Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Neies am Dossier ArcelorMittal/ILVA: „Nach gëtt gepréift“
Meenung

Neies am Dossier ArcelorMittal/ILVA: „Nach gëtt gepréift“

Aus engem Communiqué vun ArcelorMittal gëtt ervir, datt de Lëtzebuerger

Coronavirus: Nee et ass keng Schoulvakanz!
Meenung

Coronavirus: Nee et ass keng Schoulvakanz!

Datt am Kontext vun der Coronavirus-Pandemie all d‘Schoulen an d‘Foyeren

dislike
Downing Street op der sich no engem Partner
Meenung

Downing Street op der sich no engem Partner

Während e ganze Koup, virun allem jonk Leit uechter ganz

Tacheles: Léisunge brauch eist Land

Tacheles: Léisunge brauch eist Land

1859 huet de Karl Marx säi Wierk „Kritik der politischen Ökonomie“ erausbruecht. De Jean-Marie Jacoby, President vun der KPL-Sektioun am Zentrum fënnt den Text aus aktuellem Ulooss passend. Nach ëmmer gëtt et keng Léisung fir d’Problemer, déi 2007 zur Kris gefouert hunn.

„An der gesellschaftlecher Produktioun vum Liewe ginn d’Mënsche bestëmmt, noutwenneg, vun hirem Wëllen onofhängeg Verhältnisser an. D’Produktiounsverhältnisser, déi enger bestëmmter Entwécklungsstuf vun hirer materieller Produktivkraaft entspriechen. D’Gesamtheet vun dëse Produktiounsverhältnisser bilt eng ekonomesch Struktur vun der Gesellschaft, eng real Basis, wouropper sech ee juristeschen a politeschen Iwwerbau erhieft an dee bestëmmte, gesellschaftleche Bewosstsinnsformen entsprécht.

D’Produktiounsweis vum materielle Liewe bedéngt iwwerhaapt éischt de soziale, politeschen a geeschtege Liewensprozess. Et ass net d’Bewosstsinn vun de Mënschen, wat hiert Sinn, mee ëmgekéiert hiert gesellschaftlecht Sinn, wat hiert Bewosstsinn bestëmmt. Op enger gewësse Stuf vun hirer Entwécklung geréit déi materiell Produktivkraaft a Widdersproch mat de virhandene Produktiounsverhältnisser, oder, wat nëmmen ee juristeschen Ausdrock dofir ass, mat den Eegentumsverhältnisser ënnerhalb vun deenen si sech bis elo beweegt haten.

Als Entwécklungsformen vun der Produktivitéitskraaft schloen des Verhältnisser a Fessele vun de selwechten ëm. Et trëtt dann eng Epoch vu sozialer Revolutioun a Kraaft. Mat de Verännerunge vun der ekonomescher Grondlag wälzt sech de ganzen Iwwerbau méi lues oder schnell ëm.

An der Betruechtung vun esou Emwalzungen muss een ëmmer ënnerscheeden tëschent dem materiellen, naturwëssenschaftlech trei ze konstatéierenden Emwalzungen an den ekonomesche Produktiounsbedingungen an dem juristesche, politesche, reliéise, kënschtlereschen oder philosophesche, kuerz ideologesche Formen, wouran sech d’Mënschen dem Konflikt bewosst sinn an en ausfechten.

Sou wéineg wéi een dat, wat een Individuum ass, no dem beuerteelt, wat et sech selwer bedéngt, genau sou wéineg kann een esou eng Emwalzungsepoch aus hirem Bewosstsinn beuerteelen, mee muss vill méi dëst Bewosstsinn aus de Widderspréch vum materielle Liewen, aus de virhandene Konflikter tëschent gesellschaftleche Produktivkraaft a Produktiounsverhältnisser erklären.

Eng Gesellschaftsformatioun geet ni ënner, ier déi ganz d’Produktivkraft entwéckelt ass, fir déi si wäit genuch ass, an nei, méi héich Produktiounsverhältnisser trieden ni a Kraaft ier déi materiell Existenzbedingungen vun de selwechten am Schous vun der aler Gesellschaft selwer aufgebrütet gi sinn.

Dofir stellt sech d’Mënschheet ëmmer nëmmen Aufgaben, déi se léise kann, well méi genau betruecht wäert ee steets erausfannen, datt d’Aufgabe selwer just entsprangen, wou déi materiell Bedingungen hirer Léisung scho virhanden oder wéinstens am Prozess vum Werden abegraff sinn.

A groussen Emress kennen asiatesch, antik, feudal a modern biergerlech Produktiounsweisen als progressiv Epoche vun der ekonomescher Gesellschaftsform bezeechent ginn. Déi biergerlech Produktiounsverhältnisser ass déi lescht antagonistesch Form vum gesellschaftleche Produktiounsprozess, antagonistesch net am Sënn vun individuellem Antagonismus, mee een aus de gesellschaftleche Liewensbedingunge vun den Individuen ervir wuessenden Antagonismus, mee déi am Schous vun der biergerlecher Gesellschaft sech entwéckelnde Produktiounskäft schafen zugläich mat de materielle Bedingungen zur Léisung vun dësem Antagonismus.

Mat dëser Gesellschaftsformatioun schléisst dofir d’Virgeschicht vun der mënschlecher Gesellschaft of.“

Vum Jean-Marie Jacoby, Sektiounspresident KPL (Zentrum)

Aus dem däitschen iwwersat vum Shari Pleimelding

D‘Meenungen si perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm

Ähnlech Sujeten Jean-Marie Jacoby, Karl Marx, KPL, Kris 2007, Kritiik vun der politescher Ekonomie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel