Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Vëlo huet eng Plaz an all Gemeng
Tacheles

De Vëlo huet eng Plaz an all Gemeng

Ëmmer méi Lëtzebuerger klammen op der Vëlo. Op der Gesondheet

Vu Brigangen an anere Gesellen
Tacheles

Vu Brigangen an anere Gesellen

D‘Chrëschtdeeg si fir d‘Police keng roueg Zäit, an esou dierften

Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul
Tacheles

Offiziell Aweiung vun der Clausener Schoul

Obschonns déi nei Zentralschoul a Clausen zanter der Rentrée vum

Tacheles: Schlofe géint de Stau

Tacheles: Schlofe géint de Stau

D‘Iwwerschrëft vun dësem Text kléngt e bësse komesch. Wéi soll da w.e.g. schlofe géint de Stau all Moien op eise Stroossen hëllefen? Ma eigentlech ass et ganz einfach, loosst mech meng Iddi erklären.

Stau entsteet ënner anerem doduercher, datt zu engem bestëmmten Zäitpunkt X ze vill verschidde Leit mat hirem Auto op de selwechte Stroossen ënnerwee sinn an och nach déi selwecht Destinatioun hunn. Zu Lëtzebuerg trëtt dësen Zäitpunkt X, laut enger grouss ugeluechter Etüd vum Nohaltegkeetsministère, virun allem Moies tëscht 7 an 8 Auer an. Dat schéngt jo och logesch ze sinn. An de Geschäftsstroosse gesäit een ab 8 ëmmer méi Mënschen, déi meescht Leit fänken dann och u mat Schaffen an an all de Schoule gëtt ab deem Moment nees mat vill Kräid op d‘Tafele geschriwwen. De Schoultransport ass heibäi och net ze ënnerschätzen. Laut besoter Etüd si 25-35% vun den enregistréierten Trajeten zu där Zäit de Schülerinnen a Schüler zouzeuerdnen. Lo stellt iech vir, de ganze Schoultransport géing eréischt eng Stonn méi spéit ufänken. Wéi et ass, wa guer keng SchülerInnen an hire Lycée mussen, gesi mer an de Schoulvakanze – an do rullt den Trafic op de Stroossen.

Meng Iddi ass also d‘Schoulen, oder méi genau d‘Lycéeën am Land alleguerte eréischt géint 9 Auer ufänken ze loossen, an net ewéi aktuell um 8. Dat eleng léist de lëtzebuerger Verkéiersproblem net, mä entspaant d‘Situatioun awer op d‘mannst e bëssen, well eben net méi ewéi bis elo, jiddereen zur gläicher Zäit op di selwecht Plaz muss. Nieft der besserer Situatioun op de Stroossen duerch manner Autoen a Busser, ass d‘Situatioun an den Zich och däitlech verbessert. Tëscht 7 an 8 passen do, well jo keng SchülerInnen drasetzen, op eemol nees méi Leit, déi schaffe goe mussen, eran, an esou sinn nach eng Kéier manner Autoen op de Stroossen.

Elo ass et esou, datt d‘Iddi vun engem méi spéide Schoulufank moies eigentlech guer näischt mam Trafic ze dinn huet. Den entlaaschten Trafic wier also hei just en Nieweproduit. D‘Lycéeë solle méi spéit ufänke fir sech esou dem Biorhythmus vun de Jugendleche unzepassen. Bei de Jugendlechen verréckelt deen nämlech ab dem Alter vun 12-13 Joer eng gutt Stënnchen no hannen. Dat ass elo keen esoteresche Blödsinn, deen ech hei verzielen, mä tatsächlech vun empirescher Wëssenschaft bestätegt. Dat ass dowéinst relevant, well déi Jugendlech doduercher um 8 Auer nach guer net fit si fir an der Schoul uerdentlech opzepassen oder esouguer Prüfungen ze schreiwen. Net nëmme sinn d‘SchülerInne méi leeschtungsfäeg, wann se déi eng Stonn méi laang am Bett dierfe leie bleiwen, mä se sinn och insgesamt méi gesond, fillen sech allgemeng besser, schwänze manner oft de Cours a kréie manner oft Depressiounen.

Wien elo seet, datt déi Jugendlech einfach di Stonn éischter solle schlofe goen, deen huet dat mam Biorhythmus net ganz verstan. Dat ass quasi d‘“Innere Uhr“ vun eis Mënschen, an déi verstellt sech net doduercher, datt d‘Elteren hir Kanner éischter an d‘Bett zwéngen. Méi wéi een Zwénge wier et och net, de Jugendlechen ass dann nämlech nach net midd. Mol ganz dovunner ofgesinn, datt een Teenager an der Pubertéit sech net esou einfach vu sengen Eltere virschreiwe léist, datt en allerspéitsdens um hallwer 11 ze schlofen huet.

Déi gréisste Kritik, déi mir entgéint bruecht gëtt, wann ech vun dëser Iddi schwätzen ass, datt d‘SchülerInne jo dann awer am Nomëtte méi laang an der Schoul misste bleiwen. Dat ass och net falsch, mä vill Leit vergiessen, datt een de Schoulhoraire insgesamt verännere kann. Esou ginn et beispillsweis Lycéeën, wou d‘SchülerInnen 2 Stonne Mëttespaus hunn, déi kann ee kierzen. Aner Lycéeën hunn haut schonn en Horaire, dee seng SchülerInnen all Dag kuerz no 2 heemschécken. Wann sech dat op kuerz no 3 verréckelt, huet een ëmmer nach genuch Zäit am Nomëtte fir Hobbies a Frënn.

Schlofe géint de Stau. Héiert sech elo mengen ech guer net méi esou komesch un.

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten Infrastruktur, Lëtzebuerg, Schüler, Stau, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel