Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wien verschmotzt soll bezuelen! Spillt Engie do mat?
dating craftsman ratchets who is tate from american horror story dating

free dating sites bay area

Um Mëttwoch Moie hunn eng 20 belsch Greenpeace-Aktivisten d’Haaptentrée vun

https://moien.lu/european-hookup/
dating craftsman ratchets who is tate from american horror story dating

Romain Schneider an natur&ëmwelt: een Echange fir d’Natur

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a

A Katalounien hunn se sech nees fir d‘Onofhängegkeet entscheet
dating craftsman ratchets who is tate from american horror story dating

A Katalounien hunn se sech nees fir d‘Onofhängegkeet entscheet

Um Donneschdeg waren d‘Katalanen zur Wal opgefuerdert ginn. D‘Resultat dierft

Tacheles: Liesen an der Schoul

Tacheles: Liesen an der Schoul

Een Acteur, dee Jonker a Kontakt mat Literatur brénge soll an se am beschte Fall fir d´Liese begeeschtert, ass d´Schoul. Lo ass et fir mech selwer nach net esou laang hier, dass ech am Lycée war, a meng Erënnerungen doru sinn nach frësch, dowéinst géing ech gären e kuerzen a perséinlechen Aperçu ginn.

Réckbléckend muss ech feststellen, dass de Choix vun der Lecture dacks net gënschteg ass. Et schéngt, wéi wann do ëm all Präis d´Klassiker missten duerchgedrummt ginn, well déi eben zum gudden Toun gehéieren. Et kléngt einfach gutt, wann ee ka behaapten, et hätt een de „Faust“ gelies, a wann een dann och nach e puer Versen auswenneg zitéiere kann, dann ass een definitiv „Quelqu´un“. Ob ee bannendran awer dovun iwwerzeegt ass, dass „Faust“ esou eng flott Saach ass, ass dann awer erëm déi aner Fro.

Well wéi vill kann een an deem jonken Alter scho wierklech vun där komplexer Lektür fortdroen? Kann een do schonn alles erfaassen, ass ee räif genuch fir déi Sujeten, ëm déi et do geet? An ass dat iwwerhaapt eng Lektür, déi gëeegent ass, an engem Cours duerchgeholl ze ginn? Net nëmmen, dass een an der Schoul an deene wéinege Stonne just un der Iwwerfläch ka krazen, ouni an d´Déift kënnen ze goen, mä et besteet och de Risiko, deene Jonken eppes operleeën ze wëllen, fir dat se guer net prett sinn, an dass een hinnen domat d´Flemm andreift.

Mä wat genee kéint ee besser maachen? Ech denken, dass et zwee Haaptaspekter ginn, déi bei dëser Fro am Mëttelpunkt stinn.

1. Wat soll gelies ginn

En éischte Schrëtt wär et, d´Schoulprogrammer unzepassen, déi sinn nämlech deels säit Joren onverännert. Net nëmmen, dass do déi nei Auteure guer net virkommen an och keen nationaalt Wierk, mä dobäi kënnt nach, dass sech guer net un déi aktuell Liesgewunnechten ugepasst gëtt. Dass déi Jonk sech an hirer Fräizäit guer net méi mat Texter ausernee setzen, stëmmt nämlech net.

Den Text ass eppes immens Villsäiteges an et sinn ënnert deem Begrëff eben net just Romaner subsuméiert. Firwat net och emol eng Kéier e Songtext analyséieren, d´Dialoger aus engem Film oder engem Textadventure Game, ganz egal, Haaptsaach eppes, wat d´Majoritéit och interesséiert a wat hier net friem ass? Dat heescht jo net, dass een do muss stoe bleiwen a guer keng „richteg“ Literatur méi däerf enseignéieren. Mä et muss a mengen An e méi grousse Spektrum un Texter ofgedeckt ginn an et muss een sech do grondleeënd moderniséieren, wann ee mierkt, dass d´“Weltliteratur“ deene Jonke friem ass an een se iwwerfuerdert, wann een se net fir d‘éischt mat anere Saachen à la douce eru féiert. Ëmmerhi kéint esou och e kriteschen a kreativen Ëmgang mat Texter geléiert ginn, well e kriteschen Ëmgang mat enger Literatur, déi een net a senger Ganzheet kann erfaassen, ass net méiglech.

2. Wéi soll gelies ginn

Méi wichteg wéi d´Fro vum „wat“ ass awer menger Meenung no déi vum „wéi“. Wéi soll de Cours genee ausgesinn? An hei sinn ech der Meenung, dass dat gronleeënd misst reforméiert ginn.

Wat ech am Moment observéieren, ass, dass eng allgemeng Begeeschterung do ass, selwer ze schreiwen. Schonn déi normal Alldagssituatioun vun deene Jonke weist, dass si gäre kreativ mat der Sprooch ëmginn, nei Wuertspiller oder Schreifweisen erfannen, mat der Phonetik spillen etc. An dat maache si ganz intuitiv, ouni dass een hinnen dat seet. Firwat net do uknäppen? Firwat net méi op d´Textproduktioun setzen?

Ech ka mech erënneren, dass ech meng Leidenschaft fir d´Schreiwe schonn am éischte Schouljoer entdeckt hunn. Mir haten eng Joffer, déi grousse Wäert op Aufsätz geluecht huet an dat immens gefërdert huet. Hei, deemools wollt all Zweete Schrëftsteller ginn! Nach bis op 7ieme ass déi Tendenz bliwwen, fir déi méi héich Klasse gëtt de „Pittis Aufsatz“ dann awer net méi als usprochsvoll genuch ugesinn. Dat kann ee jo elo, ma dann ass ee elo prett, fir Goethe a Shakespeare ze liesen!

Wat een awer dobäi vergësst, ass, dass Schreiwen a Liesen zouenee gehéieren. Dat si keng zwou streng vun enee getrennten Disziplinnen. Wie sech gäre Saachen ausdenkt an op der Sich ass no interessante Formuléierungen, dee brauch Inspiratioun, dee muss léieren, wéi een en Text opbaut, wat e gudden Text ausmécht, e wëllt vum selwe wëssen, wéi déi richteg grouss Auteuren dat maachen a gesäit se als Virbild un.

Vläicht ass d´Fro jo einfach onglécklech formuléiert. Vläicht dierft se net heeschen: „Wéi motivéieren ech Jonker, ze liesen?“, mä vill méi: „Wéi begeeschteren ech déi Jonk fir d´Literatur?“. An dat maachen ech net, an deem ech den Auteur als eng Persoun beschreiwen, déi op engem Podest steet, déi sech „anormal“ behëlt a sech an hirem Bureau aspäert, an Isolatioun, fir ze schaffen. Nee, den Auteur ass eng Persoun wéi Dir an ech, deen sech Gedanke mécht, deen eppes matzedeelen huet an dat eben a schrëftlecher Form. Den Auteur, respektiv d´Tatsaach, Auteur ze sinn, däerf engem net friem sinn. Dowéinst schéngt mir d´Eruféieren un d´Literatur iwwert de Wee vum Schreiwen eng gutt Manéier ze sinn, well dann eng grondsätzlech Identifikatioun do ass, déi am anere Fall feelt.

Mä och wann ee reng beim Liese wëllt bleiwen, kéint ee scho villes erreechen, wann een dat anescht géing enseignéieren. Ech weess net, wéi et Iech geet, mä ech denken, den Haapt“ekelfaktor“, wann ech et emol ganz salopp esou nennen dierf, ass déi Gewunnecht, d´Buch net méi als Ganzt ze kucken, mä all Saz eenzel auserneen ze plécken a sech zum Beispill stonnelaang iwwert dem Effi Briest seng Schaukel ze ënnerhalen, anstatt fir d´éischt emol déi graff Thematik unzeviséieren. Et ass jo flott, wann ee weess, dass den Efeu, deen do wëll wiisst, dem jonke Meedche säin ongestüme Charakter reflektéiert, mä ass dat wierklech relevant? An dann déi Froen an der Prüfung: Wéi eng Faarf hat dem Jempi seng Mutz op der Säit 3? Wéini ass de Monni-Pätter-wat-weess-ech-wien gebuer ginn (nëmmen d´Joer ass ze nennen, Bonuspunkte ginn et fir de Mount a fir den Dag)? Wann ee Chance huet, kënnt och eng Meenungsfro vir. Mä wehe, et erkennt een net, dass et eng Fangfro ass an et schreift ee wierklech dohin, et géing een d´Buch schiel fannen! …

Dobäi wëlle Jonker duerchaus hier Meenung matdeelen, näischt léiwer wéi dat, awer nëmmen dann, wann se och wëssen, dass een se och eescht hëlt a respektéiert! Dat Gefill huet een eis zu menger Schoulzäit awer ni ginn. Mir haten einfach alles gutt ze fannen an dem Proff seng Interpretatioun ze akzeptéieren. Et gouf ënnerscheet tëscht „richteg“ a „falsch“, obwuel déi Ënnerscheedung an der Literatur feel op der Plaz ass.

Fazit

Eigentlech ass et net ideal, dass Literatur iwwerhaapt muss an enger Prüfung virkommen. Si gehéiert do u sech guer net hin, si léisst sech net „léieren“ an et ass scho guer näischt, wat als „Flicht“ oder „Muss“ soll ugesi ginn. Dass dat sech net ännere léisst, ass mir bewosst.

Fir de Rescht kann een, denken ech, mat guddem Wëll an andeems ee ganz dacks d´Schüler zu Wuert komme léisst a se freet, wat se vun der jeeweileger Literatur halen an der Manéier, wéi an der Schoul domat ëmgaange gëtt, scho villes erreechen. Ob déi Zoustänneg am Ministère an déi Proffen, déi säit 20-30 Joer déi selwecht Bicher mat ëmmer de selwechten Notize virun der Klass monologiséieren – wat einfach, dat muss ee soen, onheemlech bequem ass – dee Wëllen och matbréngen, dat sief da mol dohigestallt.

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an.d’Auteure sinn elleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Educatioun, Lëtzebuerg, Literatur, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel