Covid19: Impfungen an der Apdikt méiglech

Vum 26. Februar 2022 ass et méiglech sech an ënnerschiddlechen Apdikten impfen ze loossen.

Dofir muss och net op déi üblech Invitatioun vum Staat gewaart ginn, eleng ee Rendezvous huele geet duer. Dobäi kann all Persoun iwwer 12 Joer un dëser Aktioun deelhuelen.

D’Lëscht vun den Apdikten, déi d’Impfungen duerchféieren, gëtt reegelméisseg aktualiséiert a kann hei agesi ginn.

Disponibel sinn RNA- a Janssen-Impfstoffer. Ugebueden gëtt esouwuel déi primär an och déi déi sougenannte Booster-Impfung. Et bleift dobäi, datt Kanner ënner 12 Joer an engem Impfzenter oder an enger Praxis geimpft musse ginn.

Den Oflaf vun den Impfungen an den Apdikten ass esou ewéi iwwerall – et gëtt een opgeholl, geimpft an dann däerf nach 15 Minutten an engem Rousall gerascht ginn.

All weider Informatioune fannt dir hei.

Dernières nouvelles