Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wien an dëse Gemenge Buergermeeschter ass?
free dating in atlanta christian dating site australia

dating with chinese girl

2017 ware Gemengewahlen an op ville Plazen huet sech eppes

speed dating basel english
free dating in atlanta christian dating site australia

Chantier Luxtram – d’Stad gëtt nei organiséiert!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier vum

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken
free dating in atlanta christian dating site australia

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken

Well net nëmmen an der Stad Leit gëtt, déi et

Free/Libre Open Source Software – E Stéck digital Fräiheet

Free/Libre Open Source Software – E Stéck digital Fräiheet

Open Source Software – ee Begrëff, den net vill Léit kennen. Een esou een Open Source Programm kennen déi meeschte sécher – Mozilla Firefox. Mee och déi Léit, déi deen net benotzen, sinn all Dag a Kontakt mat Open Source Software, well Open Source Software leeft ob deene meeschte Rechner, déi am Internet erreechbar sinn. Facebook, Twitter, Google a co. benotzen Open Source Software fir hier Déngschter de Léit bereet ze stellen.

Open Source bedeit à la Base, dass de Sourcecode, also dat wat Softwareentwéckler schreiwen, vu jidderengem ka gelies, benotzt a verännert ginn. Duerch dee Prozess ass et méiglech, dass méi Mënschen, ob der ganzer Welt, kënnen an engem kollaborative Prozess, zesummeschaffen an esou de Programm verbesseren oder nei Funktionalitéit bäifügen, ouni missen an enger Firma ugestallt ze sinn.

An den Achzeger, huet de Richard Stallmann, de Begrëff “Free Software” gepräägt. Fräi Software, muss der Definitioun no folgend 4 Fräiheeten erfëllen:

  1. D’Fräiheet, de Programm auszeféieren, wéi ee well, fir all Zweck.

  2. D’Fräiheet, d’Funktiounsweis vum Programm ze ënnersichen an den eegene Bedierfnisser unzepassen

  3. D’Fräiheet, de Programm weider ze verdeelen an domadder senge Matmënschen ze hëllefen.

  4. D’Fräiheet, de Programm ze verbesseren an dës Verbesserungen der Ëffentlechkeet fräi ze ginn, domadder déi ganz Gemeinschaft profitéiert.

Open Source Software bréngt vill Virdeeler um techneschen, gesellschaftlechen a finanziellen Niveau mat sech. Keng Software ass feelerfräi. D’Stäerkt vu fräier Software, beweist sech heiranner, dass jiddereen, deen déi technesch Fäegkeeten dozou huet, sech kann de Sourcecode ukucken an sou mat, zumindest ob Feeler a Schwaachstellen opmierksam maachen a jee nodeem, selwer besäitegen. Dermadder ass Open Source Software, meeschtens méi sécher, wéi proprietär Software. Weiderhin, kann een sech bei der Open Source Software, sécher sinn, dass si och nëmmen dat mëscht, wat de Softwareentwéckler ugëtt, wat se mëscht. Backdoors (Schwaachstellen déi absichtlech agebaut ginn, fir Kriminellen oder Sécherheetsdéngschter Zougang ob Donnéeën ze ginn) sinn esou bal onméiglech.

Déi meeschte fräi Software ass och gratis, mee dat bedeit net, dass een net ka Suen dermadder maachen. Déi wuel bekanntste Firma, déi dëse Credo vertriet, ass Red Hat. Si verkafe keng Software, mee bidde Support fir hier Software un. Jidderee kann sech dës Software eroflueden a benotzen well se Open Source ass. Mä net jiddereen ass een Technik-Guru. Bei Problemer kann een sech da Support bei Red Hat huelen, fir déi een da bezilt. Eng Software-Firma gëtt doduerch vum Produit-Hiersteller zu engem Déngschtleeschter.

Dëse finanzielle Virdeel huet natierlech och sozial Auswierkungen. Hautzedaags ass et bal onméiglech sech ee Liewen ouni Computer virzestellen. Ëmmer méi Servicer sinn nëmmen nach online erreechbar. Net all Famill kann sech deier Lizenze vu grousse Software Hiersteller leschte, wéi Microsoft & Co. A grad fir dës Famillen a Persounen, stellt Open Source Software een Garant duer, dass se kënnen an der Gesellschaft deelhuelen. Dës Konsequenz zitt sech och duerch d’Schoul. Well all Schüler soll natierlech och doheem Aufgabe maachen, déi nëmmen iwwert de Computer machbar sinn. Hei huet eise Staat leider a ville Punkte versot. An de Schoule gëtt quasi nëmme proprietär Software benotzt, déi sech net jidderee leeschte kann, a soumat gi Schüler an deene Famillje benodeelegt. De Staat gëtt all Joers Milliounen aus, fir Software-Lizenzen. Dobäi ginn et fir déi meeschte vun deene Programmer ganz gutt (wann net souguer besser) Alternativen aus der Open-Source Welt. Et ass eng Schan, dass de Staat Chancëgläichheet priedegt, mä aktiv dës duerch esou Prozeduren ënnergrueft. Hei gesäit een erëm gutt, datt z.B. Microsoft hei am Schoulsystem een ausseruerdentlechen béishaften a schiedlechen Lobbyismus bedreift. Well an der Aarbechtswelt gëtt vill mat fräier an oppener Software geschafft déi een Schüler hei a Land awer anscheinend net soll kenneléieren.

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Chaos Computer Club, Digitaliséierung, Open Source, Tacheles
Nächsten Artikel Virrechten Artikel