Sticky Flames – Eng Ausstellung déi beweegt

Um haitege Freideg erëffent am Kader vun der „Art Week“ de Casino Lëtzebuerg Display am Konschthaus beim Engel (1 Strooss vun der Loge) eng ganz interessant Gruppenausstellung. Et ginn hei d‘Kreatioune vu fënnef jonken Absolvente vun dräi Konschthéichschoulen aus der Groussregioun a Bréissel ugebueden.

Realiséiert gouf dat Ganzt mat der philosophesch-kënschtlerescher Vereenegung „Mnemozine“. Den iwwergräifende Sujet bezitt sech op d‘Froestellung zum Kierper an dem Affekt (Bodies, Objects an Affects). D‘Konzept selwer gëtt presentéiert als: philosophesch, epistemologesch, gesellschaftstheoretesch an ästhetesch. Wat domadder gemengt ass, erkläert sech beim Kucken.

Sticky Flames
© Martine de Lagardère / moien.lu

Trotzdeem: de Kierper versteet sech als onmëttelbaren Träger, ausféierend Mëttel a Produzent vu sozialen „Uerdnungen“. Affektiv Kräften an déi domadder verbonne kierperlech Ausdrocksformen ënnerleien engem Spannungsverhältnis tëscht Geschicht a géigewäerteger Ëffentlechkeet, soziale Kontakter an dem Individuum. Bannent dëse Reiwungsflächen erëffnen sech transformativ Reflexions- an Handlungsraim an wierklechen, wéi och virtuelle Welten (hei sozial Netzwierker).

An de soziale Medie gi jo déi bestoend Verhältnisser, Uerdnungssystemer, Denkmuster hannerfrot, woubäi awer och déi sozial Verbonnenheet offenbaart gëtt. Dat huet zuweile ganz komesch an net ëmmer gefälleg Konsequenzen.

Sticky Flames
© Martine de Lagardère / moien.lu

Forme vun der Mobiliséierung, dem Widderstand an dem „Empowerment“, esou beispillsweis d‘Kierpersprooch, feministeschen an/oder LGBTQIA+ Aktivismus, déi gesellschaftlech an individuell Ausenanersetzung mat, ënnert anerem der Verletzlechkeeten, der Onsécherheet den Ängschten an Depressiounen, reagéieren op Kierperidealer a festgefueren Normalitéiten a riichten de Bléck op dat „anert“. Kollektiv reproduzéiert sech eng gedeelte mënschlech Erfarung.

Muer Samschdeg huet et dann nach ab 18 Auer e flotten „Event am Event“. Mat Performancen a Liesungen, ginn déi Konschtschafend op hir Kreatiounen an. Am Uschloss gëtt eng oppen – vu Mnemozine moderéiert – Diskussioun mam Public. D‘Verkéierssprooch ass Englesch an natierlech gëllt de CovidCHeck Regime. D‘Ausstellung selwer leeft bis Sonndeg de 5. Dezember.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Dernières nouvelles