Carte Blanche: Bommen a Konfetti

Wann Dir och schonn zanter e puer Deeg d’Gefill hutt, datt Äre Mo sech zesummen zitt – dann sinn ech ganz bei iech. Mir hunn bis zum leschte Moment gehofft, datt ee Krich evitéiert ka ginn, elo wësse mir, datt dës Hoffnung näischt bruecht huet.

A lo sëtze mir hei – an eisem privilegéiertem Liewen zu Lëtzebuerg a kucken ängschtlech d’Noriichten. D’lescht Woch waren uechtert d’Land ënnerschiddlech Fuesbaler. Fir Grouss a Kleng. De Krich, nëmmen e puer Fluchstonnen ewech, hannerléisst dobäi ee batteren Nogeschmaach.

Krich a Fuesent. Konfetti zu Lëtzebuerg, Bommen an der Ukrain. Geet dat zesummen? Ech weess et net.

Dat eenzegt, wat ech weess, datt ech nach ni esou vill verkleeten Kannerzaldote gesinn hunn. Dat hunn ech e bëssen onpassend fonnt. Mee villäicht iwwerdreiwen ech jo. D’Suerg, datt sech dës weltpolitesch Kris verschlëmmert, ass net ewechzedenken.

Nach ëmmer ginn et vill eeler Matbierger zu Lëtzebuerg, déi gutt nofille kënnen, ewéi et de Mënschen an der Ukrain geet. Op där anerer Säit soll ee Versteesdemech fir Baler, Liesungen an Eventer opbréngen. Si bréngen d’Mënschen zesummen a ginn Trouscht. D’Liewen huet zwou Säiten – a leider si Freed a Leed matenee verbonnen.

D’Flüchtlinge sinn ënnerwee, méi ewéi 100.000 Schutzbedürfteg siche séchert NATO-Gebitt. Mir kënne leider net vill un dëser Situatioun änneren.

Ma wat mir awer maache kënnen, ass dankbar sinn an eis onse Privileegie bewosst sinn. Mir mussen dem Zoufall oder den Ëmstänn dankbar sinn, a wéi engem Land mir liewen. Datt de Supermarché ëmmer voll ass, datt keng Bomme ronderëm fléien an datt mir ouni Sireene sécher aschlofe kënnen. Mir beschwéieren eis dacks iwwert Topegkeeten – mam Bléck an den Oste verblatzen dës.

Mir mussen eis net fir d’Privileegien entschëllegen, ma mir sollen se awer och net selbstverständlech huelen.

Dernières nouvelles