ALJP veruerteelt Beholl vun ADR-Deputéierten

De Verband vun de Journalisten ALJP huet sech an engem Communiqué iwwert de Beholl vum honorabelen Deputéierte Roy Reding (ADR) beschwéiert. Et gëtt dësem zum Virworf gemaach, hien hätt esouwuel d‘Telefonsnummer vun der Aarbecht, wéi déi Mobil-Nummer vun engem Journalist ëffentlech gemaach. Dat ass net nëmme frech…

De Kontext: ee Beruffskolleeg déi bei Edit-Press schafft, huet sech fir seng Recherchen op der Plattform „Telegram“ an enger Grupp vun Impfgéigner (NëtgepicktLU2.0) agedroen. An dësem Grupp war dem Journalist den Numm vum Affekot an ADR-Deputéierte Roy Reding opgefall. Dësen huet de Politiker ugeschriwwe a gefrot, op hien d‘Zougehéieregkeet zum Grupp bestätegt.

An der Äntwert vum Roy Reding, déi natierlech an der Grupp getätegt gouf, hätt de Jurist dem Journalist déi schonn aganks erwäänten Telefonsnummere mat publizéiert. De Journalist ass per Telefon belästegt an/oder harceléiert ginn, an déi „aner“ Membere vum Grupp hunn sech och publizistesch am Grupp goe gelooss. Et heescht et géif versicht de Journalist anzeschüchteren.

Dem Honnertkommasiwe géinteniwwer, dee beim Deputéierten nogefrot hat wéi een sech esou eppes kéint leeschten, huet de Roy Reding da gemengt, hien hätt net op d‘Signatur an der eMail uechtgedoen.

Dozou seet den Tageblatt Chefredakter Dhiraj Sabharwal dem Honnertkommasiwen: « Den Här Reding wosst ganz genee, wat hie géif maachen. Et ass e schlechte Ligener, well et ass esou kloer, dat doten ass e Versuch Drock op déi fräi Press auszeüben, an dat och nach mat de gängege Mëttele vum Rietspopulismus. Dat kenne mer aus dem Ausland, an do sollte mer ganz gutt oppassen. »

Bei Edit-Press iwwerpréift een zur Stonn, ob a wéi eng rechtlech Schrëtter géint den Deputéierte kënne virgeholl ginn. Domadder ass Lëtzebuerg am Concert vun den aneren europäesche Länner ukomm. Dat Ganzt fänkt un ee bedreelecht Ausmooss ze kréien…

Annex: Communiqué ALJP

Dernières nouvelles