De Bongert… en natierleche Partner fir d‘Biodiversitéit

Um Samschdeg hat déi Biologesch Statioun SIAS op Ouljen agelueden, wou si de leit gewisen hunn wéi een ee Bongert uleet. D‘Bongerte gehéiere mat iwwer 5.000 Déieren- a Planzenaarten zu den aarteräichste Liewensraim an eise Breedegraden. Si vereenen d‘Eegeschafte vu klenge Bëscher mat hirem Ënnerwuess an de bléiende Wisen.

Ganz ofgesi vum Fait, datt Bongerten och „Liewensmëttelproduzente“ sinn, sinn si immens wichteg fir d‘Vullen, d‘Flantermais an der Däiwel vill Insekten. Optimal ass ee Bongert, deen och al Beem, wou net méi esou ertragräich sinn (bis zu 10%) enthält. Äppelbeem si besonnesch gëeegent, wëll si méi liicht wéi aner Zorten, Bamhiele bilden, déi sech als Ënnerdaach fir vill Insektenaarten ubidden.

Wann den Uebstbaam generell d‘Haaptroll am Bongert spillt, esou geet et net ouni Wiss. Fir datt hei all Joers vill verschidde Blummen hirer kooperativer Roll kënne gerecht ginn, sollt d‘Wiss ee bis zu dräimol geschnidde ginn. Als Alternativ bitt sech och un, d‘Wiss vu Schof ofgrasen ze loossen, datt allerdéngs net extensiv, et ass wichteg datt hei gréisser Rouzäiten agehale ginn. Firwat dat ganzt?

SIAS
© Laurent Hoff / moien.lu

Ma déi bléiend Wise sinn net nëmme Liewensraum fir Beien, mee ganz wichteg fir hire Bestand. Ass de Beie-Bestand ze geréng, klappt dat mat der Bestëbsung vun den Uebstbeem net méi. Esou kann een zäiteg an een Däiwelskrees geroden. Dobäi sollt jo mëttlerweil alle bekannt sinn, datt mir Mënschen ouni déi gratis Ënnerstëtzung vun de „Bestëbser“ och dem „Ënnergang“ geweit sinn.

Elo kéint et eis egal sinn, well an de Supermarchéë sinn d‘Regaler ëmmer gefëllt, a wat këmmert et eis de Bongert zu Lëtzebuerg? Et ass nu emol weder egal nach sollt een d‘Wirtschaftlechkeet an der Virdergrond setzen. Gesäit ee weiderhin dovunner of, datt de Bongert deel vum landwirtschaftleche Patrimoine ass, esou sollt een net vergiessen, datt hei och Beem erhale bleiwen, déi seele ginn.

SIAS
© Laurent Hoff / moien.lu

Haut ass jo alles op maximal Produktivitéit ausgeluecht, an d‘Uebst muss sech och nach gewësse „Schéinheetsidealer“ entgéintstellen. Goût, Ernierungswäert a den erfreelechen Ubléck am Verlaf vun de Joreszäiten… dat hu vill Mënsche längst verdrängt, et verbréngt ee seng Zäit anscheinend léiwer um Handy oder soss anzwousch am Netz. Mat dëser Aktioun gëtt deem entgéintgewierkt.

D‘Leit jiddefalls, wou sech ee Samschdeg bei bäissender Keelt un dësem Workshop bedeelegt hunn ware begeeschtert. Et war net nëmmen eng immens flott Aktioun, déi an all eise Gemenge sollte stattfannen, nee natierlech och Appell un d‘Vernonft an de Verstand. Wat eis Guddes undeet, soll een erhalen, an dat bescht, net nëmme ka jiddereen e Beitrag leeschten, et kann een och profitéieren.

Dernières nouvelles