Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!
[onionbuzz quiz-id=199][/onionbuzz] Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land.
[onionbuzz quiz-id=199][/onionbuzz] Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land.
Zrécktrieden oder bleiwen? Tëscht dem däitschen Inneminister Horst Seehofer (CSU)
D’Stater Philharmonie deelt mat, datt opgrond vun den neie Restriktiounen
Een uerdentlech Stéck Geschicht ass gëschter nees a ganz Däitschland gefeiert ginn. Den 3. Oktober erënnert een sech un d’Opléisung vun der Däitscher Demokratescher Republik (DDR) an de fräien Zougang zur Republik Däitschland (West-Däitschland). Méi prezis handelt et sech ëm den Dag vun der Wiedervereenegung. Den Tag der Deutschen Einheit ass domadder säit 1990 en Nationalfeierdag.
Mulitmediashow „Dem Deutschen Volke“ © Kelly Scholtes
Ma och an der däitscher Haaptstad Berlin gouf den historeschen Dag grouss gefeiert. Zum 29. Joresdag vun der Däitscher Eenheet ginn nach bis den 5. Oktober zeg Attraktioune gebueden. Virun allem virum Reichstag, sou wéi och an der Strooss vum 17. Juni, direkt beim Brandenburger Tor, fënnt ee klengt Biergerfest statt. Ënnerschiddlech Artisten aus den Beräicher Comedy, Musek, Konscht, Poetry-Slam an Theater trieden op a bidde Grouss a Kleng eng kulturell Diversitéit un.
© Kelly Scholtes
Vill Leit hunn dësen 3. Oktober grouss gefeiert. Muncher een ass allerdéngs einfach frou, ee feste Feierdag am Joer ze hunn a verbënnt näischt Besonnesches mat dësem historeschen Dag. Esou huet beispillsweis een 25 Joer jonke Student zouginn, datt hien den 3. Oktober eigentlech nach ni anescht wéi een normale fräien Dag erlieft huet. An dat, obwuel hien a Westdäitschland, e puer Joer no der Wiedervereenegung, gebuer ginn ass. Eréischt duerch säi Studium an Bekanntschaften huet hien sech schliisslech méi mam Thema beschäftegt.
Opmaacherbild: © Kelly Scholtes