Gratis Antigen-Tester fir Aarbechter mat enger éischter Impfdosis

D’Stëmmung iwwert de Gesetzesentworf 7924 bedeit, datt déi nei Mesuren am Kampf géint de Coronavirus a Kraaft trieden.

Dozou gehéiert och d’Aféierung vun der 3G Reegelung op der Aarbechtsplaz, déi ab dem 15. Januar 2022 Flicht ass.

Dës Moossname solle fir méi ee séchert Aarbechtsëmfeld suergen, schliisslech gëllt et nach ëmmer eng Pandemie ze bekämpfen. An dësem Kader muss all Aarbechter entweder een gültegen Impfpass oder een Certificat virweisen, deen beseet, datt hien d’Infektioun schonn hat a gesond ass. Eng weider Méiglechkeet ass een gültegen PCR-Test.

Aarbechter, déi hier éischt Impfung schonn hannert sech hunn, kënne sech – bis datt si déi zweet Dosis kréien, ab dem 14. Januar 2022 reegelméisseg teste loossen. Dat wäert näischt kaschten. Fir vun dëser Offer ze profitéieren, kréien si 20 Coden. Dës erméiglechen 20 Antigen-Tester an engem vun de fënnef, vun der Arméi verwalten Testzentren duerchzeféieren, bis datt de vollstännegen Impfschema erreecht ass. Dëst gëllt bis den 28. Februar 2022.

D’Rendezvousen, kënnen op der Websäit www.covidtesting.lu gemaach ginn. Dës ass ab dem 10. Januar 2022 zougänglech.

Dernières nouvelles