Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!
Meenung Tacheles

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!

Haut ziele mir schonn 100 Joer, datt och d’Fraen d’Walrecht

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)
Meenung Tacheles

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)

Wann et zoutrëfft datt kee Mënsch fräi ass vu Feeler,

#MacronLeaks, erkläert
Meenung Tacheles

#MacronLeaks, erkläert

Och wann d’Walen elo eriwwer sinn, muss een sech iwwert

Tacheles: Wéi soll een dat bezuelen?

Tacheles: Wéi soll een dat bezuelen?

Wat waren dat nach Zäiten, wou een mat sengen Suen am Portmonnie an de Buttek gaangen ass an dann huet een mat Mënz oder Pabeiersgeld seng Wuere bezuelt. Haut ze Daags geet dat och nach. Obwuel et awer och onpraktesch ass. Et muss een ëmmer genuch Schäiner dobäi hunn a vun deenen villen Mënz déi den Portmonnie mat all Cent mei schwéier an onhandlech maachen mol guer net ze schwätzen.
Fir deem aus de Féiss ze goen kann een jo mam Plastik bezuelen. Neierdéngs souguer Contactless. Dat erméiglecht een NFC Chip an der Kaart. Deen hält een einfach bei den Kaartelieser an Zack, gëtt bezuelt. Einfach a séier.

Geet et méi einfach?

Jo, well duerch Digicash (oder payconig – d’StartUp gouf jo Opkaf) kann een einfach een QRCode scannen oder och mat NFC Technologie bezuelen. An dat mat sengem Handy. Dat ass nach méi praktesch, well den Handy hu mer jo souwisou well dauernd am Grapp an bezuelen geet zimlech séier. Eriwwer sinn Zäiten an deenen een huet missen a sengem iwwerfëllten Portmonnie no de richtegen Schäiner sichen oder verzweiwelt no deem blöden 20 Cent Stéck sichen dat sech iergendswéi am Mënzfach verstoppt huet.

Leider huet all dat opgezielten een Hoken. Et muss een zwangsleefeg bei enger Bank Client sinn. Wëll een dat? Deemools krut een bei de Banken alt mol nach gutt Konditiounen bei engem Spuerkonte. Haut muss een scho bal kräischen… An den Trend geet mëttlerweil och éischter an déi Richtung, datt een Bank nach extra bezilt fir Suen um Spuerkonte ze hunn. Den Fakt, datt een och een festen Wunnsëtz muss hunn fir iwwerhaapt een Konto kennen opzemaachen ass och net fir jiddereen ze erfëllen. Soite, d’Bank diktéiert engem schonn sou munches fir.

Mä et ginn och Méiglechkeeten fir de Banken aus de Féiss ze goen. An zwar mat de sougenannten Cryptocurrencies, also mat Kryptowährung. Suen déi ee kritt wann een eppes dofir mécht. An dësem Fall heescht dat “mining”. (Mining – An de Grouwen schaffen). Einfach ausgedréckt, et stellt een Rechenleeschtung zu Verfügung an et kritt een dann Suen a Form vun enger Kryptowährung. Déi bekanntsten sinn Bitcoin, Ethereum a Litecoin.

Dës Währungen ka jiddereen benotzen. Et luet een just déi néideg Software erof a kreéiert seng eegen “Wallet” (Wallet – Portmonnie). A schonns kann een Suen kréien a verschécken. Iwwert sougenannten “Exchanges” kann een och zum Beispill, Euro an Kryptowährungen ëmtauschen. Manipulatiounen si sou gutt wéi ausgeschloss well alles op der Blockchain Technolgie baséiert (https://de.wikipedia.org/wiki/Blockchain).
Bezuelt gëtt dann am einfachsten iwwert QRCode oder och mat NFC.

Dass dat ganzt och gutt funktionéiert weist zum Beispill Prag. Eng Stad wou een a ganz villen Geschäfter ka mat Bitcoin bezuelen. Och zu Berlin fënnt een dat eent oder anert Geschäft wat Kryptowährungen unhëlt. A wéi beim Euro, ginn et souguer passend Bancomaten. Alles komplett onofhängeg vun iergend enger Bank. Interessant ass et och fir méi kleng Butteker, well een beim bezuelen mat enger Kreditkaart bis zu 50% a méi vun der Marge un Visa oder Mastercard muss ofdrécken. Net esou bei Bitcoin, Ethereum a Co.

Mir géifen et begréissen wann dës Alternativen och hei am Land géifen Uklang fannen. Da kann een seng Mëtsch beim Bäcker villäicht och eemol mat Bitcoin bezuelen. Einfach, sécher a séier. Oh, wat waren dat nach Zäiten wou een huet missen mat Boergeld bezuelen…

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Bitcoin, Cryptowärung, Digital, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel