Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Japan: Nei Beschëllegunge géint de PDG vu Renault-Nissan-Mitsubishi
Kultur Meenung best dating places london

infj dating istj

Fir de PDG vu Renault-Nissan-Mitsubishi, Carlos Ghosn, deen zanter dem

https://moien.lu/opening-lines-on-online-dating/
Kultur Meenung best dating places london

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff

Se waren net sou faul, wéi se sech et hätte

Geriichtsprozess statt Integratioun
Kultur Meenung best dating places london

Geriichtsprozess statt Integratioun

D‘Duerf Riace (Kalabrien) mat sengem Buergermeeschter war an der ganzer

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter

Wéi ech vum Tageblatt en Artikel mam Titel „Bequeme Künstler?“ gesinn hunn, war ech direkt interesséiert. A mengen Aen kann ze vill Bequemlechkeet der Konscht duerchaus schueden, wann ee just al Weeër ofleeft oder sech selwer ze wéineg erausfuerdert. Nom Liese vum Artikel war ech dann awer éischter schockéiert, well statt enger differenzéierter Meenung zum Thema hunn ech den Text ëmmer méi als Gestëppels ouni Fundament empfonnt.

Et geet lass domat, dass dem Schreiwen a Lëtzebuerg en Hobby-Charakter nogesot gëtt – e Mëttel géint d‘existenziell Langweil. Duerchaus e legitimme Point de Vue, mee wann dann awer d‘Behaptung opgestallt gëtt, Literatur misst aus existenzieller Drénglechkeet entstoen, an eise Problem a Lëtzebuerg wär eis deck Paie, kann ech de Kapp just rëselen. Kloer, e Wierk wéi dem Knut Hamsun säin „Hunger“ schreift ee wuel net nom Owendiessen an der gudder Stuff. Dem Auteur seng Aarbecht fänkt awer generell net beim Schreiwen an der däischterer Kummer, mee beim Kucken a Verstoen an der Welt un. Empathie ass hei ee Stéchwuert, Oppenheet en anert a Leidenschaft en drëtt. Zu engem gewësse Punkt kennen déi vun engem bestoende Leeschtungsdrock sécherlech erzwonge ginn, dësen awer als Grondviraussetzung unzehuelen, halen ech fir däitlech ze héich gegraff.

Spéider gëtt dann och suggeréiert, dass Konscht, déi net als Haaptbeschäftegung entsteet, manner wäert ass. Ech hu méi a méi d‘Gefill, dass mir vum eigentleche Problem ewechginn a just eemol mam Fanger op d‘Bequemlechkeet weisen, déi eise Staatsbeamte sou gär nogesot gëtt. Virun allem gëtt dann ëmmer erëm d‘Beispill vun enger Plaz an der Educatioun beméit, déi hei am Land méi attraktiv soll si wéi am Ausland. Dass gefillt all zweete bekannten Auteur bis zu sengem Duerchbroch an dëser Carrière geschafft huet, loosse mir mol ënnert den Dësch falen …

Kéint e Problem vun der Literatur a Lëtzebuerg och einfach dee sinn, dass fir verschidde Genren komplett de Buedem feelt, an en oppenen Austausch mat Kritiker bis viru kuerzem komplett quasi net stattfonnt huet? Ma genau déi Kritiker triede lues a lues op, an natierlech ass do och nach villes naiv, ass dëst dach eng ganz jonk Entwécklung. Och dorop gëtt am Artikel vum Tageblatt leider erofgekuckt. Schnell nach d‘Bild vum hippe Blogger nogehäit – keen huet hip Bloggere gär – fir vun den eegene, ganz wackele Behaaptungen ofzelenken: „Das bleibt so lange erträglich, wie man klare Trennungslinien zwischen Experten und Amateuren zieht. In der Welt des Internets werden gerade solche Grenzen immer poröser – was dann auch Auswirkungen auf die reale Welt hat.“

Jo, wat soe mir eréischt zu engem Master-Student an der Jury vum „Lëtzebuerger Buchpräis“? Dat kann dach kee guttheeschen, well een – sou den Artikel – per Definitioun als Student nach auszebildend ass! Als éischt mol ass all Mënsch per Definitioun auszebildend, kee vun eis all weess oder kann alles. A wär et elo ok, hätt dëse Student nom Bachelor opgehal, well da wär e jo net méi Student a soumat qualifizéiert, oder wéi? Dass sou wuel de Point de Vue vun anere Lieserschichten agebonne soll ginn, fir de Literaturpräis net am isoléierten Tiermchen ze verginn, gëtt ignoréiert. E besonnesch lëschtegt Detail un dëser Plaz: Am Artikel ass vun „unserem Verständnis“ d‘Ried, während de genannte Student selwer fir d‘Tageblatt schreift. Muss jo e lëschtege Kärel sinn, wann e seng eege Präsenz an der Jury net gutt fënnt.

D‘Fazit vum Tageblatt-Artikel ass dann, dass d‘Professionaliséirung vum Konschtschafende just da funktionéiere kann, wann an den entscheedende Momenter vun der Carrière dem lackelnde Ruff vum Kapital Widderstand geleescht ka ginn. Ei, wat e flott Feindbild, dat béist Kapital! Vläicht wëllen eben och vill Leit d‘Konscht bewosst als Hobby behalen an do och op héijem Niveau bedreiwen – laut Tageblatt-Artikel wuel ondenkbar. Vläicht ass och een Ausléiser fir déi gehemmte Professionaliséierung den, dass sech a Lëtzebuerg nach villes entwéckele muss, wat säit enger Zäitchen schonn am Usaz do ass, an op anerer Plaz Festgefuerenes misst opgebrach ginn. A vläicht, just ganz vläicht, hëlleft et och, ganz einfach de Marché ze verstoen, op dem sech en Auteur spéider beweisen a verkafe muss, nämlech andeems d‘Stemm vun Amateur-Kritiker a Studenten net just belächelt gëtt.

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Kultur, Lëtzebuerg, Literatur, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel