänneg an de Büro
Tacheles

Mam neien Audi A8 fräihänneg an de Büro

Enn leschter Woch gouf am Garage Losch an der Diddenuewener-Strooss

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn
Tacheles

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Trotz internationale Protester huet d‘Regierung vum Sultanat Brunei seng Legislatioun

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer
Tacheles

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer

Um kommende Samschdeg organiséiert den Automobiles Club op een neits

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!

Tacheles: Gutt informéiert Wielen!

An erëm ass et esouwäit: all 5 Joer gi mir Wieler am Prinzip ëm ons Meenung gefrot, wann et dorëms geet, d‘Membere vun der Chamber fir déi nächst Legislaturperiod ze bestëmmen.

Nodeems sech am Uschloss un déi lescht Walen 2013 eng Dräierkoalitioun gebilt hat, fir d‘Geschécker vun dësem Land an d‘Hand ze huelen, fannen dës Kéier d‘Wahlen an Zäite vun Héichkonjunktur statt. Eng Tatsaach, déi awer a kengem Fall doriwwer ewechtäusche sollt, datt grad op internationalen Niveau vill Onsécherheete bestinn, déi alles anescht ewéi positiv ze bewäerte sinn.

Am Virfeld vun esou Walen ass et wéi ëmmer interessant ze verfollegen, wéi sech déi ëm d‘Gonscht vun de Wieler beméite Parteien opstellen – politesch bis haut wéineg, wann iwwerhaapt net an Erscheinung getruede Kandidate mat aus Funk an Tëlee bekannten Nimm, schéngen nees esou gefrot ze sinn, wéi all déi, där hir Nimm sech schonn duerch deen een oder aneren Elterendeel op der politescher Bühn, iwwert e gewësse Bekanntheetsgrad erfreeë kënnen.

Ganz dovunner ofgesinn, datt sech den eigentleche Wahlkampf zu Lëtzebuerg op e gänzlech minimalen Zäitraum reduzéiert, ass et méi wéi bedauerlech, datt och d‘Wahlprogrammer, déi deels ganz spéit virgestallt goufen, an déi eigentlech d‘Kärstéck vun der Meenungsbildung vun de Wieler sollt sinn, ëmmer méi zur Niewesaach ginn, a vun esou muenchem iwwerhaapt net zur Kenntnis geholl ginn.

A well et allsäits sollt bekannt sinn, datt sech d‘Gewënner um Wahlowend op e sougenannt kloert Mandat vun de Wieler beruffen, ganz speziell dann, wann et drëms geet, manner erfreelech Punkten aus hire Programmer ëmzesetzen, déi aus gewerkschaftlecher Siicht als Sozialofbau ze erkenne sinn, gëllt et grad elo virun de Wahle genee nozelauschteren an d‘Programmer vun de Parteie genau ënnert d‘Lupp ze halen.

Et ass nëmmen a voller Kenntnis vun der Saach objektiv méiglech, all deenen eng kloer Ofso ze erdeelen, déi och haut nach versiche mat geziiltem Sozialofbau, besonnesch bei deenen am ëffentlechen Déngscht beschäftegten, am Wahlkampf ze Punkten.

An der Extranummer vun der „fonction publique“ (déi elo un d‘Membere vun der CGFP erausgeet) sinn, wéi ëmmer viru Chamberwahlen, ons „Wahlprüfsteine“ enthalen. D‘CGFP stellt deenen zu Wahl stoende Parteien däitlech Froen, op déi eis Memberen eng kloer, onmëssverständlech Äntwert erwaarden – och wann dat esou muencher Partei offensichtlech schwéier fält.

Esou lount et sech besonnesch ze verfollegen, wéi eng Parteien d‘Meenung vun der CGFP an enger Rei vu Punkten deelen.

No duerchaus intensive Verhandlungen hunn sech d‘CGFP, an déi aktuell Regierung, jo bekanntlech de 15. Juni op en Ofkommes gëeenegt, duerch dat ënnert anerem déi absolut onsënneg, an fir déi nächst Generatioune kontraproduktiv 80/80/90 Regelung, zum 1. Januar 2019 ofgeschaaft gëtt. D‘CGFP fuerdert vun der zukünfteger Regierung, ganz gläich wéi se sech schlussendlech zesummesetzt, e kloert Bekenntnis zur integraler Ëmsetzung an termingerechter Ofstëmmung an der Chamber, ganz am Sënn vun enger gréisserer Attraktivitéit vum Ëffentlechen Déngscht an am Interessi vun alle Beruffsufänger.

Dees weidere gesäit d‘CGFP am Beräich „Sozialpolitik“, opgrond vu prall gefëllte Pensiounskeese mat beträchtleche Reserven, aktuell absolut kee Grond, weider Verschlechterunge bei Renten a Pensiounen an d‘A ze faassen, an erwaart sech vun deenen zur Wal stoende Parteien e kloert Bekenntnis, zum erhale vum bestoende gesetzleche Modell vun der Altersversuergung.

Dat selwecht gëllt selbstverständlech och fir d‘Bäibehale vum bewäerten Index-Mechanissem zur Ofsécherung vun der Kafkraaft vun alle Beschäftegten.

Doriwwer eraus, sollt net vergiess ginn, datt grad den zueleméisseg schlanken ëffentlechen Déngscht vu Lëtzebuerg, besonnesch während der EU-Rotspresidence am zweete Semester 2015, op e neits eng virbildlech Figur ofginn huet. Fir datt deem och an Zukunft nach esou ass, muss de partikulare Statut vun der ëffentlecher Funktioun als Garant vun der Onofhängegkeet, Onparteilechkeet, der Wierksamkeet a Bestännegkeet vum ëffentlechen Déngscht verdeedegt ginn.

Am Beräich vun der Steierpolitik, fuerdert d‘CGFP Nobesserunge vun der zum 1. Januar 2017 a groussen Deeler a Kraaft gesate Reform, ganz am Sënn vun enger gréissere Steiergerechtegkeet. Dozou gehéiert fir d‘CGFP eng weider Entlaaschtung vun de Menagen, esou wéi d‘Ofschafung vun der Steierklass 1A, déi zu Laaschte vun Elengerzéier a Witfrae/männer geet.

Och der Privatiséierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtunge muss e Reedel virgeluecht ginn, well déi an den allermeeschte Fäll zu engem Verloscht vun der Qualitéit a Präiserhéijunge gefouert hunn.

Wéi sech d‘Parteien zu dësen a villen anere wichtege Punkte geäussert hunn, dat alles ass an der Extranummer vun der „fonction publique“ nozeliesen.

D‘CGFP bleift sech awer senger an der Vergaangenheet befollegter Linn vu parteipolitescher Onofhängegkeet an ideologescher Neutralitéit trei, firwat et och dës Kéier keng Wahlempfehlung gëtt. Mee an den haidegen, turbulenten Zäiten, an deenen de Populismus an d‘Demagogie am politeschen Alldag ëmmer méi oft u viischter Front unzetreffe sinn, gëllt et fir de kriteschen, respektiv informéierte Wieler méi wei jee virdrun, mat killem Kapp, d‘Wahlprogrammer vun de Parteien ze analyséieren an esou säi Wahlrecht nëtzlech ze notzen, well mir mussen eis enger Saach bewosst sinn:

Mir Wieler hunn letztendlech elo d‘Wuert. Duerno wäert et nees fënnef Joer bis zu de nächste Chamberwahlen daueren, bis eis Meenung nees gefrot ass. Déi Zäit dierf net zum Sozialofbau, grad oder besonnesch am ëffentlechen Déngscht, genotzt ginn.

An dofir gëllt et grad elo, a voller Kenntnis vun der Situatioun, seng Wiel ze treffen.

Romain Wolff, CGFP-Nationalpresident

iwwersat aus dem däitsche vum Laure Schlesser

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CGFP, Chamberwahlen 2018, Romain Wolff, Wahlprogrammer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel