Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Asselborn: Katar-Kris duerch Dialog léisen
batman dating site radiometric dating vs carbon dating

loo voo dating

D’Katar-Kris huet scho säit Wochen d’Noriichtewelt am Grëff. Nodeems den CSV-Deputéierte

hose hook up
batman dating site radiometric dating vs carbon dating

Stol ass de Wierkstoff vu muer

Zu Saarbrécken hunn e Méindeg d‘Vertrieder vu sechs Bundeslänner eng

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht
batman dating site radiometric dating vs carbon dating

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht

14 Deeg laang huet d‘Rettungsschëff vun der däitscher Organisatioun Sea-Watch

Tacheles: Iwwert e visiounslose Walkampf zu Cliärref

Tacheles: Iwwert e visiounslose Walkampf zu Cliärref

An e puer Deeg wielen d’Bierger vun der Gemeng Cliärref fir eng éischte Kéier en neie Gemengerot, deen nom Proporzsystem zustane kënnt. Dobäi trieden dës Kéier Lëschten un, déi mat engem Programm d’Idealer vun hire Parteien vertrieden.

An de vergaangene Wochen hate mir dann och Zäit, fir eis Iddien un de Wieler ze bréngen. D’Parteien hunn am Kader vun hire Méiglechkeeten entweder Programmer un d’Haushalter ausgedeelt, op de Mäert an op der Braderie en Infostand gehat oder am Internet op der eegener Websäit resp. op de sozialen Netzwierker hir Visiounen fir Cliärref presentéiert.

Während de leschten 10 Joer gouf eis Gemeng, déi tëschenzäitlech mat Hengescht a Munzen fusionéiert ass, vun engem CSV-Buergermeeschter gefouert. Elo 2017 trëtt d’CSV nees un, fir sech d’Widderwal ze sécheren.

Wat dobäi opfält: der CSV schéngt all Loscht fir e Walkampf mat innovativen Iddien ze feelen! Net den Hauch vun enger Visioun, ewéi eis Fusiounsgemeng weider zesummewuessen a sech fit fir d’Zukunft maache soll.
Mat enger Broschür, déi éischter wéi eng Tourismusbroschür dohier kënnt, bitt een dem Bierger kaum Iddien un, wéi een an den nächste Joere viru fuere wëll. Op der Websäit vun der Mammepartei, wou fir Cliärref just d’Kandidate gewise ginn, feelt vun engem konkrete Programm all Spuer. Net emol déi grad beschriwwe Broschür ass do ze fannen.

Wéi den Emile Eicher a seng Equipe eis Dierfer zum Beispill besser vernetzen wëllen, grad elo wou vill Servicer aus dem cliärrwer Uertskäer op Maarnech plënneren, bleiwen se dem Bierger schëlleg. Genee esou wéineg Konkretes weise se eis, wat se fir d’Jugend areechen wëllen oder wéi se eis Gemeng fit fir d’Zukunft maache kënnen.

Am Virfeld vum Walkampf sinn esou zum Beispill Workshops organiséiert ginn, bei deenen nëmme verschidden Awunner vun eiser Gemeng invitéiert goufen. Hei sollt een als Bierger aktiv d’Zukunft vu Cliärref matgestallten. Ma och wa mir als Pirate fir méi Biergerbedeelegung stinn an dëst och konsequent ëmsetze wëllen, sou gëtt een den Androck net lass, datt dës Veranstaltungen en Ersatz fir e konkrete Walprogramm sollt sinn. Fräi nom Motto „Gestalt iech eise Programm selwer“.

Wéi de Suivi vun dëse Workshops ausgesäit, ginn d’Awunner fir den Ament net gewuer. Net emol d’Participanten vun dësen Aarbechtsgruppen wëssen, wéi et weidergeet. Dem Erzielen no, goufen Leedungsgruppen zesummegestallt, no wéi enge Kriterien an wie schlussendlech Member dovunner ass, wësse wuel just déi Ageweiten selwer.

D’Awunner verdénge méi ewéi dës Alibiveranstaltungen, wou dann awer hannert zouenen Dieren weidergeschafft gëtt. An d’Awunner verdéngen och méi ewéi e luoscht- a visiounslosen Kuerzprogramm, deen just d’Selbstsécherheet vun enger etabléierter Partei weist.

D’Piraten setze sech säit eiser Grënnung fir Transparenz a Biergerbedeelegung an. Mir trieden dofir un, fir am nächste Gemengerot reegelméisseg Biergerversammlungen duerchzesetzen, wou de Gemengerot den Awunner Ried an Äntwert stoe muss a wou d’Awunner och eege Projeten proposéiere kënnen.

Doriwwer eraus hu mir konkret Virstellungen, wéi mer aus eiser Gemeng den Hotspot fir innovativ Betriiber aus dem Beräich vun der Green Economy a fir d’Konschtschaafend kënne maachen: Cliärref soll sech net just als Futurehub mee awer och gläichzäiteg als Creativehub vum Norden etabléieren an mat engem Fotografie-Festival iwwert d’Landesgrenzen eraus als Stad vum Bild etabléieren.

Cliärref huet vill Potenzial. Mir wëllen et notzen! An mat enger neier a jonker Siicht op d’Saachen kënnen d’Piraten dozou bäidroen, datt Cliärref méi modern an dynamesch gëtt.

Eis komplette Programm mat Erklärvideoen fannt dir op eiser Websäit: http://klierf.piraten.lu

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Andy Maar, Klierf, Piratepartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel