Wouhinner mat den Afghanen?

Am Kontext vun der nach ëmmer unhänglecher Kommunikatioun vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LDR), huet den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) no enger éischter Interventioun nach emol Positioun bezunn.

Aus dem Communiqué vum Ministère gëtt ervir, datt am Bezuch op d‘Demande fir internationale Schutz vun de Leit aus Afghanistan, déi administrativ Decisioun nach net vollstänneg suspendéiert ginn ass. De Minister Asselborn statuéiert och weider iwwer d‘Dossieren, bei deenen déi juristesch Konditioune fir d‘Eligibilitéit vum internationale Schutz erfëllt sinn. Dat gëllt esou och fir déi Akte wou duerch Onzoustännegkeet an/oder Irrecevabilitéit soldéiert goufen.

Zanter dem 15. August sinn 39 Accorde fir den internationale Schutz vun Afghanen notifiéiert ginn. Et hätt awer, esou de Communiqué, eng Rei Decisiounen déi suspendéiert wieren. Dat wëll et an den Dossieren entweder net genuch Informatiounen oder keng vertrauenswierdeg Informatiounen huet. Hei gëtt elo drop gewaart, datt sech d‘Lag am Afghanistan nees eppes berouegt, fir da mat méi Recul op de Besoin vun internationalem Schutz kennen anzegoen.

Esou wéi déi méi kriddeleg Dossiere vun den Demandeuren den Ament ausgesinn, riskéieren d‘Leit ee Refus. Déi juristesch Verwaltungen hunn hir Positioun därer vum Jean Asselborn ugeglach, wat de Betraffenen an hiren Affekote weider Zäit gëtt, fir all déi Elementer, déi zugonschte vun engem internationale Schutz schwätzen, nach anhuelen ze kënnen. Dat wieren déi Mesuren déi elo hei nach zur Verfügung stinn. An dat huet ee gudde Grond, wéi d‘Argumentatioun weist.

Hätt et gëschter missen eng Decisioun zu den Dossiere ginn, hätt déi gewëss deem engen oder anere Ressortissant aus Afghanistan geschuet. Esou wéi et dann och vum LFR erkläert gouf, ass de Prinzip vun der individueller Etüd vun all Demande eng international Verflichtung fir Lëtzebuerg. Bei eis gëtt also all Dossier ganz individuell behandelt. De Minister weist nach drop hin, datt zur Stonn d‘EASO un enger gemeinsamer Approche fir déi ganz Unioun schafft.

Illustratioun: D‘Suerg ëm d‘Sécherheet vun den Afghanen ass duerchaus berechtegt. An et sinn hei och net nëmmen déi Mënsche wou direkt fir de Besatzer geschafft hu bedreet. Fraen déi sech un ee selwer bestëmmte Liewe gewinnt hunn, Mënscherechtsaktivisten an Kollaborateure vu westlechen Hëllefsorganisatiounen a soss ONGen, kéinte vun den Taliban zu Rechenschaft gezu ginn. © Ahimetalor Akhere Unuanona / unsplash

Dernières nouvelles